Search

You may also like

money
Supercomputer MeluXina
Neiegkeeten

Supercomputer MeluXina

Gëschter ass mat vill Pomp an och eppes Pathos, den

Doudegt Schof am Raum Wëntger: Hond, Goldschakal oder awer de Wollef?
Neiegkeeten

Doudegt Schof am Raum Wëntger: Hond, Goldschakal oder awer de Wollef?

Um 11. Mee ass am Raum Wëntger en doudegt Schof

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“
Neiegkeeten

De Salon vum Vintage: eng „sneak preview“

Wann d‘Angscht grouss war, datt et méiglecherweis net méiglech kéint

E Summer ouni Sonnebrand: Zéng gratis Sonnecrème-Statiounen stinn elo landeswäit zur Verfügung

Seng Haut mat Sonnecrème ze schützen ass fir sou muncher een vläicht eng lästeg a schmiereg Affär, erweist sech awer als esou essentiell, wéi beim Autofueren de Sécherheetsgurt unzedoen. De richtege Sonneschutz ass dat ideaalt Mëttel fir ënnert anerem e Sonnebrand an Hautkriibs ze verhënneren. Aus dësem Grond huet d’Fondation Cancer haut seng 10 ëffentlech Sonnecrème-Statiounen ageweit.

De Summer huet ugeklappt, d’Temperature steigen an do profitéiere mir natierlech dobaussen vum Wierder. Ma, heiansdo kënnt et einfach fir, datt ee grad keng Sonnecrème bei Hand huet. Aus dësem Misär eraus hëllefen elo d’Installatiounen, déi op 10 Plazen verdeelt am Groussherzogtum gratis Sonnecrème zur Verfügung stellen. Dës Statioune goufen do placéiert, wou et warscheinlech ass, datt Mënsche sech der Sonn aussetzen – also beispillsweis bei Schwämmen, Séien a Parken.

Ee vun dëse Sonneschutzspender steet am Hesper Park. D’Faarwe gréng, rout a mof iwwert dem Display weisen un, wéi staark d’UV-Stralung den Ament ass, an doduerch och, wéi dréngend ee sech acrème sollt. Ee Mol d’Hand ënnert de Krunn gehalen, reagéiert de Sensor op d’Beweegung an d’Portioun Sonnecrème mat LSF 50+ kënnt gelaf.

Sonnecrème-Statiounen
© Shari Pleimelding / moien.lu

D’Statioun selwer, déi iwwert eng franséisch Firma fir 3 Méint geleast ass an natierlech och reegelméisseg opgefëllt gëtt, killt d’Crème op déi Temperatur erof, datt se net ëm geet. Si dréit de COSMEBIO-Label, soll zu 98,2 % aus natierlechen Inhaltsstoffer bestoen a weder Allergenen, Silikoner oder synthetesch Filteren enthalen, déi gekennzeechent musse ginn.

Sonnestrale sinn net ouni Gefor

„Eng iwwerméisseg Expositioun kann zu Hautkriibs féieren. Och wann d’Bevëlkerung scheinbar gutt informéiert ass, klëmmt d’Zuel vun den Hautkriibsfäll steteg un“, erkläert d’Dr. Carole Bauer, Presidentin vun der Fondation Cancer. Ënnert den 3 Hautkriibszorten ass et besonnesch de Melanom, och schwaarzen Hautkriibs genannt, am geféierlechsten an am schwéiersten ze traitéieren, sou d’Fondatiouns-Direktesch Lucienne Thommes.

Ma, wien vum sonnege Wierder profitéiere wëll, dee sollt dëst eréischt e Stéck no der Mëttesstonn maachen, wann d’Sonn net méi esou staark dréckt. Equipéiert mat Kappbedeckung a genuch Flëssegkeet sollt dann näischt méi schif goen dierfen!

Nieft der Statioun am Hesper Park, si weider Sonnecrèmespender bei den oppene Schwämmen zu Réimech, Gréiwemaacher an Uewerkuer, bei de Plagen zu Léifreg, Ënsber, Lëlz a Fuussefeld, sou wéi beim Baggerweier zu Rëmerschen an dem Séi zu Wäisswampech ze fannen. D’Fondation Cancer ass houfreg, datt d’Partnergemengen d’Installatioun vun de Statiounen erméiglecht hunn a sech domat engagéieren, d’Bevëlkerung viru Kriibs ze schützen.

Am Kader vun de geplangte Concerten a Manifestatiounen am Park ass de Marc Lies, Buergermeeschter vun Hesper, besonnesch erfreet senge Visiteuren gratis Sonnecrème bidden ze kënnen. Kënnt d’Initiative gutt un, wäert d’Offer am nächste Joer eventuell erweidert ginn.

Sonnecrème-Statiounen
© Shari Pleimelding / moien.lu

Weider Informationen zu de Staiounen a wou si ze fanne sinn, kritt Dir op cancer.lu.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie vun der Aweiung vun der Sonnecrème-Statioun am Hesper Park © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Dr. Carole Bauer, Fondation Cancer, Hautkriibs, Hesper Park, Lucienne Thommes, Marc Lies, Melanom, Sonnecrème-Statiounen, Sonneschutz, Summer
Next post Previous post