Search

You may also like

Covid19-Pandemie: Honnertdausend Doudeger a Latäinamerika
Kultur

Covid19-Pandemie: Honnertdausend Doudeger a Latäinamerika

Wärend den US-President Donald Trump am Wahlkampf ass, an net

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen
Kultur

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen

D’Mënscherechtsbeobachterin vun der Rettungsorganisatioun Sea-Eye huet zwee Iwwerliewender interviewt, déi

money
Rout Kräiz: 750 Gefierer am Leasing
Kultur

Rout Kräiz: 750 Gefierer am Leasing

Den Déngscht vun der Hëllef an de Soine vum roude

E leckere Krimi fir tëschenduerch

Séiss a spannend

E leckere Krimi fir tëschenduerch

Punschkrapfen, Kipferls und ein Mord heescht d’Buch vum Sonja Birgmann. Op den éischte Bléck mécht den Titel dem Wierk kee gefalen. Et erwaart een sech villäicht e schlechte Spannungsroman, deen am Mier vun de kulinaresche Krimien, déi an de leschte Jore sou beléift gi sinn, géif ënner goen. Ma näischt kéint méi wäit vun der Wourecht sinn! Mat Wuertwitz an enger Pris Humor packt et déi jonk Schrëftstellerin sech géint méi bekannte Kollegen aus dem Genre ze behaapten.

Läich am Frigo

Am Mëttelpunkt steet d’Emma Wolf, eng Bäckerin, déi sech op eppes ganz Besonnesches spezialiséiert huet: erotescht Gebäck. Dat huet hier d’Opmierksamkeet vun engem Fernsehsender abruecht, déi e Reportage an hirer Bäckerei mécht. Dat geet gutt bis ee vun der Crew dout aus hirem Frigo fält an hat domatter och an de Verdacht kënnt, selwer d’Täterin ze sinn.

Méi wëll een elo hei nach net verroden, mee et gëtt ganz schéi spannend. D’Buch liest sech op alle Fall ganz flott. Dat ergëtt sech aus engem schnörkellosen Erzielstil, deen een net mat Detailer zouballert, mee no un der Gedankewelt vum Emma ass. Doduercher erginn sech och vill flott Vergläicher, déi ee meeschtens zum Grinse bréngen. Ënnert dem Stréch sinn all d’Charaktere liicht ze identifizéieren, och wéinst der Aart a Weis, wéi se beschriwwe ginn. Wann d’Kostümmeedche beispillsweis verjot gëtt, gëtt dat esou beschriwwen: „Die junge Frau trollte sich wie ein Kätzchen, das man gerade nass gespritzt hatte, und schien Tränen zurückzuhalten“. Domatter ass extrem vill iwwert eng Niewefigur gesot ginn, ouni all ze vill Wieder ze benotzen.

Et ass déi Liichtegkeet, déi een undreift. De Plot ass villäicht e bëssche viraussobar, mee de Setting an d’Figure maachen dat ouni Problem wett. Vue datt d’Buch relativ kuerz ass (ënnert 200 Säiten) kritt een och net wierklech Zäit, fir dat ze bemängelen. Alles an allem ass Punschkrapfen, Kipferls und ein Mord eng exzellent Krimi-Leckerei fir tëschenduerch!

Infos zum Buch:

Titel: Punschkrapfen, Kipferls und ein Mord

Auteur: Sonja Birgmann

ISBN: 978-3-7408-0042-0

Foto: Sven Wohl

Related topics Buch, Krimi, Literatur, Sonja Birgmann
Next post Previous post