Search

You may also like

D’ULC gesäit der Taxireform skeptesch entgéint
International Neiegkeeten

D’ULC gesäit der Taxireform skeptesch entgéint

Nodeems déi lescht Taxireform am Joer 2016 zu enger immenser

Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer – 5 Lëtzebuerger Wierker mat dobäi!
International Neiegkeeten

Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer – 5 Lëtzebuerger Wierker mat dobäi!

Vum 10. bis de 15. Juni 2019 fënnt zu Annecy

Déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert zum Finanzsommet
International Neiegkeeten

Déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert zum Finanzsommet

Nom EU-Finanzsommet ass virum groussen Debat an der Ofstëmmung am

Sommet tëscht US-President an nordkoreanesche Leader elo awer?

Sommet tëscht US-President an nordkoreanesche Leader elo awer?

De Sommet tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-Un soll dann elo awer den 12. Juni zu Singapur stattfannen. Méiglech gemaach huet dat eng Entrevue am Oval Office mam Generol Kim Yong-Chol, der rietser Hand vum nordkoreanesche Leader.

An dëse Sommet schéngt dem Donald Trump dann awer och wichteg genuch, datt hien net gezéckt huet sech iwwer diplomatesch „Normen“ ewechzesetzen. Esou huet hien dem Generol Kim Yong-Chol entgéint all Protokoll der N°2 vum nordkoreanesche Regime de rouden Teppech ausgerullt an sech op eng diplomatesch Wett agelooss, bei dem den Asaz „considerabel“ ass.

Ugefaangen huet dësen diplomatesche Ballet am fréie Freidegnomëtteg, wéi eng schwaarz Limousine vun der US-Regierung um 1600 Pennsylvania Avenue ukomm ass. Als éischt sinn d’Sécherheetsleit vum Generol aus dem Chevrolet erausgeklommen, iert dann och de Generol sech gewisen huet. E Bild mat historeschem Charakter…

De fréiere „Chef-Spioun“ vun 72 Joer, ass zu deem Ament den héchsten nordkoreanesche Regierungsvertrieder ginn, deen an 18 Joer am Wäissen Haus empfaange ginn ass.

An dobäi wéilt den übleche Protokoll, datt eng Persoun vu sengem Rang – besonnesch ee wéi hien, dee vu Wirtschaftssanktioune sanktionéiert ass an e feindlecht Land representéiert – diskret zur hënneschter Dier „eragelooss“ gëtt, fir un enger geheimer Sëtzung deel ze huelen. Mee den US-President ass anescht, a schéngt dat och gären ze bestätegen.

90 Minutten

Et war de Generol John Kelly, Generalsekretär vum Wäissen haus, dee säi nordkoreaneschen Homolog empfaangen huet. Hien huet dësen uschléissend an den Oval Office geleet. Eng Éier déi net jidderengem zougestane gëtt, besonnesch wann dësen net e Staatschef ass an och nach en autoritäre Regime representéiert.

D’Personal am Wäissen Haus hat virgesinn, datt, sollt et zu dëser Entrevue kommen, déi vu kuerzer Dauer wier. D’Zäit eben déi ee benéidegt fir e puer „Frëndlechkeeten“ auszetauschen, de Bréif vum Kim Jong-Un ze iwwerginn, an dann nees ofzereesen. Et sollt anescht oflafen, an den Echange huet dann och gutt 90 Minutte gedauert.

„Mir hunn iwwert alles geschwat“, huet den Donald Trump verséchert, nodeems de Generol Kim Yong-Chol nees verschwonne war. An den US-President huet bei der Usproch un Press glécklech ausgesinn. „Et ass ganz gutt gelaf. Et ass wierklech eng Situatioun déi et engem erméiglecht huet sech kennen ze léieren“, esou den Donald Trump.

