Search

You may also like

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser
Neiegkeeten Stories

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?
Neiegkeeten Stories

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?

[onionbuzz quiz-id=41][/onionbuzz] An der Geschichtsschreiwung gëtt sech gären ze vill

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen
Neiegkeeten Stories

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen

Bei dësen Zuele kéint ee sech iwwerginn. Engem Rapport vun

D‘Sozialkonflikter am Land huelen zou

Ee Mëttwoch ee Protestpiquet bei Ampacet zu Diddeleng, gëschter Gepäifs a Gejäiz bei der Handwierkerkummer…

D‘Sozialkonflikter am Land huelen zou

Net all d‘Problemer, deenen sech d‘Gewerkschaften an de leschte Méint unhuele mussen, sinn der Covid19-Pandemie geschëlt, woubäi d‘Coronaviruskris ville Patronen a Konzerner schéngt gelleg entgéintzekommen. Jiddefalls gëtt sech massiv agesat d’Aarbechtskonditiounen ze verschlechteren.

Forcéierte Multitasking

Ee Mëttwoch hu Mataarbechter vun Ampacet zu Diddeleng, d‘Personaldelegatioun an d‘Vertrieder vum OGBL ee Protestpiquet organiséiert, well d‘Direktioun de Salariéeën Aarbechten imposéiere wëll, déi weder hirem Beruff, nach der Qualifikatioun entspriechen. „Jidderee muss alles maachen“, esou den neie Modus, woubäi dës Fuerderung elo net op d‘Direktioun kann ausgewäit ginn.

Nee am presente Fall huet d‘Direktioun sech ausgeholl a verlaangt just vum Foussvollek eppes méi Flexibilitéit. Esou sollen Operateuren och mussen d‘Qualitéitskontroll a Maintenanceaarbechten duerchféiere kënnen, Lageraarbechter an Techniker kéinten ugehale ginn d‘Produktiounslinnen ze botzen. Dat alles ouni Formatioun an am Léifste fir manner Loun… an der Belsch leeft et schonn.

Wärend anerwäerts Wäert op d‘Qualifikatioun an d‘Valorisatioun vun den Diplomer geluecht gëtt, ass ee bei Ampacet net wierklech un Diplomer interesséiert. Sécher verlaangen och si vun alle Kandidaten, déi sech fir ee Posten an der Qualitéitskontroll bewerben, en Diplom vun der Uni, mee och „Flexibilitéit“ a verstinn dorënner, d‘botze vun de Produktiounslinnen. Eng clever Iddi oder?

Um Produktiounsstanduert zu Miezeg (B) gëtt de Grupp den „Neien“ schonn en Aarbechtsvertrag „Maintenance-Produktioun“. D‘Techniker aus de Laboratoire gi mam Ëmgang vu Lagermaschinne vertraut gemaach… Esou soll et och zu Diddeleng sinn, an d‘Direktioun wëll dëse Projet vum Personal als „Solidaritéit ënnert den Déngschter“ verstane gesinn. D‘Wourecht ass leider eng aner.

Fir den OGBL gëllt et als erwisen, datt Ampacet iwwert dëse Wee Aarbechtsplazen aspuere wëll. Management an Direktioun mussen sech (nach) net abréngen. De Risk vun engem industrielle Super-GAU, wann een esou Leit géif mat Maschinnen hantéiere loossen, ass jo och immens. An esou bleift et nees un de „leschten aus der Friessketten“ hänken, firwat e Sozialkonflikt dreet.

Personal, Personaldelegatioun an OGBL fuerdere vun der Direktioun de Retrait vun dëser Mesure a verlaangen en Avenant am Kollektivvertrag, deen d‘Statute vum Salariat garantéiert. D‘Direktioun mécht wat eng Direktioun ze maachen huet: näischt. Dem Dialog gëtt sech no gewinntem Muster verweigert. Si wëssen datt si hei vun der FEDIL, der UEL an der Regierung ënnerstëtzt ginn.

Den Direkter Daniel Gobert, deen ee Mëttwoch kuerz Presenz gewisen huet, wollt net mat de Journaliste schwätzen, mee seng Meenung an Astellung ass eise belsche Kolleege beschtens bekannt. Et ass gewosst, datt hien de Protest schlicht fir rechtswiddreg hält an et gewëss net un de Gewerkschaften ass, d‘Repartitioun vun den Tâchen an enger Entreprise a Fro ze stellen.

