Search

You may also like

Tornado verwüst Tschechien: En eenzegt Bild vun der Zerstéierung
Neiegkeeten

Tornado verwüst Tschechien: En eenzegt Bild vun der Zerstéierung

Um Donneschdeg Owend huet en Tornado vun der Stuf F3

Wéi d‘Schoulen d‘Ouschtervakanz antizipéieren
Neiegkeeten

Wéi d‘Schoulen d‘Ouschtervakanz antizipéieren

Zanter de leschter Woch hätt et sougenannt Schnelltester, déi ee

Educatiounsminister erwiert sech dem SEW/OGBL-Ugrëff
Neiegkeeten

Educatiounsminister erwiert sech dem SEW/OGBL-Ugrëff

Nodeems de SEW/OBGL President Patrick Arendt leschten Donneschdeg eng zolidd

Sozialkonflikt bei Luxtram S.A.

OGBL a Landesverband beméien de Mediateur

Sozialkonflikt bei Luxtram S.A.

No der leschter vu ville Verhandlungsronnen (27. September) huet d‘Direktioun vun der Luxtram S.A., déi vum Personal gefuerdert legitim Upassung vun hire Loun- an Aarbechtsbedingungen, un déi gutt Standarden, wéi se am ëffentlechen Déngscht ugewannt ginn, ignoréiert. D‘Direktioun huet de Gewerkschafte leedeglech eng minimal Erhéijung vun den Ufanksgehälter ugebueden.

Fir den OGBL an de Landesverband (FNCTTFEL), huet d‘Luxtram-Direktioun op Zäit gespillt. Hir gëtt virgeworf vun uewen erof diktéiert kritt ze hunn, alles esou an d‘Wee ze leeden, datt eng ëffentlech Diskussioun ëm e méigleche Sozialkonflikt, op d‘Zäit no de Chamberwahle vum 14. Oktober „verluecht“ gëtt. Verständlech, wann ee weess datt si (mat der Stad Lëtzebuerg) d‘Aktionäre sinn.

D‘Gewerkschaften hunn den 3. Oktober d‘Salariéeë vun der Luxtram S.A. iwwert de leschte Stand vun de Verhandlungen informéiert. Déi hunn eestëmmeg d‘Propose vun der Luxtram-Direktioun zréckgewisen. Si hunn sech net vum „Schäin“ blende gelooss. D‘Aarbechtszäite sinn nach ëmmer ënner aller Sau, an och d‘Gehälterstruktur. Géif wäit ënnert den übleche Lounkonditioune leien.

Esou sinn d‘Salariéeën an d‘Gewerkschaften zum Schluss komm, datt d‘Luxtram-Direktioun kee reellen Interessi un enger konsequenter Verbesserung vun den Aarbecht- a Lounkonditiounen huet. D‘Personal muss feststellen, datt déi stur Haltung vun der Luxtram-Direktioun, riicht ewech eng Provokatioun ass. De Gang bei de Mediateur ass déi lescht Chance e Sozialkonflikt ze verhënneren.

Bréngt et näischt, gëtt gestreikt

Elo gëtt e leschten Appell un d‘Aktionären, dat sinn de Staat an d‘Stad Lëtzebuerg, geriicht. Déi kéinten sech net aus der Verantwortung stielen, de Fall gesat et kënnt zum oppene Schlagaustausch. Si missten sech och dann hirer Verantwortung bewosst ginn, sollt et duerch ze laang Schichten, an de kuerze Pausen zum Ongléck kommen. Et hätt scho Fäll ginn, déi engem ze denke ginn.

De Beispill vu Mataarbechter, déi schonn hu missen „ausgetosch“ ginn, well si iwwermidd waren oder et hinnen einfach schlecht gouf. Dës Beispiller dierfen net verwonneren. Aus engem zitéierte Schichtplang geet ervir, datt et schonn emol ka passéieren, datt eng Schicht mueres um 9.18 Auer ufänkt, fir owes um 21.50 Auer op Enn ze goen. Esou eppes brauch keng weider Erklärung.

Leider huet den Awand vun der Gewerkschaften, datt eng Roupaus vun 11 Stonne fir d‘Personal vum Tram net duer geet. Et sollt een och de laange Wee op d‘Aarbecht berécksiichtegen. Dem Direkter vun der Luxtram S.A. seng Ausso, d‘Leit sollten sech gefällegst eng Wunneng an der Stad zouleeën, ass esou domm wéi mam Loun onbezuelbar. D‘Ausso u sech léisst déif blécken…

OGBL an Landesverband verlaangen elo awer näischt Onméigleches. Nëmmen en g Upassung un d‘Aarbecht- a Lounkonditiounen, esou wéi se an den aneren ëffentlechen Transportentreprisen üblech sinn. Am Virfeld zu engem méigleche Sozialkonflikt, riichten d‘Gewerkschaften en Appell un d‘Notzer vum Tram, de Beschäftegte géinteniwwer Versteesdemech ze weisen.

Related topics FNCTTFEL, Luxtram SA, Mediateur, OGBL, Sozialkonflikt
Next post Previous post