Soll no 15 Joer d‘Verfassungsreform nei opgeholl ginn?

Fir déi lénk bréngt den aktuellen Ëmgang mat der Verfassungsreform méi Problemer mat sech, wéi et der Brauch, firwat si sech eege Gedanke gemaach hunn

D‘Pressekonferenz vum Freideg war aleedent emol d‘Geleeënheet ee schänterlech-politescht Koméidisstéck ze denoncéieren. En onwierdege Spektakel an de Beweis vun Iwwerhieflechkeet. Et kann een hinnen, bezunn ob den Echange an der Chamber an duerch transposéiert Medien, dat bedauerlecherweis nëmme bestätegen. Interessant awer och: si hu keen ausgelooss oder verschount.

Si stelle fest, wat jo schonn ëfters thematesch an eise Säite behandelt ginn ass, datt den aktuellen Dissens an éischter Linn un engem gebrachene Versprieche festzemaachen ass. D‘CSV zesumme mat de Koalitiounsparteien ass jo rezent och der Usiicht gewiescht, datt esou kleng punktuell a streng gesinn, rhetoresch „Upassungen“, net der Ried wäert sinn, an een dat elo einfach mécht.

Datt d‘CSV bei der Verfassungsreform allerdéngs wéi mat der Iechternacher Sprangprëzessioun ëmgaange ass, leet no, datt et hannert verschlossenen Diere muss zu engem Kouhandel komm sinn. Datt hei allerdéngs d‘Rechnung ouni d‘Raabelkäpp bannent der ADR gemaach gouf, an déi sech elo hei positionéiere kënnen, wat sech schéngt opzegoen, dat hätt ee sech erwaarde kënnen.

Et huet jo an dësem Kontext och eng Rei Petitiounen, déi, esou zumindest behaapten et déi lénk, aus eben dem Donstkrees ADR/Wee2050 entspronge sinn. Dat ass duerchaus méiglech, woubäi nach dierft ze bemierke sinn, datt jiddereen dierf eng Petitioun maachen, also folgerichteg och därer Mënschen, déi engem net zwéngend politesch nostinn. Esou funktionéiert jo d‘Demokratie (nach).

Ob sech, wéi et jo zum Ausdrock bruecht gouf, d‘ADR ni wierklech fir d‘Verfassung an deen hir unhängleche Referendum bei der Reform interesséiert huet, ass leider och eng gewote Behaaptung. Richteg ass natierlech och, datt ee gewësse politesche Beholl an déi begleedend Aktiounen, scho kënnen zu differenzéierten Appreciatiounen a Bewäertungen, am politesche Kontext féieren.

Fir ee (P)referendum an d‘Republik

Wann een duerchaus vill Wourechten um Freideg héieren huet, un Utopien huet och kee Manktem gehat. Eigentlech sinn si fir ee Referendum, mee d‘Petitioun an d‘Biergerinitiativ wëllen si aus gudde Grënn net ënnerstëtzen. Ob dat elo en Hiwäis drop sollt sinn, datt wann an de Gemengen uechtert d‘Land d‘Ënnerschrëfte gesammelt ginn, si sech enthalen an hir Leit dovunner ofhalen?

Gewosst ass dat net, an et spillt kaum eng Roll, well si hunn eege Virstellunge wéi een dës jo awer schonn eppes – aus zäitgeschichtleche Grënn – noutwenneg Reform sollt ugoen. Ugefaangen domadder de lafende Prozess unzehalen an dat Ganzt nach emol op „Ufank“ ze setzen. Hei sollen net ee puer Sätz a véier Kapitel, mat véier Gesetzer amendéiert ginn, mee alles reforméiert ginn.

Ass dësen Optrag erleedegt, sollt et entspriechend der déi lénk, zu engem schonn erfollegräich an Irland a Frankräich ugewannte Prinzip kommen, deen als „(P)referendum“ bezeechent gëtt. Fir unzefänke bréicht et emol en ëffentlechen Debat deen dësen Numm och verdéngt hätt. Dobäi huet schonn eppes wéi eng ëffentlech Consultatioun vun der Bierger– esouguer mat Atelieren – gehat.

Ass den ëffentlechen Debat ofgeschloss, soll den eigentleche Referendum lancéiert ginn. Hei soll sech dann, esou wéi et jo scho virgemaach gouf, op dräi einfach Punkte begrenzt ginn: „Ech si fir déi aktuell Verfassung“ – „Ech si fir ei nei Versioun“ – „Ech si weder mat der aler nach der neier Versioun averstanen“. Uschléissend sollten d‘Bierger dës „Punkte“ preziséieren. Kléngt no „Plang“.

Näischt geschitt zoufälleg

Datt d‘Rad nach emol wäert zeréckgedréint ginn, dat wëssen och déi lénk, kann ee getréischt op der Säit loossen, anersäits ass et duerchaus legitim, datt si och versichen, engersäits am Gespréich ze bleiwen, an anersäits hir Absichte betreffend d‘Verfassung nach emol kënnen oppen duer leeën. Déi sinn absolutt net verwerflech a spigelen eng progressiv lénk Politik erëm, déi den Debat wäert ass.

Si, déi lénk, striewen eng „laizistesch sozial Republik“ un. Dat heescht si wëlle Groussherzogs zu ganz normale Bierger maachen, wat éierlech gesot, de Lëtzebuerger éischter verwerfe wäert. Esou ee Groussherzog (och wann dësem seng Fra net den éischte Sympathieträger am Land ass) huet dach awer eppes, woumat ee sech als Bierger nach identifizéiere kann. An dat bëssi wat et kascht…

D‘Republik Lëtzebuerg, ass net fir muer, jo nach net emol fir iwwermuer. Fir den Ament bleift et also bei den Optiounen déi konkret um Dësch leien: entweeder et komme 4 mol 25.000 Signaturen zesummen, oder de Quartett CSV, déi gréng, DP an LSAP entscheeden dat an der Chamber. Dat ass de Stand wéi et ass. D‘Iddie a Virschléi vun déi lénk sinn dofir net falsch, beschtefalls utopesch.

Illustratioun: © GR Stocks / unsplash

Dernières nouvelles