Vu Botzsklaven a Politik

No Guardian, EuroFoil an Ampacet – fir nach emol déi Entreprisen ze ernimmen, déi ee besser ni an d‘Land gelooss hätt – muss sech och dem Botzsecteur zougewennt ginn. D‘Aarbechter aus dem Secteur, Aktivisten a Gewerkschaften hunn um Donneschdeg virun der Handwierkerkummer misse fir hire Kollektivvertrag protestéieren. Zanter 12 Méint gëtt sech all Dialog vehement verweigert.

D‘Federatioun vun de Botzfirmaen (FEN) déi der Handwierkerkummer ugeschloss ass an eng 185 Betriber vertrëtt, huet net emol am Usaz wëlles iwwerhaapt ee Kollektivvertrag auszehandelen. Si wësse ganz genee, datt mat der Kris d‘Nout grouss gëtt, an hir human Ressourcen erneierbar sinn. Si ginn an hirer Positioun net nëmme vum Direkter Tom Wirion, mee och vum Comité gestäipt.

Vläicht war et schlicht ee Feeler vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB d‘Hand auszestrecken? Si hate vun den ufänglech 19 Revendicatiounen, der um Enn nach just zwou zeréckbehalen. Fir den Tun di Bari, President vun der FEN a Personalchef vun Dussmann Lëtzebuerg, kënnt et guer net a Fro, Zäit fir gewerkschaftlech Fuerderungen opzewennen. Hien huet vill vun der FEDIL geléiert.

Hie vertrëtt de selwechte Standpunkt wéi seng Frëndin, Michelle Detaille vun der FEDIL. An esou hätte grad esou Mënschen, déi just gutt genuch sinn niddregst Tâchen ze exekutéieren, just d‘Recht de Mond ze halen an ze maache wat hinnen opgedroe gëtt. Den Tun di Bari ass iwwregens nach ëmmer ganz rosen, datt d‘Politik zu Lëtzebuerg um Mindestloun an dem Aarbechtsrecht festhält.

Am Secteur schaffe ronn 11.200 Salariéeën an den Undeel vu Frae läit hei bei 85%. Déi leeschte vill onbezuelten Aarbechtsstonnen, gi bewosst an hire Rechter beschnidden an den Tun di Bari fënnt datt een ëmmer sollt ee gewëssenen Drock oprechterhalen. d‘Fuerderung no enger eemoleger Primm vu 500 Euro an zwee Deeg extra-Congé, esou de FEN-President, kënnt sécher net a Fro.

FEN an Handwierkerkummer, bezéien hire Refus op déi „onsécher Zäiten“, woubäi grad déi extra onéierlech an ëmmer nees géint Aarbechtsrecht verstoussend Betriber, sech dank der Pandemie an op Käschte vun hire Lounsklave villfach beräichert hunn. Datt et an dësem Secteur kaum Demande fir Kuerzaarbecht hat, 2020 och 15 Betriber bäi komm sinn, ënnersträicht d‘Kris am Secteur…

Mee och d‘Gesellschaft am grousse Ganze stäipt esou Presidenten an säi Kolléisch, well een dëst „Personal“ generell net wëll gesinn. Obwuel et tatsächlech och dem dommste wéi dem allsäits iwwerhieflechsten an der Pandemie opgefall ass, datt dës Mënsche Systemrelevant sinn an et wuel sënnvoll wier hire Statut ze valoriséieren, geschitt näischt. Dat huet och mat der Chamber ze dinn.

Och dat héicht Haus huet d‘Botzkolonn outgesourct, weess dat vill vun de Leit déi do botzen net entspriechend geltendem Recht behandelt an bezuelt ginn, an ënnerhëlt näischt. Bis op déi lénk an d‘Piraten, schéngt et keng Partei an der Chamber ze hunn, déi „Botzen“ fir eng essentiell Aarbecht halen. An iwwerhaapt, et geet jo gréisstendeels nëmmen ëm Fraen. Vläicht brauch et elo e Streik!

Illustratioun: © Patrick Fore / unsplash

Related topics Aarbechtsmaart, Gewerkschaften, Patronat, Salariat, Sozialkonflikt
Next post Previous post