Search

You may also like

Wéi ass et ëm d‘Kriminalitéit an der Stad bestallt?
Neiegkeeten

Wéi ass et ëm d‘Kriminalitéit an der Stad bestallt?

An hirer gemeinsamer parlamentarescher Fro (3419) wollten d‘ADR-Deputéiert Fernand Kartheiser

Sécher ukommen: Gratis ëffentlechen Transport u Silvester
Neiegkeeten

Sécher ukommen: Gratis ëffentlechen Transport u Silvester

Wéi de Verkéiersverbond matdeelt wäert um Silvester-Owend an Neijoerschdag den

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un
Neiegkeeten

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

Wéi d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an den Direkter vun der

Sozialwahlen 2019: „räichhalteg a kompakt“ esou de Programm vun der ALEBA

Sozialwahlen 2019: „räichhalteg a kompakt“ esou de Programm vun der ALEBA

En Donneschdeg huet d‘ALEBA (Lëtzebuerger Vereenegung vun den Employéeën am Banken- an Assurancësecteur) hire Programm fir d‘Sozialwahle vun 2019 virgestallt. E Programm deen een hei als räichhalteg a kompakt bezeechnen dierf. E muss elo nach just d‘Salariéeën iwwerzeegen.

D‘ALEBA, déi gréisste Gewerkschaft am Banken- an Assurancësecteur, huet sech vill virgeholl am Virfeld vun de Sozialwahlen am Mäerz 2019. Zwanzeg Punkten, verdeelt op fënnef grouss Themen: Aarbecht, Kollektivverträg, Liewensqualitéit, en equilibréiert Beruffs- a Familljeliewen, Paritéit an Diversitéit. D‘Presentatioun gouf vum President Roberto Scolati, de Generalsekretär Laurent Mertz an de Jurist, Safouane Jaouid gemaach.

Fir den ALEBA-President war et dann och eng Häerzensugeleeënheet, sech der „Verdeedegung vum Emploi ouni Konzessioun“ unzehuelen. Et misst ee verstäerkt géint den Outsourcing virgoen, eng Praxis, déi sech am „Milieu“ ëmmer méi a virun allen iwwerall géif duerchsetzen.

De Jurist ass op de Refus säitens der Gewerkschaft, géintiwwer den Entreprise-Konventiounen agaangen. Dëst „Mëttel dat et esou net am Aarbechtsrecht gëtt“, gëtt vun deene Firmen agesat, déi kee Sozialplang verhandele wëllen, an eenzeg zum Zweck huet d‘Recht ze béien. Hei misst awer de Legislateur sech duerchgesat kréien, woubäi den Interessi net wierklech besteet.

Wéi all d‘Gewerkschaften, steet och bei der ALEBA d‘Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt am Programm, woubäi se hei an den Thema „Recht op Weiderbildung vun de Salariéeën“ agebonne ginn ass. D‘ALEBA hätt et gären, datt d‘Salariéeën en Zougang zu enger Formatiounsprogramm erhalen, de Kollektivvertrag 2018-20 fir de Bankesecteur respektéiert, deen dat och virgesäit.

De Generalsekretär ass et evident, datt dëst Recht muss vun de Salariéeë genotzt ginn. Formatioun ass en Hiewel, deen sech géint déi negativ Auswierkunge vun der Digitaliséierung usetze léisst. Et geet och ëm de Schutz vun de Mataarbechter am Krankheetsfall, de Respekt vum Aarbechtsrecht.

Aner Secteuren abannen

E ganz grousse Wonsch huet en och nach: d‘Schafe vun engem Kollektivvertrag fir de Secteur vun den Investissementsfongen. Géif dat geléngen, wier et eng grouss Première op der Finanzplaz. Hei gëtt et allerdéngs komplizéiert e „Verhandlungspartner“ ze fannen, e Patronat am eigentleche Sënn gëtt et hei am Land net. Dat ass net nëmmen e Konzept, dat huet System…

