Search

You may also like

Mir schaffen ze vill
International Neiegkeeten

Mir schaffen ze vill

Et gëtt vill ze vill geschafft, esou eng aleedend Remark

geek
Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) besteet zanter dem leschten Dënschdeg

Fondatioun an Ateliers Kräizbierg: Et geet duer!
International Neiegkeeten

Fondatioun an Ateliers Kräizbierg: Et geet duer!

De Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen, d’Departement fir behënnert Employéen vum

Brittesche Sonnerdebat zum Debakel um Hindukusch

Et ass sécherlech net dem BoJo seng Schold, mee hien eegent sech gutt als politesch Zilscheif

Am brittesche Parlament war gëschter, wéi wuel a bal alle Parlamenter vun de krichsdreiwenden Natiounen, d‘Stëmmung „gedeelt“. A well et ëmmer ee muss hunn, deen als Stoussnéckel muss duerhalen, war et gëschter nees um Boris Johnson de Kapp hinzehalen. Sechs Stonne laang huet d‘Volleksvertrieder verbal op de Premier ageschloen.

Ee wou d‘Geleeënheet erkannt huet: de schotteschen Deputéierten Ian Blackford. Hien huet déi gréissten aussepolitesch Néierlag zanter der Suez-Kris (1956) genotzt, an eng schéi politesch Metapher dorausser geschneidert. „Dës Biller, wéi honnerte Mënschen um Tarmac zu Kabul an hirer Nout versichen op eng startend Maschinn opzesprangen, wäerten eis wuel bis un eist Liewensenn begleeden“. Wäert et net, där Biller hat et schonn, a si goufe séier vun Alle vergiess.

Gesäit een emol vun irféierender Rhetorik of, muss et erlaabt sinn ze constatéieren, datt dem Boris Johnson – als Premierminister vu Groussbritannien – seng Verantwortung un dësem international koordinéierten a wuel och provozéierten Debakel, schonn erhieflech ass. Zudeem steet et dem BoJo senger Regierung net gutt zu Gesiicht, datt nach um Méindeg, vun Afghanen agereechten Demande fir ee Visa zeréckgewise goufen. Dat, do huet den Ian Blackford Recht, ass de facto schänterlech.

Firwat gouf sech net virbereet?

Datt elo déi brittesch Regierung annoncéiert bis zu 20.000 Afghanen ophuelen ze wëllen, an de britteschen Ambassadeur, Sir Laurie Bristow, um Fluchhafen zu Kabul „onbürokratesch“ Visae verdeelt, kann een als Effort luewen, mee firwat huet een et drop ukomme gelooss an d‘Situatioun deraart ënnerschätzt. Datt dann awer d‘Teresa May eng Erklärung dozou fuerdert, ass ee Witz.

Och d‘Teresa May als Premierministesch huet sech, bezunn op den Afghanistan-Konflikt net mat Éier befleckt. Gutt si huet sech och nach enger politesch Revanche um Boris Johnson unzehuelen, an dëse Sujet bitt vill rhetoresch Munitioun. Si stellt beispillsweis fest, datt d‘Decisioun vun den Amerikaner sech aus Afghanistan zeréckzezéie scho virun 18 Méint festgestanen huet. D‘Teresa May stéiert dorunner, a well vum Premier wëssen, wéi et ka sinn, datt sech net virbereet ginn ass.

„Waren eis Geheimdéngschter esou schlecht informéiert, war eis Aschätzung vun der Laf esou falsch an ons wëssen iwwert déi bestoend Situatioun esou schlecht, datt een trotz dësem laange Virbereedungszäitraum näischt antizipéiere konnt? Oder hutt dir iech als Regierung verflicht den Amerikaner blann nozelafen?“, esou déi fréier Premierministesch, déi et och net besser hikritt hätt.

Bëlleg Floskelen si kee Léisungsusaz

Wann een dann emol de politescher Revanchismus bannent de Konservativen Tories eppes dimmt, a sech der Oppositioun zouwennt, gëtt et net manner interessant an Erfarung ze bréngen, wéi engen dommen, an eenzeg zum politeschen Dissens gëeegenten, Argumenter se bedéngt gëtt. Esou den neien Häuptling vu de Sozialisten (Labour) Keir Starmer, deen natierlech ganz genee weess, firwat et esou konnt kommen. De Boris Johnson hätt kee Plang gehat, an hie misst alles Veräntwerten.

„De Boris Johnson hat d‘Méiglechkeet an dëser Kris eng Féierungsroll ze iwwerhuelen. Eist Land sëtzt am UN-Sécherheetsrot, Groussbritannien spillt eng Schlësselroll bannent der NATO, mir hunn de Virsëtz vum G7-Club. Firwat gouf des Positioun net genotzt?“, wollt de Keir Starmer wëssen, deen dem Empire wuel eng gréisser Emprise op d‘Weltpolitik zoumutt, wéi dat faktesch méiglech ass. Esou politesch Spillercher sollt een allerdéngs net mat deenen dreiwen déi et „erfonnt“ hunn.

An esou huet de Boris Johnson de verbalen Ergoss wéi eng staark Summerschauer iwwert sech ergoe gelooss an sech – wat vläicht elo verwonnere kann – ganz staatsmännesch beholl. Hien ass net op d‘Virwërf agaangen an ass mat vill rhetorescher Agilitéit, den opgestallte Falen ausgewach. Zudeem stëmmt et, datt d‘Britten eleng de Kollaps am Afghanistan net opgehalen. Hier versprécht dann och, datt mat him, de britteschen Empire dem afghanesche Vollek weiderhi wäert bäistoen.

mat indymedia/lon

Fotogallerie: E puer Andréck vum Debat am House of Commons © UK House of Commons

Annex:

The Prime Minister’s opening statement on Afghanistan (18. Aug. 2021)

Bespoke resettlement route for Afghan refugees announced (18. Aug. 2021)

Related topics Afghanistan, Boris Johnson, Groussbritannien, Hindukusch, NATO, Truppenofzuch, Verantwortung
Next post Previous post