Search

You may also like

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!

Bekannt als US-amerikanesche Schauspiller konnt de Robin Williams virun allem

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?
Neiegkeeten

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?

2018 sinn zu Lëtzebuerg Chamberwahlen an nieft dem Dauerthema „Logement“

ADR fuerdert Direkt-Hëllef fir Independanten, Kleng- a Mëttelbetriber!
Neiegkeeten

ADR fuerdert Direkt-Hëllef fir Independanten, Kleng- a Mëttelbetriber!

Laut der Regierung sinn eis Staatsfinanzen an der Rei. Esou

Steiert den ëffentlechen Déngscht op ee Sozialkonflikt zou?

Steiert den ëffentlechen Déngscht op ee Sozialkonflikt zou?

Um Méindegowend huet déi alljäerlech CGFP-Konferenz vun de Virstänn am groussen Empfang-Sall vum Pac Hôtel Alvisse zu Dummeldeng stattfonnt. Déi 54. Conférence des Comités, huet awer och missen der Covid19-Pandemie Rechnung droen. Entspriechend reduzéiert war d‘Unzuel vun de Gäscht an ausser der Press hat et dëst Joer keng Invitéeën aus Politik an Zivilgesellschaft ginn.

Fir de CGFP-President Romain Wolff a seng Komeroden aus der Exekutiv, mee wuel och fir vill engagéiert Gewerkschaftsvertrieder, eng ongewinnte Situatioun. Dank den neien Technologien, konnten awer all déi interesséiert Memberen online un der 54. Konferenz deelhuelen. An dës Kéier gouf dann op dee soss esou beléifte Patt an de perséinlechen Austausch verzicht. Eng batter Pëll.

Mee d‘Situatioun ass leider ganz allgemeng onbefriddegend, an dat huet leider ëmmer eppes mat der Politik ze dinn. De Romain Wolff gëtt ze bedenken, datt mir eng Kris vun ni do gewieschtem Ausmooss erliewen, déi sech wäit an d‘Joer 2021 eranzéie wäert. Vill Mënsche riskéieren hir Aarbecht oder Existenzgrondlag ze verléieren, firwat vun allen en Effort muss gefuerdert ginn.

DéngschtDe CGFP-President Romain Wolff, war zimlech däitlech, wat d‘Haltung vun der Regierung géintiwwer de Staatsbeamten an -aarbechter ugeet. Hien ass nach emol op d‘Indexmanipulatioun vun dëser agaangen, ouni ze vergiessen, datt dës Regierung mam Verspriechen ugetruede war keng nei Steieren ze erhiewen. D‘Karbontax awer ass eng Steier, an déi soll net emol am Indexkuerf opgeholl ginn. Esou kann ee d‘Leit och op d‘A drécken. © Martine de Lagardère / moien.lu

A wat d‘Efforte betrëfft, esou muss d‘Regierung nach zouleeën, villes esou de CGFP-President mécht einfach kee Sënn. Wann een elo kéint averstane sinn, datt Politik streng geholl souwisou „Sënnbefreit“ ass, esou brauch dëse „Sënn“ awer grad dann, wann een der Bevëlkerung engersäits d‘Grondrechter beschneit an ee vun dëser erwaart ouni grouss Gemauls alles matzemaachen.

Gutt Decisiounen (wat net zwéngend bedeite muss dat se richteg sinn) kënnen nëmmen am Dialog mat de Sozialpartner an de Vertrieder aus der Zivilgesellschaft getraff ginn. Uerder vun uewen erof déi onverständlech, inkoherent a juristesch ufechtbar sinn, si weder Léisung nach ziilféierend. Dat gëllt selbstverständlech och fir den Dialog tëscht Staat a Gewerkschaft vun der Fonction Publique.

Privatiséierung kann d‘Léisung net sinn

De Romain Wolff ass rosen an enttäuscht. D‘CGFP wollt vun Ufank matschwätzen sech abannen an esou hirer Flicht géintiwwer de Beschäftegten, dem Staat, mee virun allem ganz allgemeng dem Land gerecht ze ginn. Déi allermeeschte Staatsbeamten an Staatsaarbechter hunn an dëser sanitärer Kris wäit méi geleescht wéi hinnen ofverlaangt ginn ass, egal op a Presenz oder via Télétravail.

