Search

You may also like

Chantier op der Autobunn A13 tëscht den Echangeure Keel a Schëffleng
International Neiegkeeten Web

Chantier op der Autobunn A13 tëscht den Echangeure Keel a Schëffleng

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, dass duerch Preparatiounsaarbechte fir de „Bowstring Schifflange“

International Neiegkeeten Web

En neie Stroossebelag fir d’Märeler Strooss (02.-03.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren doriwwer, datt vun e Méindeg,

Marc Hansen: Eng éischt Renconter mam FNCTTFEL
International Neiegkeeten Web

Marc Hansen: Eng éischt Renconter mam FNCTTFEL

Leschten Donneschdeg huet de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, Marc

Russesch Medienopsiicht bremst Twitter aus

Russesch Medienopsiicht bremst Twitter aus

Wéi Roskomnadsor (Роскомнадзор) matgedeelt huet, hätt de Bedreiwer vum sozialen Netzwierk „Twitter“, trotz widderhuelter Opfuerderung „verbuedenen Inhalt“ net konsequent geläscht. Den Zougank zum Déngscht gouf bis ewell nach net ofgeschnidden, mee zolidd ausgebremst.

Laut der russescher Medienopsiicht, déi 2008 vun Dmitri Medvedev an d‘Liewe geruff gouf, hätt Twitter kannerpornographescht Material, Suizidfantasien déi sech u jugendlecher adresséieren an Ähnleches méi, net geläscht. Opgelëscht sinn iwwer 3.100 Tweets an d‘Timeline féiert zeréck bis 2017. Zum Schutz vun de russesche Bierger, ass elo den Zougrëff op alle mobillen Apparater an gutt d‘Hallschent vun de Stationäre Maschinnen, ausgebremst ginn. D‘Mesure ass schonn a Kraaft.

TwitterBei den „Aktioune“ vu Roskomnadsor, huet et eppes Kollateralschued ginn.

Roskomnadsor huet Twitter drop higewisen, datt si ënner Surveillance stinn a gutt berode wieren sech no de Gesetzer ze riichten. Béi weidere Verstéiss géif et zu weideren Aschränkunge kommen. Méiglech wier och eng vollstänneg Blockad. Spärunge vun Internetdéngschter sinn a Russland net wierklech eppes Ongewéinleches, an d‘Russe si längst net déi eenzeg, wou sech dat erlabe kënnen.

Moskau hat sech virun ee puer Wochen ee Mediegesetz vergënnt, mat deem d‘Bedreiwer vun de sougenannten „sozialen Netzwierker“ derzou gezwonge ginn: „no verbuedenem Content“ ze sichen an dësen ze läschen. Nieft dem „Schutz vun de Mannerjäregen a Jugendlechen“ geet et Moskau awer och drëms „Opriff zu net autoriséierten Demonstratiounen“ ze verhënneren. Twitter huet esou zimmlech all Appell zum Protest no der Verhaftung vum Dissident Alexej Nawalny weidergeleet.

TwitterDéi russesch Regierung a vill Verwaltungen, jo esouguer den Zar Vladimir I, notze selwer de Service vun Twitter. Vläicht sollt Twitter als Äntwert, dës Konten einfach spären?

Am „Nawalny-Kontext“ ass et dann och schonn zu juristesche Prozedure géint Facebook, Twitter a YouTube komm. Géint dës kommerziell Operateure goufen „entspriechend“ Geldstrofe verhaangen. Mënscherechtler erkennen hei ee verstouss géint d‘Meenungsfräiheet an de sozialen Netzwierker. A Russland sinn dann och scho vill Säite gespaart, selbstverständlech och déi vu Regierungsgéigner.

mat indymedia/mow

Illustratioun: Et ass den Ament just eng Rumeur, datt de Management vun Twitter vu Washington a Bréissel Sanktioune géint Russland gefuerdert huet. © Joshua Hoehne / unsplash

Related topics Inhaltskontroll, Meenungsfräiheet, Roskomnadsor, Twitter, Zensur
Next post Previous post