Search

You may also like

Zu Wuermer ass de Bankomat gesprengt ginn
Neiegkeeten

Zu Wuermer ass de Bankomat gesprengt ginn

Et war wuel nees ze laang roueg an iergendwéi zéie

Héichwaasserwarnung !
Neiegkeeten

Héichwaasserwarnung !

De staatleche Wiederdéngscht MeteoLux warnt viru méiglechen Iwwerschwemmungen. Schold huet

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
Neiegkeeten

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,

Soziale Wunnengsbau zu Peppeng

Soziale Wunnengsbau zu Peppeng

Den Architekte-Concours fir de Bau vu sozialem Wunnraum an der Gemeng Réiser ass ofgeschloss an d‘Jury huet e Laureat gewielt. Beim Projet vu Peppeng, geet et ëm 22 Logementer, déi eng ganz Rei Contrainte mussen anhalen.

Lancéiert gouf den Appell fir d‘Kandidatur den 22. November 2019, dat hisiichtlech der Selektioun vu véier Architektebüroe fir de Bau vu mindestens 22 Sozialwunnengen op den Terrainen an der Bierg-Strooss mä och der Kierch-Strooss. Déi selektionéiert Kandidaten hunn den 20. Mäerz de Cahier de Charge zougestallt kritt, an deem d‘Besoinen an d‘Contrainten opgelëscht gi sinn.

Nieft der Mindestunzuel vu Logementer gehéiert zu de Fuerderungen: de passive Wunnengsbau, d‘Erhale vun der aler Peppenger Schoul aus de 50er Joren, d‘Integratioun vum rezent renovéierte Paschtoueschhaus an Duerf-Bild, de Respekt vun der Peppenger Klouschter-Architektur an de Wëllen ee Projet ze schafen, dee sech och fir déi intergenerationell Inklusioun eegent.

Den aktuelle Stand an wéi et weider geet

Den 9. Oktober huet déi remuneréiert Jury ënnert der Presidence vum Shahram Agaajani (Büro Metaform Architects) de Projet vun der momentaner Associatioun „Sigle-Christophory Architectes & Besch-Dacosta Architectes“ als de beschten ausgewielt. D‘Jury, zu där och de Buergermeeschter Tom Jungen gehéiert huet, erkennt un, datt all d‘Fuerderunge wéi ernimmt am Projet enthale sinn.

Elo wou da festgehalen ass wien dëse Projet vum soziale Wunnengsbau soll exekutéieren, ginn Ufank 2021 d‘Etüden zum Avant-Projet lancéiert. Wann alles säi Wee leeft wéi dat virgesinn ass, sollt d‘Baugeneemegung Enn 2021, Ufank 2022 kënnen ausgestallt ginn. Ass och dës Hürd iwwerwonnen, sollten am laf vum 2. Semester 2022, d‘Aarbechte kënnen an Ugrëff geholl ginn.

Wien elo de Virwëtz gepaakt huet an sech en eegent Bild vun dem Projet, esou wéi dëse vun de Laureaten geplangt ass, ukucke wëll, kann datt an der Märei zu Réiser bis de 27. Oktober maachen.

Foto: © Gemeng Réiser

Related topics Architekte-Concours, Gemeng Reiser, Peppeng, Soziale Wunnengsbau
Next post Previous post