Et goufe Propose virgeluecht, déi ouni Berodung oder Diskussioun vum Dësch gewëscht goufen. Dat geet esou net, besonnesch de Volet „Homeoffice“ muss zäitno engem verdréigleche Konzept zougedroe ginn, an dëse muss dann an alle staatleche Verwaltungen Uwennung fannen. Et ass och net Hëllefräich, wann de Minister vun der Fonction Publique den Dissens statt den Dialog fërdert.

An esou huet dann och den CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger, sech zum bevirstoenden, well offensichtlech vum Staat gewollt, Sozialkonflikt am ëffentlechen Déngscht geäussert. De Grond si weder d‘Pai nach d‘Aarbecht u sech, mee emol an éischter Linn, déi latent Privatiséierung vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen. Dat kënnt dovunner wann ee Mandat mat „Beruff“ verwiesselt.

Wat déi ongehemmte Privatiséierung vun ëffentlechen Déngschtleeschtunge fir „Virdeeler“ brénge sollt engem vum europäeschen Ausland jo bekannt sinn. Besonnesch an de beräicher Bildung a Gesondheet (inklusiv Alters- a Fleegeheemer) huet de Covid19 bewisen, wéi idiotesch, fir net ze soe suizidär esou eng Approche ass. Mee Privatiséierung ass jo Bestanddeel vun den DP DNA…

DéngschtFir de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger huet kënne begréissen, datt en Accord a Punkto Aarbechtszäitregelung am Januar mam Minister fonnt gouf, an den Text um Instanzewee ass. Du koum de Covid19, a mat allem wat et u Feelentscheedungen an dësem Kontext ginn huet, och beim Télétravail. Datt d‘Gewerkschaft net emol an d‘Exit-Strategie agebonne gouf, ass nach de klengste Problem. Elo huet et dann ee Litige… an dee kéint riicht ewech zum Streik féieren. © Martine de Lagardère / moien.lu

Datt d‘CGFP sech matten an enger Pandemie mat direkt dräi Gesetzprojete muss ausenanersetzen, déi d‘Regierung op den Instanzewee geschéckt huet, mat deenen d‘Astellungskritäre beim Staat sollen opgeweecht ginn, ass esouwuel kalkuléiert Provokatioun wéi d‘Demonstratioun vun enger politesch liberal gefierfter Iwwerhieflechkeet, déi esou scho ginn, sech awer ni duerchgesat huet.

An esou stellt de Steve Heiliger emol grondsätzlech fest, datt Leit aus dem Privatsecteur ouni déi néideg Kompetenzen, op Spëtzeposten ze katapultéieren, net nëmmen de falsche Wee ass, mee mat der CGFP a där hire Syndikater net ze maachen ass. A wann de Minister Marc Hansen (DP) sech dann och hannert dem Covid19 verstoppt, fir all Dialog ze verhënneren, da schwätzt dat Bänn.

Mee och d‘Demande fir eng drénglech Entrevue mat Staatsminister gëtt bis ewell mat alle Mëttel verhënnert, an et freet ee sech mëttlerweil, wéi de Xavier Bettel eeschthaft vun de Bierger erwaart, besser matenaner ëmzegoen, wa grad hien a seng Ekipp dem Land et virmaachen, wéi et net geet. Dem „Chef“ säi Büro huet et net emol fir néideg fonnt, ze bestätegen d‘Demande kritt ze hunn…

Vläicht wëll de Premierminister jo och einfach emol kucken – déi vill Streikukënnegungen aus dem Privatsecteur vun de leschte Joren hu jo ni zum Streik gefouert – wéi esou ee Streik an der Fonction Publique ausgesäit. Säi franséische Pendant huet an dësem Beräich wesentlech méi Anekdoten op den EU-Sommete virräteg, an esouguer d‘Nuetsliewen zu Paräis ass en anert wéi zu Lëtzebuerg…

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics 54. Konferenz vun de Virstänn, CGFP, Litige, Mediatioun, Romain Wolff, Schlichtung, Steve Heiliger, Streik
Next post Previous post