Search

You may also like

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?
Business Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un.

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang
Business Neiegkeeten

Neijoerschdagsgréiss aus Pyongyang

An alle Länner halen d‘Staats- a Regierungscheffen zu Neijoerschdag eng

E festleche Summer fir Diddenuewen
Business Neiegkeeten

E festleche Summer fir Diddenuewen

Am Kader vum Rive et coeur de ville en fête,

De Sozialplang bei IBM ass ënnerschriwwen

De Sozialplang bei IBM ass ënnerschriwwen

Nodeems IBM Lëtzebuerg Ufank Mäerz decidéiert huet 12% vum Personal ze entloossen, huet den LCGB mat der Personaldelegatioun op ee Sozialplang bestanen. Et sollt jo och hei schliisslech no verdréiglechen a verstännege Moossstief gehandelt ginn. Dat awer wollt d‘Direktioun net, firwat et dann zur Schlichtung huet misse kommen.

Ee Méindeg gouf, esou annoncéiert et den LCGB, de Sozialplang ënnerschriwwen. Dat nodeems et e puer Wochen haart Verhandlunge ginn hat, an d‘Mediatiounsprozedur ofgeschloss gouf. Esouwuel d‘Personaldelegatioun, wéi den LCGB konnten déi Moossnamen (sozial Begleedung, Formatiounen a Versetzungen) duerchsetzen, déi de Betraffene Salariéeën eng Zukunftsperspektive bidden.

Wéi et heescht, ass och eng Léisung fonnt ginn, betreffend déi extralegal Entschiedegungen, déi den Aarbechtsplazverloscht offiedere sollen. D‘Personaldelegatioun vun IGM an d‘Gewerkschaft haten sech awer prioritär op den Erhalt vun den Aarbechtsplaze konzentréiert. Dovunner awer wollt dann d‘Direktioun vun IBM näischt wëssen, a war och mat gudde Proposen net ëmzestëmmen.

Illustratioun: © Carson Masterson / unsplash

Related topics Conciliateur, IBM Lëtzebuerg, LCGB, Restrukturatioun, Sozialplang
Next post Previous post