Search

You may also like

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

Als Gebuertshëllef sinn si dobäi, wann neit Liewen an d’Welt

Déi Vereenten Natioun befierchten eng Hongersnout
Neiegkeeten

Déi Vereenten Natioun befierchten eng Hongersnout

Laut engem Statement vun de Vereenten Natiounen, brauch et dréngend

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?

D’Preparatiounen zur 4. Editioun vun der LGX – Luxembourg Gaming

Sozialplang bei SES: Gewerkschaften op Krichsfouss

Sozialplang bei SES: Gewerkschaften op Krichsfouss

Nodeems d‘SES zu Betzder Enn Mee Restrukturatiounen an ee Sozialplang ugekënnegt huet an zäitgläich eng Concertatioun mat de Gewerkschaften annoncéiert hat, hunn elo dann och de LCGB an den OGBL eng enger gemeinsamer Stellungnam op d‘Pläng vun der SES reagéiert.

Béid Gewerkschaften denoncéieren eng geféierlech Personalpolitik an enger dach u sech gutt opgestallter Entreprise, déi jo och ëmmer nees gäre vun der Regierung als „Beispillhaft“ duer gestallt gëtt. Déi gëtt elo un ze vill Mataarbechter ze hunn, firwat ee sech tëscht 10 a 15% vum humane Kapital distanzéiere wëll. LCGB an OGBL deelen awer net d‘Usiichte vun der Direktioun.

Et géif keng Drénglechkeet bestoen an si bestinn op d‘Anhale vun de legalen Dispositiounen. Domadder sinn d‘Delaie fir d‘Verhandlunge betreffend de Sozialplang zumindest bis de 24. Juni, Datum op deem den Etat de Kris beendegt gëtt, ausgesat. Den eigentlechen Delai vu véierzéng Deeg fir Negociatiounen opzehuelen, kann also eréischt de 25. Juni a Kraaft trieden.

LVGB an OGBL revendiquéieren d‘Verhandlung zum Erhalt vun den Aarbechtsplaze mat engem festgeluechten Zäitraum an ee Personalofbau ouni Recours op Entloossung. Dat dierft dem CEO Steve Collar net wierklech erfreeën, war dësen dach a sengem Communiqué zouversiichtlech, datt esou eng Restrukturatioun der SES besser Chance bitt der Konkurrenz Stand ze halen.

Illustratioun: © Marat Gilydzinov / unsplash

Related topics LCGB, OGBL, Restrukturéierung, SES, Société Européenne des Satellites, Sozialplang, Steve Collar
Next post Previous post