ALEBA

D‘ALEBA, huet Representativitéit op sektoriellem Niveau a kann sech op véier Sëtz an der Salariatskummer stäipen. Hei e weidert Mandat ze erhale wier eng grouss Victoire, mee et wëll ee virun allem d‘Presenz vun der ALEBA an den Entreprise stäerken. D‘Gewerkschaft berifft sech op aktuell 700 Delegéierter an 72 Banken, 19 Versécherungsgesellschaften, an nach emol 59 an den Entreprisen aus ugeglidderte Secteuren. D‘ALEBA bedeelegt sech och un der Manifestatioun, déi vun der CGFP virum Sëtz vun der Spuerkeess (Dënschdeg 27.November – 12.30 Auer) ofgehale gëtt. Hei geet et ëm de Statut vum Personal vun der BCEE. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Generalsekretär ass et kloer, datt sech, hisichtlech engem méigleche Kollektivvertrag, all d‘Employeure vun den Investissementsfonge mussen zesummendoen. Een Acteur deen hei déi ënnerschiddlech Parteie kéint zesummeféieren, dat ass d‘ALFI. Déi lëtzebuergesch Associatioun vun den Investissementsfongen, déi dëst Joer den 30. Anniversaire feiert, wäert sech dat net undoen.

Et gëtt dann och scho genuch Suergen am Banken- an Assurancësecteur, an datt bezitt sech net nëmmen och d‘Problematik vun de „falsche Kader“, déi ëmmer nees veruerteelt gëtt, a géint wat eenzeg e gesënnerte Kollektivvertrag, dee geziilt fir dës Salariéeë verhandelt misst ginn. Betraff wieren eng 10.000 Salariéeën, esou d‘Gewerkschaft aus dem Banken- an Assurancësecteur.

Am selwechte Gedanken, géif d‘ALEBA gären de Finanzsecteur „erweideren“. Dat op déi sëlleche „Berodungsfirmaen an -Etüden“, esou wéi déi Salariéeën aus dem Finanzsecteur, déi kee Kollektivvertrag fir hir Secteuren hunn. Hei muss ee bedenken, datt déi aktuell Situatioun eng vun dem Employeure gewollten ass, an déi kee Mëttel dierften ausloossen, dat ze verhënneren.

Mobbing bekämpfen

Eppes wat sech anscheinend och am Banken- an Assurancësecteur schéngt duerchzesetzen: de „Mobbing“. Fir den Employeur eng finanziell gënschteg Moossnam sech engem Mataarbechter duerch destruktiv Konfliktféierung ze entleedegen. De President bestätegt dann och, datt sech dëse Phenomen am Secteur ausbreet, an dat kee liichte Kampf wäert ginn, deem nees lass ze ginn.

Iwwerhaapt, ass de Finanzsecteur a sengem vollen Ëmfang, also inklusiv deene Secteure fir déi et kee Kollektivvertrag gëtt, déi Beruffsbranche, wou et déi meeschte sozio-professionell Erkrankunge gëtt. Drock a Stress, mee och déi gefuerdert Flexibilitéit a permanent Disponibilitéit, sinn déi beschte Viraussetzung an eng Burnout-Situatioun ze geroden. Hei muss et zäitno besser ginn.

Wouriwwer sech d‘Geeschter „scheeden“ dierften, dat bezitt sech op d‘Fuerderung vun der ALEBA, no där den Employeur d‘Integralitéit vun den Transportkäschten (dat heescht nieft Bensin/Diesel, sollt och d‘Assurance, den Entretien, Pneuen, avm.) soll iwwerhuelen. Dat ass „utopesch“ mee, wat een net fuerdert kann engem net verwiert ginn.

Den „Temps Partiell“ soll am Finanzsecteur e Recht sinn, esou d‘Gewerkschaft, déi sech och dofir asetzt, datt et bei de Personalvertriedungen zur Paritéit tëscht mann a Fra kënnt, mee och sécher gestallt gëtt, datt all Communautéit vu Salariéeë vertrueden ass. E gudde Gedanken, deen awer a Punkto „Ëmsetzung“ och vun de Kandidaten an de „Wieler“ misst esou befollegt ginn.

Related topics ALEBA, Laurent Mertz, Roberto Scolati, Safouane Jaouid, Sozialwahlen 2019
Next post Previous post