Search

You may also like

Kalifornesche Schüler erschéisst zwee Komeroden
Kultur Neiegkeeten

Kalifornesche Schüler erschéisst zwee Komeroden

Et kléngt wéi en Trappewitz vun der Geschicht: während zu

De Pontalize vum CHNP huet en neien Direkter
Kultur Neiegkeeten

De Pontalize vum CHNP huet en neien Direkter

Den Torsten Jakobs ass vun de Membere vum Verwaltungsrot vum

Indien: Milliounen Urawunner mussen hir Liewensraim verloossen
Kultur Neiegkeeten

Indien: Milliounen Urawunner mussen hir Liewensraim verloossen

Den Ëmweltschutz ass wichteg, an dat gëllt besonnesch fir eis

Soundcolors: D’Fondatioun EME invitéiert op e faarwege musikalesche Projet

Vum 5. bis den 23. Mee 2021 gëtt et faarweg am neimënster

Soundcolors: D’Fondatioun EME invitéiert op e faarwege musikalesche Projet

Et seet een net fir näischt, datt d’Musek eng universell Sprooch fir jiddereen ass. D’Fondatioun EME bitt mat senge Projeten an Initiative reegelméisseg de Beweis dofir, esou och mat der Klanginstallatioun „Soundcolors“.

Mat neien Technologie zesumme mat der Kreativitéit vu Mat Trix huet d’Fondatioun fënnef interaktiv Kiosken entwéckelt. Dës eenzegaarteg Installatioun soll haaptsächlech Mënsche mat spezielle Bedierfnesser encouragéieren sech op hier Aart auszedrécken. Esou ass et hinne méiglech sech kreativ a sozial interaktiv ze entwéckelen.

An éischter Linn gouf de Projet konzipéiert, fir datt Kanner mat besonnesche Bedierfnesser sech musikalesch entfale kënnen. Ma, de Projet erméiglecht et jidderengem, sech ouni musikalesch Virkenntnesser an een Komponist ze verwandelen.

Soundcolors

D’Handhabung ass intuitiv an un de Statioune schafft een net nëmmen u „Sounds“, mee fërdert och nach spilleresch d’Kreativitéit duerch Formen a Faarwen. D’Statioune reagéieren nämlech op liicht Beréierungen an erméiglechen ausserdeem d’Erstellung vun ganz einfache Melodien.

Soundcolors erméiglecht et alle Benotzer, déi Musek wëlle maachen an dobäi kreativ gefërdert wëlle ginn, sech auszedrécken, wéi et sech richteg ufillt.

E grousse Succès

Schonn eleng wärend den leschten 3 Wochen hunn sech well méi wéi 300 Persounen mat spezifesche Bedürfnisser aus den ënnerschiddlechsten Institutiounen vum Land fir d’Workshoppen ugemellt. Un de Weekender dierf dës eenzegaarteg Installatioun och vun der Ëffentlechkeet besicht ginn.

Et ass op vum 5. bis den 23. Mee 2021, an zwar vun 9 bis 18 Auer. Well d’Plaze limitéiert sinn, heescht et sech séier ze reservéieren – entweder via Email op contact@fondation-eme.lu. an natierlech bei billetterie@neimenster.lu .

Biller, Videoen an Opmaacherfoto: Fondation EME

Related topics Fondation EME, Klanginstallastioun, Mat Trix, Musek fir jiddereen, neimënster, Persoune mat spezifesche Besoinen, Soundcolors
Next post Previous post