Search

You may also like

Mëttelmier: Esou kann et net weidergoen
Neiegkeeten

Mëttelmier: Esou kann et net weidergoen

27 Mënsche waarde säit méi ewéi dräi Wochen um Frachtschëff “Maersk Etienne”

Ugetruede fir d‘Digitaliséierung vun Europa zum Erfolleg ze maachen
Neiegkeeten

Ugetruede fir d‘Digitaliséierung vun Europa zum Erfolleg ze maachen

Mat der Digitaliséierung, déi onweigerlech Liewensbestëmmend gëtt, mussen sech d‘Europäer

Miss a Mister Lëtzebuerg 2019 sinn?
Neiegkeeten

Miss a Mister Lëtzebuerg 2019 sinn?

Nach am Dezember haten si sech an der Pinacothéik zu

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip

Sozialplang: Kritik säitens der ALEBA duerch déi geplangt Entloossunge bei Kneip

Op Demande vun der Personaldelegatioun vu Kneip huet d’ALEBA an de leschte Wochen d’Entreprise begleet a se bei den Verhandlungen zum Sozialplang ënnerstëtzt. Et hat een ugekënnegt, datt aus ekonomesche Grënn, am Kontext vum Outsourcing an der Käschtereduzéierung, vun 200 Aarbechtsplazen 70 Stéck (35 % vum Personal) ewechfale sollen

D’ALEBA huet sech agesat, fir d’Salariéen bei de Verhandlungen ze verdeedegen an esou e Maximum fir déi concernéiert Persounen ze gewannen, erkläert den Eddy Girardi, deen an dësem Fall d’ALEBA representéiert huet. Virun allem gouf iwwert Childcare allowance, Outplacement, Single parent allowance a Retention allowance diskutéiert, wat mir wuel als Kannerbetreiungsgeld, Aussevermëttlung, Complement fir Elengerzéieng an Abehalungszouschoss verstinn.

D’Konditioune wieren elo ze akzeptéieren, a vill besser am Verglach zu den éischte Verhandlungen. Grad an dëser komplizéierter Zäit, sou den Eddy Girardi, kënnen esou ekonomesch Entloossungen higeholl ginn.

A ganzer 342 Fäll, wou Aarbechtsplazen hätte sollen ofgebaut ginn, huet d’ALEBA an de leschten 12 Méint Verhandlungen duerchgefouert. Fir de Roberto Mendolia vum Lëtzebuerger Bankesyndikat sinn dat ganzer 342 Entloossungen ze vill am Lëtzebuerger Finanzsecteur. „Kuckt de Bilan vun de Banken: 768.000 Milliounen Euro Enn 2018 an 815.000 Milliounen Euro Enn 2019, also eng Hausse vun 5,7 %! Kuckt Iech d’Industrie vun de Fongen un, wou dat globaalt Nettoverméigen vun 4.046 Milliarden Euro um 31.12.2018 op 4.718 Milliarden Euro um 31.12.2019 eriwwergaangen ass, wat carrement eng Erhéijung vun 14,2 % bedeit! Dat si keng gewerkschaftlech Zuelen, mee offiziell Zuele vum Statec.“

D’ALEBA befiercht, datt am Kontext vun der sanitärer Kris an den nächste Méint aner Sozialpläng komme wäerten. Zuelräich Entreprise géifen driwwer diskutéieren eng aner Aarbechtsweis anzegoen, verbonne mat enger Baisse vum Akommes. „Nu, mir wëssen aus Erfarung, datt déi éischt Affer an dësem Genre Situatioun d’Salariée sinn“, sou de Roberto Mendolia. D’Bankegewerkschaft fuerdert den Ofbau vun den Aarbechtsplazen ze rechtfäerdegen an déi sozial Responsabilitéit géigeniwwert de Mataarbechter ze iwwerhuelen.

Opmaacherbild © Romain V / Unsplash

Related topics ALEBA, Bankesecteur, Covid-19, Entloossung, Finanzsecteur, Kneip, Pandemie, Sozialplang, Verhandlungen
Next post Previous post