Search

You may also like

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen
Neiegkeeten WTF

De Stuerm „Eleonor“ a seng Folgen

Et war net nëmmen einfach „schlecht Wieder“,  Eleonor war en

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!
Neiegkeeten WTF

Stad Lëtzebuerg: D‘Info-Box plënnert!

Enn dës Mounts plënnert d‘Info-Box, an där d‘Guichete vum Service

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland
Neiegkeeten WTF

EU verstännegt sech op Sanktioune géint Wäissrussland

No drolege Wahlen a Wäissrussland, wou dem Diktator Alexander Lukaschenko

surprise

Sozialisteschen Atheismus kontra konservative Fanatismus

Sozialisteschen Atheismus kontra konservative Fanatismus

D‘Restriktiounen déi d‘Covid19-Gesetz vun der Regierung iwwer Chrëschtdag mat sech bréngen, suerge fir eppes „verbal Intimitéiten“ tëscht der LSAP an der ADR. Wärend d‘ADR verlaangt datt d‘Metten, wéi et sech gehéiert an der Kierch um Mëtternuecht a mat Sakrament stattfanne mussen, versicht d‘LSAP an der ëffentlecher Interventioun vun der ADR den Zynismus ervirzesträichen.

Am ADR-Communiqué vun e Mëttwoch, ass et der ADR an éischter Linn emol drëms gaangen, kloerzestellen, datt d‘Regierung kee Recht hätt sech an d‘Privatliewe vu sengen Administréierten anzemëschen. Zudeem géif et nach ëmmer esou eppes ewéi „Reliounsfräiheet“ am Land an och an Europa ginn, firwat et de Respekt verlaangt, op Chrëschtdag d‘Diere vun den Tempel opzehalen.

Ee Virstouss dee vun der Regierung net kommentéiert ginn ass, firwat sech den LSAP-President, Yves Cruchten, dann op senger Facebooksäit zu enger Reaktioun op déi vun der ADR versichte Provokatioun hiräisse gelooss huet. Hien erkennt an der Wuertwiel: „Chrëschtdag net stierwe loossen“ ee makabert Wuertspill, dat iwwert den Zynismus eraus och vu schlechtem Goût ass.

Atheismus

Fir den LSAP-President ass d‘Fuerderung vun der ADR eng Frechheet an een eklatante Mangel u Respekt géintiwwer de bal 400 Covid19-Affer, hire Familljen a Frënn, deenen hiert Chrëschtdag Trauerflor dréit. En Affront géintiwwer de Beschäftegten am Gesondheetssecteur, déi iwwer dës Feierdeeg all hir Kräfte mobiliséieren, fir déi Leit ze fleegen, déi wéinst Covid19 am Spidol sinn.

Verständlech widderspréchlech

A sengem Facebook-Post leet den Yves Cruchten den Akzent op de Fait, datt kee Mënsch glécklech wier sech iwwert d‘Feierdeeg aschränken ze mussen. Bei der LSAP wier ee sech bewosst, datt net all Moossnam verstanen an frouen Häerzens ugeholl gëtt, mee d‘Leit géife scho verstoen, datt alles géif ënnerholl ginn, fir net nach méi Leed erbäizeféieren. Mee mécht dann och alles esou Sënn?

Zu den Inkoherenze gëtt et säitens dem LSAP-President kee Wuert. Dofir schreift de Jean Morby, fréier héije Beamten um Transportministère an haut Member vum Verwaltungsrot am Mamer „Kinneksbond“ als Kommentar: „Déi ADR-Leit, déi esou e Wahnsinn verbreeden, dierfte konsequenterweis op kenger Intensivstatioun opgeholl ginn“. Dofir gëtt et fënnef „likes“…

Méi allgemeng: déi meeschte Reaktiounen op de Facebook-Post, ginn éischter a Richtung ADR, bezunn op de reliéise Kontext an der Tatsaach, datt Mënschen déi gleeweg sinn, hire Glawe liewen, mee schonn esou al oder kränklech sinn, datt net gewosst ass, ob si Ouschteren nach erliewe wäerten, Chrëschtdag entspriechend de Virgabe vun der kathoulescher Traditioun feiere sollten.

An och de Fernand Kartheiser vun der ADR huet reagéiert. Hie stellt emol kloer, datt d‘ADR och fir de Schutz vun der Gesondheet ass. Hien erënnert drun, datt d‘LSAP schonn zanter enger gefillter Éiwegkeet de Portefeuille vum Gesondheetsministère an Hänn hält, an net an enger Positioun ass aneren hei eng Lektioun erdeelen ze wëllen. Et sollt een der ADR net déi Feeler ënnerstellen…

Esou ass den honorabelen Deputéierten och weiderhin iwwerzeegt, datt de Gesondheetsministère ënnert LSAP-Opsiicht schonn eng katastrophal Spidolsreform ze veräntwerten hätt an och déi ganz Dimensioun vun der Covid19-Pandemie net wierklech erfaasst hätt. Wier deem esou, hätt ee misse besser op d‘Kris – zumindest no der 1. Well – virbereet sinn. Dat ass offensichtlech net de Fall.

Illustratioun: Zanter dat ganzt Gedeessems ronderëm an iwwert Chrëschtdag nach just um Konsum fousst, méi Leit an de Shoppingzenter enaner infizéiere wéi dat am Kontext vun enger Mass sollt de Fall sinn, a generell villes vun de Leit ofverlaangt gëtt wat weder Kapp nach Fous huet, stinn sech Koalitioun an Oppositioun onverséinlech géinteniwwer. Dem Jesus ass et awer esou eppes vun egal. © Jon Tyson / unsplash

Related topics adr, Chrëschtdag, Facebook, Fernand Kartheiser, kathoulesch Kierch, LSAP, Metten, Yves Cruchten
Next post Previous post