Search

You may also like

International Neiegkeeten

Konditioune Gewënnspill Solarboot 2021

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

surprise
D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?
International Neiegkeeten

D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?

D‘FNCTTFEL, eis Eisebunnergewerkschaft, huet e neie President. De Georges Merenz

Ukrain zum Konflikt ermontert?
International Neiegkeeten

Ukrain zum Konflikt ermontert?

De Konflikt am Donbass (Ost-Ukrain) huet, datt ass bei Joreszäitewiessel

USA: Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller verëffentlecht

USA: Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller verëffentlecht

Et huet seng Zäit gebraucht mee elo ass den do: de Bericht vum Sonnerermëttler Robert Mueller zur Russland-Affär. De Justizminister William Barr hat Enn Mäerz a sengem „Resumé“ erkläert, datt mat dësem Bericht erwise wier, datt den Donald Trump net mat der russescher Regierung, am Kontext vun der Presidentschaftswahl 2016, zesummegeschafft huet.

Wat déi oft zitéiert „Behënnerung vun der Justiz“ duerch de Milliardär ugeet, esou geet aus dem Bericht ervir, datt sech de Robert Mueller net an der Lag gesinn huet, hei zu engem däitleche Fazit ze gelaangen. De Sonnerermëttler hätt e sëlleche „Kontakter“ tëscht dem Trump sengem Team a russesche Regierungsvertrieder notéiert, et géif awer net genuch Beweiser fir eng Verschwierung.

Geséchert schéngt dann awer, datt gewësse Leit mat gudde Kontakter zur russescher Regierung, scho ganz fréi fir den Donald Trump als Kandidat fir d‘Amt als US-President interesséiert hunn. Am Bericht geet rieds vum Paul Manafort (dem Trump säi Wahlkampfmanager) dee sech oft mam Konstantin Kilimnik – e „Geschäftspartner vum Trump mat Kontakter zum FSB – getraff hätt.

Esou soll et bei engem Treffen am August 2016 ëm e „Friddensplang“ fir d‘Ukrain gaange sinn. De Paul Manafort soll dann och dem Konstantin Kilimnik „intern Informatiounen“ iwwermëttelt hunn. Laut dem Wahlkampfmanager, sollt de geduechte Friddensplang de Russen erméiglechen, Gebidder an der Ostukrain ze kontrolléieren. Dat war awer laang iert de Milliardär US-President ginn ass.

En US-President ënner Drock

Wat d‘Amëschung vum 45. US-President an d‘Ermëttlunge vum Robert Mueller betrëfft, esou gëtt dat als „méiglech Behënnerung vun der Justiz“ bewäert. Ëmmerhi wollt den Donald Trump dem Sonnerermëttler lass ginn. An de Bericht weist dann och däitlech drop hin, datt de Milliardär, wéi hie wousst wien d‘Enquête féiert, sech „Suergen ëm seng Handlungsfäegkeet“ gemaach huet.

Hie wollt an dësem Kontext mam „Mëttelsmann“ Don McGahn Drock op de Justizminister Jeff Sessions maachen an iwwert dee Wee dem Sonnerermëttler lass ginn. De juristesche Beroder vum Donald Trump ass deem net nokomm, firwat de Robert Mueller feststellt: „Mäi Bericht kënnt net zum Schluss datt de President e Verbrieche begaangen hätt, mee entlaascht hien och net“.

Am Bericht gëtt dann och nach eng Kéier de Fall vum FBI-Direkter James Comey beliicht. Deen ass bekanntlech vum Milliardär „bei der Däiwel gejot“ ginn. Ugedeit gëtt och, datt Zeie vun enger „Kooperatioun“ mat den Enquêteure sollten ofgehale ginn. Och an dësem Fall haten d‘Ermëttler decidéiert ze préiwen, ob et hei zu engem strofrechtlech relevante Feelverhale komm ass.

Dem Donald Trump seng schrëftlech Äntwerten op dem Sonnerermëttler seng Froen (déi Säite sinn iwwerraschenderweis net geschwäerzt) loosse wäit blécken. Zumindest wat d‘Erënnerungsverméige vum 45. US-President betrëfft. Esou ka sech den US-President weder un en Treffen am Trump-Tower (2016) erënneren nach, datt him gesot gi wier, d‘Russe géifen him eng Hand upaken…

Fazit

Et kann een elo behaapten, datt bei der Presidentschaftswahl net alles no demokratesche Prinzipien ofgelaf ass – woubäi dat eigentlech éischter de Regelfall ass – an et erwisenermoossen e Kontakt zu Russe ginn huet. Dovunner ausgoen, datt et wéinst dëser „Affär“ zum „Impeachment“ kënnt, sollt en allerdéngs net. Fakt ass elo: den Trump huet sech net gutt beholl, mee och net strofbar gemaach.

mat indymedia/was

Foto: A jidderee wäscht seng Hänn an Onschold… © Alexas/Pixabay

Related topics Donald Trump, Presidentschaftswahl, Robert Mueller, Russland Affär, Sonnerermëttler
Next post Previous post