Search

You may also like

Kommunalwahlen a Polen: d‘PiS-Partei staark am ländleche Raum
Neiegkeeten

Kommunalwahlen a Polen: d‘PiS-Partei staark am ländleche Raum

No de polnesche Kommunalwahle vum Sonndeg, gesäit et esou aus,

De 45. US-President beweist Charakterstäerkt
Neiegkeeten

De 45. US-President beweist Charakterstäerkt

Nach huet den Donald Trump säi Mandat als President vun

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser
Neiegkeeten

„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,

Sozialdialog: D’Patronatsorganisatioun UEL a seng salariatsfeindlech Handlung

Sozialdialog: D’Patronatsorganisatioun UEL a seng salariatsfeindlech Handlung

Haut de Moien hunn d’Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP sech nees Damp zum Boykott vum sozialen Dialog op nationalem Niveau gemaach. Den Austrëtt vun der UEL aus der Tripartite hätt gravéierend Suitte fir d’Aarbechtswelt an stellt een Ugrëff géint de sougenannte Lëtzebuerger Modell duer.

D’Roserei setzt déif, eng gemeinsam Léisung ze fannen, erweist sech bal als onméiglech. Säit iwwer 40 Joer huet de System vum Lëtzebuerger Sozialmodell, mat sengem institutionaliséierten a kontinuéierlechen Dialog tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaft fir een harmonescht Verhältnis am Aarbechtswiesen gesuergt. Stellt ee sech queesch kann et schnell zur Kris kommen, a genau dat kéint elo de Fall sinn.

Um 18. September 2019 huet déi nationale Patronatsorganisatioun UEL de Gewerkschaften an der Regierung matgedeelt, datt si net méi un der Dräierronn vum CPTE deelhuele wëllen. Wéi den André Roeltgen (OGBL) erkläert huet stinn d’Gewerkschafte kloer hannert dem Sozialmodell, dem domat verbonnene Fridden, de Kollektivverträg an allem, wat duerch ee gemeinsamen Accord zur Verbesserung vum Aarbechtswiesen bäidréit.

Eng Bipartite kënnt net a Fro!

Déi salariatsfeindlech Handlung säitens der Lëtzebuerger Unioun vun den Entreprisen hätt réckbléckend schonn 2010 ugefaangen. Zënterhier goufe Verhandlungen ofgebrach oder refuséiert a soumat ass och keen Accord fonnt ginn. D’Unioun selwer ass der Meenung, datt all Resultat hei eng Nidderlag wier, d’Decisioune géint den Interessi vum Patronat wieren an déi almoudesch Method kee Sënn hätt.

Mat dëser Usiicht stellt d’UEL sech kloer géint de Grondsaz vum Lëtzebuerger Modell a léisst de Salarié ënnert anerem ouni Rechter an ouni Kollektivverträg zeréck. Et ass, sou d’Gewerkschaften, net nëmmen een Affront géint si an d’Verhandlungen, mee och géint d’Méiglechkeeten ze diskutéieren, a géint d’Regierung, déi de Sozialdialog am Programm jo eigentlech revitaliséiere wëll.

„Wann iwwert d’Halschent vun de Salariéë kee Kollektivvertrag huet ass näischt paletti“, sou den André Roeltgen. Esou wäerten d’Gewerkschaften zesummen dofir kämpfen, datt sech nees um Rimm gerappt gëtt an och d’Regierung den eegene Programm ëmsetzt Och d’Unioun wëll een an Zukunft mat um Dësch setzen hunn.

Sozialdialog

(v.l.n.r.) Patrick Dury, LCGB; André Roeltgen, OGBL; Romain Wolff, CGFP © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Aarbechtsrecht 4.0

Direkt fir unzefänken huet de Patrick Dury (LCGB) ervirgehuewen, datt d’Erausfuerderungen och fir si dauernd zouhuelen. Aus dësem Grond hu sech déi dräi grouss Gewerkschaften zesumme gesat, fir hir Fuerderungen zum Aarbechtsrecht 4.0 an diverse Punkten zesummenzefaassen. Haaptsächlech geet et dobäi ëm d’Erneierung oder Upassung vun der Definitioun ovum Patront, Salarié a Co., d’Ofsécherung vun hirer Existenz, déi berufflech Fort- a Weiderbildung, sou wéi Verbesserunge bei der Gesondheet a Sécherheet. Ee besseren Ausgläich tëscht Aarbechts- a Fräizäit gehéiert genau esou dozou, wéi d’Reform vum Kollektivvertrag.

An de leschte Joerzéngten huet de Grand-Duché an decisive Momenterëmmer nees een Accord zu de Verhandlunge fonnt. Och elo sollten all Parteien nees Responsabilitéit iwwerhuelen an no Léisunge sichen.

Ofschléissend huet den CGFP-President Romain Wolff nach emol op déi grouss Protestmanifestatioun, den 19. November um 19:00 Auer am Parc Hotel Alvisse (120, route d’Echternach) opgeruff. Mat der Hëllef vun der Ëffentlechkeet soll esou fir ee fortschrëttlecht Aarbechtsrecht gekämpft ginn.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Aarbecht, Aarbechtsrecht, Accord, CGFP, Employeur, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Parc Hotel Alvisse, Patron, Patronat, Protestmanifestatioun, salariatsfeindlech Handlung, Salariatskummer, Salarié, Sozialdialog, UEL, Verhandlung
Next post Previous post