Search

You may also like

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…
International Neiegkeeten

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…

Säit dem 11. Juli (an nach bis de 5. August)

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
International Neiegkeeten

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!
International Neiegkeeten

Safer Internet Day 2020: Fir ee sécheren a responsabelen Ëmgang!

Um 11. Februar 2020 fënnt op der ganzer Welt de

De Sommet vun der Harmonie

Beim G7 zu Carbis Bay dierft déi allergréisste Freed, d‘Presenz vun dem „aneren“ US-President gewiescht sinn, mee et geet och ëm Grousses

De Sommet vun der Harmonie

Fir de Joe Biden ass et den éischte, fir d‘Angela „Mutti“ Merkel dee leschte G7-Sommet. Et ass awer zanter laangem emol nees een harmonesche Sommet, dee sech d‘Gestionnaire vun der Welt gënnen. Fir de brittesche Premierminister Boris Johnson, deen d‘Presidence huet an nach ëmmer keen Handelsofkommes mat den USA huet, awer och ee ganz erfreelechen Ëmstand.

Déi mächtegst Staats- a Regierungscheffen (dat ass elo allerdéngs déi eegen Aschätzung vun de G7) treffen sech zu Carbis Bay, an dës Kuliss eegent sech beschtens, fir dem Empire – dee sech vun den europäesche Fessele befreit huet – nees zu internationalem Glanz ze verhëllefen. Esouguer d‘Queen – an déi huet et bekanntlech net esou mam Boris – huet sech net fléiwe gelooss an war mat derbäi.

Gutt d‘Witfra vu 95 Joer kann eppes Ofwiesslung gebrauchen an de Charel oder de Wëllem eleng d‘Monarchie representéieren ze loossen, dat muss dem Elisabeth II een ze grousse Risk gewiescht sinn. Dobäi huet sech de britteschen Trounfolger bei senger Ried um Rimm gerappt, an huet wéi de Boris Johnson vill an oft den Joe Biden zitéiert. Et geet ëm de Sproch: „Build Back Better“.

Gemengt ass de Widderopbau zum Besseren, net fir d‘Welt an net emol allgemeng, mee scho méi prezis fir dat eegent G7-Ëmfeld. Och dat ass, nom trumpschen Intermezzo an am Brexit-Kontext duerchaus verständlech. Schliisslech muss elo emol nees eppes frësche Wand an d‘Seegele vum Multilateralismus geblose ginn. Et geet ëm déi global wirtschaftlech a militäresch Interessen.

D‘G7, esou zumindest de Wonsch vum Joe Biden, mussen nees méi enk zesummekommen, fir China a Russland ze weisen, datt ee vereent ass an net wäert zouloossen, dat si weiderhi géint Mënscherechter verstoussen, Länner iwwerfalen oder den demokratesche Prozess ënnerbannen. D‘Pandemie an de Klimawandel sinn och en Thema, dat awer strikt wirtschaftlech bezunn.

Foto: (hënnescht Rei vlnr) EU-Rotspresident Charles Michel, Japanesche Premier Yoshihide Suga, Italienesche Premier Mario Draghi, EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen; (viischt Rei vlnr) Kanadesche Premier Justin Trudeau, US-President Joe Biden, Brittesche Premier Boris Johnson, Franséische President Emmanuel Macron, Bundeskanzlerin Angela Merkel. © G7 Cornwall2021

Related topics Boris Johnson, Carbis Bay, G7-Sommet, Groussbritannien, Harmonie, Queen Elisabeth II
Next post Previous post