Search

You may also like

Spuenesch Trap: Hal däi Pupes bei dir!
Neiegkeeten

Spuenesch Trap: Hal däi Pupes bei dir!

Wärend déi eng an der Vakanzenzäit um Strand leien, steet

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand
Neiegkeeten

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand

Et hat eng Grëtz gedauert, bis sech d‘Gewerkschaftler de Medie

Entreprisen am Covid19-Féiwer
Neiegkeeten

Entreprisen am Covid19-Féiwer

Et ass grad emol eng Woch hir, datt d‘Regierung dat

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé

Fir eng kloer Majoritéit an der Salariatskummer a Stäerkung vun de Personaldelegatioune

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé

Si ass ënnert de Gewerkschaften déi onbestridden Nummer 1, an dorunner sollt et esoubal näischt änneren. Zumindest wann dem OGBL-President Änder Roeltgen nogeet. Den OGBL fuerdert all d‘Salariéeën an d‘Pensionären op, sech un de Sozialwahlen 2019 ze bedeelegen.

Den Änder Roeltgen, weist an dësem Kontext och drop hin, datt dës Wal zwou Komponenten huet: zum engen d‘Wiel vun den Delegéierten an der Salariatskummer (CSL). Déi, esou den OGBL-President wier d‘Parlament vun der Aarbecht, firwat d‘Sozialwahlen, déi gréissten demokratesch Walen am Land wieren, mat engem Potential vu ronn 525.000 Wahlberechtegten.

Hei huet den OGBL déi absolut Majoritéit, an, wann een dem Änder Roeltgen gleewe kann, och ee ganz positive Bilan Opweises. D‘CSL wier d‘Bollwierk vum Salariat: si gëtt Avisen zu Gesetzer, ergräift Initiativen, mécht wichteg Analysen an Etüden a spillt eng gréisser Roll am Kontext vum „Liflong Learning“. Verständlech also, datt den OGBL an der CSL op Kontinuitéit setzt.

Zum anere geet et ëm d‘Representativitéit an de Betriber. Hei kann sech den OGBL mat 1.909 Personaldelegéierten an 1.690 Suppleante wuel net bekloen, an awer soll et besser ginn. Et wier, esou de President, wichteg en OGBL-Kandidat, engem onofhängege virzezéien. Nëmmen en Delegéierte vum OGBL, hätt eng Equipp am Réck, déi de Problemer op alle Niveaue begéine kann.

E wichtegt politescht Signal setzen

Wien sech bei de Sozialwahle fir den OGBL entscheet, géif zur „Eenheet“ bäidroen, a kéint sech drop verloossen, e Partner mat der entspriechender Kompetenz ze hunn. Eng Zerspläiterung vum Gewerkschaftswiese géif eenzeg dem Patronat an d‘Hänn spillen. Dat ass net falsch, an de Bilan deen den OGBL fir den Zäitraum 2013-2018 virzeweisen huet, ass erwisenermoossen e gudden.

Nëmmen eng staark Representativitéit, kann d‘Fuerderungen an d‘Rechter vum Salariat géintiwwer der Politik an der Wirtschaft vertrieden. Si stellt sécher datt et net zum Sozialofbau kënnt, a kann sech den Erausfuerderunge vun enger moderniséierter Aarbechtswelt stellen. Digitaliséierung an de Wonsch no enger Karbonfräier Gesellschaft a Wirtschaft, gehéieren zu deene wichtegsten.

Sozialwahlen

Dat gëllt natierlech och fir d‘Fuerderunge vum OGBL. Nieft dem erhale vum Index, an enger Mindestlounerhéijung vun 10%, an net wéi geschitt, eng vun 0,9%, geet et och nach ëm eng Stäerkung vum Kollektivvertrag. D‘Regierung huet sech an de Programm geschriwwen e Gesetz auszeschaffen, dat an dës Richtung geet, an do wëll den OGBL e Wuert matschwätzen.

Och deng Rechter muss ee verdeedegen

Konkret geet et dem OGBL drëms, datt all Salarié am Land – ënnert wéi enger Form och ëmmer – vun engem Kollektivvertrag profitéiere kann. Firwat dat Sënn mécht? Ma gutt d‘Hallschent vum Salariat kann net op e Kollektivvertrag zréckgräifen, an ass de facto manner geschützt. Et geet hei ëm esou Wichteges wéi Aarbechtszäiten, Sécherheet, d‘Recht „ofzeschalten“ a villes méi.

Den OGBL setzt sech awer net eleng beim Patronat fir d‘Salariat an. D‘Gewerkschaft huet och allgemeng gesellschaftlech Fuerderungen: gutt a bezuelbart Wunnen (soziale Wunnengsbau, eng Brems beim Loyer an d‘Bekämpfung vun der Spekulatioun), besser Sozialleeschtunge fir d‘Famill, keng Diskriminéierung vun de Grenzgänger, méi Steiergerechtegkeet a méi Demokratie.

Wéi den OGBL dat alles wëll ënnert een Hutt kréien, ass detailléiert fir all Beruffssecteur an de respektive Broschüren opgelëscht, déi un déi Interesséiert verdeelt ginn. Wien d‘Pabeierversioun ze „oldschool“ fënnt, ka seng Informatiounen online ofruffen. E gesënnerte Site „elsoc.lu“ ass extra zu dëse, Zweck geschafe ginn. Natierlech gëtt och nach alles via Facebook an Twitter verbreet.

Foto: Virstellung vun de Programmer jee no Secteur, an Opruff sech un de Wahlen ze bedeelegen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CSL, Kollektivvertrag, OGBL, Salariatskummer, Sozialwahlen 2019
Next post Previous post