Search

You may also like

Vereedegung vun de Buergermeeschter a Schäffen
Neiegkeeten

Vereedegung vun de Buergermeeschter a Schäffen

Um éischten Abrëllsdag goufen – an nee dat war kee

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart
Neiegkeeten

Sinn hunn den Ambassadeur ausgespaart

Ufank Abrëll huet d‘Arméi am Myanmar d‘Muecht u sech gerappt

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn
Neiegkeeten

YFCL um Autofestival: Well déi aktuell Industrie an d’Klimaziler net ze vereene sinn

Passend zum Autofestival hat Youth for Climate Luxembourg eng Aktioun

Sozialplang bei Sécherheetsentreprise G4S

Mat sozialer Verantwortung, dem Respekt vu Mënscherechter an der Rechtsstaatlechkeet ass kee Geld méi ze maachen

Sozialplang bei Sécherheetsentreprise G4S

Et ass nach net ganz eng Woch hir, do hu mir beriicht, datt d‘Stad Lëtzebuerg zur Sécherung vum ëffentleche Raum, den Déngschtleeschter gewiesselt. Ab dem 15. Mee sollen d‘Agent vun enger an der Welt oft, vill a konkret kritiséierter Sécherheetsfirma, d‘Agente vu GDL Security ofléisen an de Polizisten zur Hand goen.

Zwee Deeg drop informéiert G4S d‘Personaldelegatioun, datt si sech ee Freideg op eng Entrevue mat der Direktioun soll virbereeden. Et hätt een einfach ze vill Ressourcen, esou den dänesch-brittesche Grupp mat Sëtz zu London. Ronn 1.200 Mataarbechter huet de Grupp zu Lëtzebuerg beschäftegt, 60 dovunner sollen sech berufflech nei orientéieren oder an d‘Pensioun goen.

Et schéngt dem Grupp awer generell net esou gutt ze goen. Dëse gouf am Mäerz 2021 vun „Allied Universal“ geschléckt, engem internationalen Acteur deen d‘Stied an d‘Gemengen, mee och ganz Länner derzou opmontert, d‘Sécherheet ze privatiséieren. Allied Universal huet sech dann och emol vum Geldtransport getrennt, an dëse Service u Brink‘s Security verkaf. An et huet och Konkurrenz.

Zu Lëtzebuerg sinn 22 Sécherheetsentreprisen ugemellt, wat engem a punkto Sécherheet allgemeng sollt ze denke ginn. Wéi och ëmmer, fir déi Beschäftegt vun deenen sech soll getrennt ginn, ass et wuel Pech an d‘Pandemie jo nach ëmmer ee gäre genotzten Argument, well et onverfänglech ass. Um Freideg goufen dann d‘Zuele genannt, an d‘Michelle Cloos vum OGBL huet Erklärungen.

„De Plang vu G4S ass et 80 Plazen ersatzlos ze sträichen. 60 Leit sollen entlooss ginn, 20 Ofgäng ginn net ersat a falls dach, dann iwwer Zäitaarbechtsverträg“, esou d‘Haaptsekretärin vum OGBL. Den OGBL weist de Sozialplang awer zeréck, a stellt kloer, datt et Léisungen huet dës Plazen ze erhalen. Dat ass wuel richteg an och d‘Argumenter vum OGBL si wuel iwwerluecht a fundéiert.

Esou gëtt galant drop higewisen, datt d‘Entreprise sech net genéiert hat, vun der Kuerzaarbecht an de staatleche Bäihëllefen ze profitéieren. D‘Kuerzaarbecht soll jo och nach bis Juli fir G4S gëllen, firwat dann och de Sozialplang rechtlech, spéitstens dann net méi ze verhënneren ass. Den OGBL bezichtegt G4S „skrupellos an asozial“ ze agéieren. Elo ass awer jo grad dat de Geschäftsmodell.

Gutt dann och, datt den OGBL bei der Fedil, der Federatioun vun de Lëtzebuerger Industriellen, no enger Entrevue gefrot huet. Déi steet bekanntlech am Ruff, ëmmer respektvoll mat de Sozialpartner an de Beschäftegte vum Secteur ëmzegoen. Si vermëttelt och ëmmer ganz intensiv an am Sënn vun de Gewerkschaften, wann et ëm d‘Ausschaffen an d‘Verhandele vu Kollektivverträg geet.

Illustratioun: © Logan Weaver / unsplash

Related topics Allied Universal, Fedil, G4S, Gardiennage, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post