Search

You may also like

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?
Neiegkeeten

Huet d’Regierung d’Formatioun am Gesondheetssecteur vergiess?

Zënter 2001 setzt d’ALEPS (Associatioun Luxembourgeoise des Enseignants pour Professions

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS
Neiegkeeten

S.A.R de Groussherzog besicht de CGDIS

Haut de Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Inneministesch Taina

Kollektivvertrag fir de Secteur vum Gardiennage: Endlech eppes Konkretes?
Neiegkeeten

Kollektivvertrag fir de Secteur vum Gardiennage: Endlech eppes Konkretes?

Opgrond vun der Initiativ an dem Engagement vum LCGB, der

Sozialplang bei der SES

D‘Verhandlunge fänke ganz „mouvementéiert“ un

Sozialplang bei der SES

D‘Annonce vum Sozialplang bei der SES Enn Mee war schwéiere Kascht: déi europäesch Satellittenentreprise SES hat ugekënnegt tëscht 10% a 15% vu senge weltwäiten Effektiver ze entloossen an de sozial Sëtz vun der Entreprise deen zu Lëtzebuerg ass, sollt dovunner net ausgeschloss ginn.

D‘Verhandlunge fir ee Sozialplang zu Lëtzebuerg, hunn de 25. Juni 2020 ugefaangen an sollten eigentlech den 9. Juli zum Ofschloss bruecht ginn. Hei konnt d‘Zuel vun de betraffene Persoune schonn zolidd no Ënne korrigéiert ginn. OGBL an LCGB bedaueren awer, datt ee Sozialplang als „noutwenneg“ consideréiert huet misse ginn.

Erënnere mir drun, datt ab der Annonce vun der Restrukturatioun an dem unhängleche Sozialplang, d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB, grad wéi d‘Personaldelegatiounen aus de fënnef Entitéiten déi d‘SES bilden, d‘Verhandlung fir ee Plang zum Erhalt a Beschäftegung (PME) amplaz vun engem Sozialplang gefuerdert haten. Den Thema war esouguer Géigestand vun engem Debat an der Chamber, dat als Folleg op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Hei dierf och drop higewise ginn, datt den OGBL déi verschidde Fraktiounen déi an der Chamber vertruede sinn, kontaktéiert huet, dat no der Interventioun vum Premierminister Xavier Bettel am Parlament, fir dës ëm eng Stellungnam an dësem Dossier ze bieden. Ëmmerhin hält de Lëtzebuerger Staat 33,33% vun der Stëmmrechter am Verwaltungsrot vun der SES. Leider huet keng vun de Parteie bis ewell op dës gewerkschaftlech Ufro reagéiert.

Wann d‘Reduktioun vun der Unzuel vun den impaktéierte Persoune sécher eng gutt Noriicht ass, esou hannerloossen aner Initiative vun der SES-Direktioun ee batteren Nogeschmaach. Tatsächlech befannen sech op der Lëscht vum Sozialplang eng Rei Personaldelegéierter, dorënner och Presidente vun de Personaldelegatiounen. Zur Erënnerung: ee Personaldelegéierten, deen demokratesch vun de Beschäftegte gewielt ginn ass an deem seng Missioun doranner besteet d‘Interesse vum Personal ze verdeedegen, virun enger Entloossung geschützt ass, fir esou säi Mandat fräi ausüben ze kënnen.

Dës Decisioun vun der Direktioun ass inakzeptabel an bleift inconcevabel fir den OGBL an de LCGB. D‘Direktioun huet gutt erklären datt sech Léisunge fir dës Personaldelegéiert sollte fanne loossen, d‘Gestioun vum Dossier werft awer Zweiwel op an dës besonnesch Fäll hätten ausserhalb dem Kontext vum Sozialplang misse behandelt ginn. De Versuch d‘Garante vun de Personalinteressen ze destabiliséieren, déi jo mandatéiert sinn de Sozialplang ze auszehandelen, andeems si op d‘Lëscht gesat ginn, ass aarmséileg.

Doriwwer eraus kritiséieren d‘Gewerkschaften an d‘Personaldelegatiounen déi an der Entreprise vertruede sinn, d‘Berechnungsmethod, esou wéi och den ageschränkte Budgetsëmfang betreffend d‘Indemnitéite bei der extra-legaler „Trennung“, esou wéi se vun der Direktioun virgeluecht a verdeedegt ginn. Déi hëlt keng Récksiicht op d‘Liewenskäschten a -bedéngungen vu Lëtzebuerg. An der Konsequenz fuerderen d‘Gewerkschaften an d‘Personaldelegatiounen ee Finanzpak dee géintiwwer de Salariéeën, déi elo gekënnegt kréien, wierdeg a respektvoll ass.

Matgedeelt vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Donald Giannatti / unsplash

Related topics LCGB, OGBL, Personaldelegatioun, SES, Sozialplang
Next post Previous post