Search

You may also like

An nach ee Bankomat gesprengt
Neiegkeeten Stories

An nach ee Bankomat gesprengt

Kuerz viru Mëtternuecht hunn erëm Brigange versicht op onkonventionell Aart

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!
Neiegkeeten Stories

Op Silvester mam ëffentlechen Transport ënnerwee!

Wéi all Joer gëtt nees den ëffentlechen Transport fir Silvester

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun
Neiegkeeten Stories

Ëmstridde Justizreform a Polen beschäftegt nees d‘EU-Kommissioun

Well Polen op en neits géint d‘Reegele verstouss huet, huet

Ewéi en einfache Soud Iech d’Liewe rette kann

Ewéi en einfache Soud Iech d’Liewe rette kann

Jo, esou wéi et am Titel steet ass et mir tatsächlech geschitt. Et war en Dag ewéi all aneren. Schonns no e puer Stonnen nodeems ech mech Owes an d’Bett geluecht hunn, sinn ech mat fuerchtbarem Soud, Broscht- a Réckewéi waakreg ginn.

Ech hunn mech iwwerschott. Glécklecherweis war mäi Mann nach op, hien huet mech an d’Spidol gefouert. Den Dokter am Centre de Tri huet als éischt gemengt, ech hätt eng Panikattack. Mä an der Urgence gouf ech grëndlech ënnersicht. Nom Scanner an e puer Stonne Waarde krut ech d’Resultat: Ech hunn eng Thrombose vun 8 cm an der Haaptoder.

Esou eng Thrombose am Bauch ass relativ seelen – de Mann an der Urgence huet a senger Schaffzäit nach keng gesinn, an et war kee jonke Kärel. Wie weess, wat geschitt wär, wann ech de Soud net gehat hätt! D’Infirmiere sot, en hätt mir wahrscheinlech d’Liewe gerett. An dat souguer duebel. Ech hunn elo endlech verstanen, datt Zigarette Gëft fir mäi Kierper sinn. Ech halen op. Definitiv!

Ech schreiwen Iech dës Zeilen aus dem Spidol, ech wäert nach e bësse mussen hei bleiwen. Mam Dokter zesumme kucken, ewéi et weider geet a firwat mäi Kierper Thrombosen a Phlebite sammelt. Mol kucken …

Mä firwat schreiwen ech Iech dat? Villäicht als kleng Warnung. Heiansdo kann sech hannert engem klenge Bobo eng liewensgeféierlech Gefor verstoppen. An och wann e mengt, et wär näischt – léiwer kontrolléiere loossen. Wie weess, wéi eng Iwwerraschungen de Kierper virun engem verstoppt! Heiansdo gëtt et keen Alarmzeechen. Mä just Gléck.

Wéi seet den Tom Hanks a Forrest Gump: “D’Liewen ass ewéi eng Këscht Knippercher. Et weess een ni, wat e kritt.” Genau! Ech hunn den 12 September Hochzäitsdag – wënscht mir Gléck. Ech wëll deen Dag bei menger Famill sinn. An da geet de Rescht vu mengem Liewen un. Eng zweet Chance.

Passt op Iech op! A genéisst all Sekonn, et ka séier eriwwer sinn.

Opmaacherbild: HH E / Unspalsh

Related topics Broscht, Gesondheet, Liewe retten, Phlebite, Réckewéi, Soud, Thrombose, Urgence
Next post Previous post