Search

You may also like

Nuetsschantjen an der Avenue de la Liberté (15.-16.01.2021)
International Neiegkeeten

Nuetsschantjen an der Avenue de la Liberté (15.-16.01.2021)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt duerch en Nuetsschantjen vu Freides, de

Ärenzdallgemeng: Vereedegung vum Schäffen Eugène Unsen
International Neiegkeeten

Ärenzdallgemeng: Vereedegung vum Schäffen Eugène Unsen

No der ministerieller Veruerdnung vum 8. Mee 2020 ass den

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 5. bis den 11. Abrëll 2021
International Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 5. bis den 11. Abrëll 2021

Wéi de Gesondheetsministère, den LNS an de LIST an hirem

Bréissel: d‘Belsch huet eng “Sommet-Tax” fir Journalisten agefouert

Bréissel: d‘Belsch huet eng “Sommet-Tax” fir Journalisten agefouert

All d‘Journalisten déi an der Belsch accreditéiert sinn – egal op Resident oder Auslänner – an déi zu Bréissel iwwert déi europäesch Sommete beriichte wëllen, mussen zukünfteg eng Taxe vu 50 € entriichten. Esou zumindest huet et den EU-Rot op senger Internetsäit ugekënnegt.

Déi Taxe wier vun der belscher Regierung imposéiert ginn, an d‘Moossnam gëtt schonn effektiv beim nächste Sommet vun de Staatscheffen, den 18. a 19. Oktober. (12. Sommet ASEM). Dës Entscheedung huet vill Medien „iwwerrascht“ an zu engem Opstand an de sozialen Netzwierker bäigedroen. De Verband vun de Beruffsjournalisten (AGJPB) an der Belsch, stäipt sech dergéint.

Mat dëser Taxe vu 50 Euro, wëll déi Belsch Regierung vum Journalist eng „Entschiedegung“ fir d‘Käschten, déi bei obligater Sécherheetskontroll ufalen, ze decken. Déi gëtt ëmmer dann erhuewe wann een Zougang zu „sensibele“ Beräicher muss hunn. Dat ass beispillsweis de Fall fir d‘Gebai wou d‘Semester-Sëtzunge vun den EU-Staatscheffen ofgehale ginn.

JournalistenD‘Taxe, grad wéi d‘Accreditatioun soll dann awer fir sechs Méint gülteg sinn, heescht et säitens dem EU-Rot. „Säit dem 1. Juni 2018 gesäit déi nei belsch Legislatioun eng Tax an héicht vu 50 € vir, déi vum Employeur vun all Persoun, déi de Géigestand vun enger Sécherheetskontroll duerch déi belsch Autoritéiten ass, ze droen ass. D‘Kontroll gëllt fir 6 Méint“, esou de Site vum Rot.

Schlecht informéiert?

Verréckt un dëser Geschicht: dat belscht Parlament huet dës Tax den 23. Februar gestëmmt, mee d‘Medie sinn eréischt informéiert ginn, wéi se den 1. Juni a Kraaft getrueden ass, an d‘Journalisten hir semestriell Accreditatioune fir d‘EU-Sommeten erneiert hunn. D‘Diplomaten an d‘Personal vun de Representatioune vun de Memberlänner mussen dës Tax och bezuelen.

Elo verhält sech dann awer esou, datt d‘EU-Presidence, déi aktuell vun Éisträich gehale gëtt, d‘Tax fir d‘Journalisten an Techniker iwwerhëlt, déi net fest an der Belsch baséiert sinn, an aus den EU-Memberlänner kommen, fir d‘Sommeten zu Bréissel ze couvréieren.

D‘Ukënnegung vun dëser Tax hat fir Protest gesuergt, an d‘Sophie Lejoly vun der AGJPB stellt fest: „Et ware eng Iwwerraschung fir jiddereen. (…) E Protestbréif gëtt un de Premierminister Charles Michel an un all Regierungsmember adresséiert, dee mat dëser Entscheedung ze dinn huet. Si ginn opgefuerdert dës Tax falen ze loossen, déi op verschiddene Niveaue problematesch ass“.

A „problematesch“ ass zoutreffend, well emol fir ze unzefänken, hei eng Diskriminatioun tëscht de Salariéeën an den Fräiberuffler gefërdert gëtt. Eng Diskriminatioun ass et och, wëll hei tëscht deene Journalisten an Techniker – ob Belsch oder Auslänner – déi an der Belsch accreditéiert sinn, an de Kollegen aus dem EU-Ausland, en Ënnerscheed gemaach gëtt.

Fir déi europäesch Sommeten, esou d‘Informatioun vum EU-Rot, ginn ëmmer tëscht 1.200 an 1.300 Journalisten zu Bréissel accreditéiert. Dorënner ronn 700 Journalisten (Belsch an Auslänner) déi eng fest Missioun/Accreditatioun an der Belsch hunn. D‘AGJPB hält fest, datt eleng de Fait, datt e Journalist fir eng Accreditatioun bezuele muss, net mat der Pressefräiheet ze vereenbaren ass.

mat AFP

Related topics Bréissel, EU-Sommet, Journalisten, Tax
Next post Previous post