Search

You may also like

money
Gudden zweeten Trimester fir d‘Versécherungen
Neiegkeeten

Gudden zweeten Trimester fir d‘Versécherungen

No engem villverspriechende Joresufank, huet de Wuesstem um Versécherungssecteur am

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: D‘Pensionären hunn hir Diplomer iwwerreecht kritt

E Freideg hunn 125 Membere vum Personal vun der Stad

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems
Neiegkeeten

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems

Säit elo gutt dräi Joer gëtt un der Reorganisatioun vum

Handelskonfederatioun stellt sech queesch

Ënnert dem Slogan: „Eise Commerce, eis Aarbechtsplazen, eis Zukunft“ wollt den OGBL op méi Kooperatioun mat der Handelskonfederatioun (CLC) setzen

Handelskonfederatioun stellt sech queesch

An dësem Kontext hat et dann och an de leschte Wochen eng ganz Rëtsch un Usätz ginn, fir en Accord zur Sonndesaarbecht am Handel ze fannen. Elo huet den OGBL da misse bekannt ginn, datt all Versuch ee Konsens ze fanne gescheitert ass. Schold hätt hei d‘CLC.

Et wier allerdéngs wichteg, datt et bezunn d‘Sonndesaarbecht zu esou eppes wéi engem Accord komme kéint. Dat och wëll no enger Rei Kontrollen am Handel (Enn 2020) zolidd Verstéiss géint d‘Reeglementéierung vun eben der Sonndesaarbecht – déi ënnert anerem maximal 4 Stonne pro Salarié zouléisst – festgestallt goufen. D‘Autoritéiten hu missen entspriechend „Verwarnen“.

Am Departement „Handel“ vum OGBL kennt een allerdéngs och d‘Contrainten, déi d‘Salariéeën ze erdroen hunn. Besonnesch déi Beschäftegt am Handel dee, well en no un der Grenz geleeën ass an all Sonndeg ophuet, si vun dëse Verstéiss betraff. Fir dat Ganzt dann nees a gereegelt Bunnen ze leeden, hat den OGBL d‘CLC kontaktéiert a proposéiert zesummen eng viabel Léisung ze fannen.

Bei dëse Gespréicher huet den OGBL der Handelskonfederatioun ugebueden, d‘Begrenzung vun der Sonndesaarbecht op véier Stonnen, nach emol am Kontext vun de Kollektivverträg op de Leescht ze huelen, wann d‘CLC zu Géigeleeschtunge bereet wier. Den OGBL war esouguer bereet, eng Iwwergangsperiod vun 12 Méint ze vereenbaren. Eigentlech eng ganz akzeptabel Offer oder?

Vill gudde Wëlle bewisen

Eng weider vun der Gewerkschaft ënnerbreete Propos, zousätzlech zu de Kollektivverträg, a méi speziell un déi Betriber adresséiert war, wou et kee Kollektivvertrag huet, war gläichermoossen interessant. Fir dës Entreprisen huet den OGBL gefuerdert, datt wann ee Salarié eng Quot vu 24 Stonne Sonndesaarbecht – iwwert déi 4 zoulässeg Stonnen – erreecht, him ee weideren Dag Congé sollt zougestane ginn. Dat ganz dann awer nëmmen an der Limitt vun 72 zousätzleche Stonnen.

Bei der Handelskonfederatioun – wéi a ville Beruffsverbänn – awer „arrangéiert“ ee sech net mat Gewerkschaften, et bekämpft ee se. Zudeem huet een eege Fuerderungen an zwar därer déi deene vun de Gewerkschaften diametral opposéiert sinn. Esou sinn d‘Patronatsvertrieder un den Dësch getrueden, an hu gemengt datt hir Leit Sonndes roueg méi wéi véier Stonne leeschte kënnen an dat esouguer wéilten. Dofir kann et folgerichteg keng Extrawurscht ginn, d‘Leit froen et jo selwer.

Kee fir se aus dem Tempel ze verjoen

Dat d‘Pharisäer vun der CLC, domadder an éischter Linn d‘Interesse vun de groussen Enseigne verdeedegen ass richteg, mee et huet och ënnert de ville „Klengen“ esou muncher, déi nach net matkritt hunn, datt ee just „Zesumme“ kann erfollegräich sinn, wann ee laangfristeg wëll gutt Geschäfter maachen. A keen hënnert si drun Sonndes zwielef Stonnen am Geschäft ze stoen.

Elo konnt a wollt den OGBL sech mat der CLC net op eng zum Nodeel vun de Beschäftegte gereechte Léisung aloossen. Zudeem kann och den OGBL sech net iwwer Gesetzer ewech setzen, vu dat et ee klore legale Kader huet, deen d‘Sonndesaarbecht reegelt. An do stinn nu emol déi véier Stonnen dran. Ouni Géigeleeschtung ass den OGBL mat Sécherheet net gewëllt dat opzeweechen.

A well dann elo d‘CLC Faarf bekannt huet, dierft et och eng Erausfuerderung fir d‘Beamte sinn, d‘Kontroll zum anhale vum Gesetz entspriechend auszewäiten. Säitens den zoustännegen Autoritéite sollt et dann elo genuch där „Verwarnunge“ ginn hunn, bei de nächste Verstéiss sollt entspriechend ëm Gesetz duerchgegraff ginn. Dat ass allerdéngs just ee fromme Wonsch…

Illustratioun: © Mike Petrucci / unsplash

Related topics CLC, Gewerkschaften, Handelskonfederatioun, Kollektivvertrag, OGBL, Sonndesaarbecht
Next post Previous post