Net am Bild, den John Bolton, Beroder fir déi national Sécherheet. E Mann dee bis dohinner ëmmer op e Regimewiessel a Nordkorea bestanen huet, wat „déi vu Pyongyang“ op d’Palm gedriwwen hat. Hien hat sech also vun de Kameraen ewechgehalen, a war och net un der Entrevue bedeelegt, wéi et Beroder erkläert hunn.

Eng frëndschaftlech Relatioun?

Hei ass et dann awer de Kontext, deen d’Regele schéngt virgeschriwwen ze hunn. Alles deit drop hin, datt den Donald Trump gewëllt ass eng frëndschaftlech Relatioun opzebauen, an datt den John Bolton net derbäi war, ass dann och net onbedeitend. An säitens dem Wäissen haus war een dann och beméit, all ënnerschwellege politesche Message zréckzeweisen.

Den US-President huet dann der Press awer erkläert, datt et him net méi geleeën ass, den Ausdrock „maximalen Drock“ ze benotzen. En Ausdrock deen den Trump bis heihinner ëmmer benotzt huet fir seng Politik géintiwwer Nordkorea ze ëmschreiwen. „Mir hunn et gutt Versteesdemech. Dir gesitt jo eis Relatioun“, esou de Milliardär, deen d’Konventiounen esou notzt wéi et him gefält.

Hien huet dann och onverblimmt zougestanen, datt d’Mënscherechter bei der Entrevue mam Generol Kim Yong-Chol net emol ugeschwat gi sinn. Et ass sech op de Sommet konzentréiert ginn, deen dann elo awer dësen 12. Juni zu Singapur ofgehale gëtt. E Sommet vun esou grousser Bedeitung, datt een de „Protokoll“ schonn emol ka „béien“.

En idyllescht Bild

Gesäit ee vun engem klengen Detail op der Jackett vum nordkoreanesche Generol of, kann een dat Bild dat béid Staatsmänner duergestallt hunn, schonn als „idyllesch“ ëmschreiwen, wéi se sech zesummen an de Gäert vum Wäissen Haus fir d’Foto opgestallt hunn. Uschléissend huet den Donald Trump de Generol Kim Yong-Chol nees bis bei d’Limousine begleet.

Do konnt een dann op der Jackett vum Generol, op der lénker Säit e roude „Pin“ gesinn, op deem d’Käpp vun de fréieren nordkoreanesche Leader: Kim Il-Song a Kim Jong-Il, Grousspapp, respektiv de Papp vum aktuelle Regierungschef, ze erkenne waren. Deen éischten hat de nordkoreaneschen Nuklearprogramm an d’Liewe geruff, deen zweeten hat sech geweigert en ze beendegen.

Géintiwwer de Press huet den Donald Trump affirméiert, datt Nordkorea säi Nuklearprogramm wëll opginn, an huet virausgesot, datt den Dialog mat Pyongyang „e Prozess ass dee vum Erfolleg wäert gekréint ginn“. Hien huet esouguer versprach, datt während der Verhandlungsphas, d’USA keng nei Sanktioune géint Nordkorea ergräife wäert.

„Ech hunn ni behaapt, datt et an enger Sëtzung gekläert gëtt. Mir schwätzen hei vu jorelaange Sträit a Problemer“, betount den US-President, a füügt bäi: „um Enn gëtt et e gudden Ofschloss“. An zum Atomprogramm: „Ech weess datt si dat maache wëllen. Si hätte gäre Vergläichbares, si wëllen sech als Land entwéckelen. Dat geet och, dorunner hunn ech keen Zweiwel“.

mam Andrew Beatty/AFP

Foto: Den Donald Trump an de Generol Kim Yong-Chol hunn sech an de Gäert vum Wäissen Haus fir déi offiziell Foto opgestallt. Den US-President huet uschléissend säi Gaascht bei seng Limousine begleet, iert hien der Press e klenge Statement zur Entrevue ginn huet. © Saul Loeb/AFP

Related topics Donald Trump, Kim Jong-Un, Kim Yong-Chol, Nordkorea, Singapur, Sommet, USA
Next post Previous post