Altin-Gün: E Sonndeg gëtt an der Kulturfabrik gerockt!

Et ass net déi éischte Kéier, datt déi hollännesch Band „Altin Gün“ an der Kulturfabrik hiert musikalescht Talent weist.

Elo, no zwee Joer leeë si sécherlech nach eng Schëpp drop. Psychedelesch Téin an türkesche Folk inspiréieren hier Musek. Mat hirem zweeten Album „Glece“ huet d‘Band sech fest an der musikalescher Kënschtlerwelt etabléiert. Ma dovunner kënnt Dir Iech de Sonndeg, de 5. Dezember selwer iwwerzeegen.

D‘Supportband „Baby’s Berserk“, déi iwwregens och aus Holland kënnt, gouf am Joer 2019 an engem Labo gegrënnt. Hiert musikalescht Spill ass bekannt dofir, datt si jiddwereen an der Géigend an hire Bann zitt. Wien wëll sech da verzaubere loossen?

De Concert, deen ënnert dem CovidCheck stattfënnt, fänkt um 20 Auer un – d‘Dieren gi well um 19 Auer opgemaach.

Weider Informatiounen iwwert d‘Museker, esou wéi d‘Tickete fir den Owend fannt Dir hei.

Dernières nouvelles