Search

You may also like

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen
Neiegkeeten

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,

Morduschlag op hollännesche Journalist
Neiegkeeten

Morduschlag op hollännesche Journalist

Vill ass zu den Hannergrënn vum Uschlag op de Peter

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf
Neiegkeeten

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de

Sozialwahlen 2019: Den Aarbechtsministère informéiert!

Sozialwahlen 2019: Den Aarbechtsministère informéiert!

Den 12. Mäerz 2019 ginn zu Lëtzebuerg Sozialwahlen ofgehalen. Den Aarbechtsministère an d‘Aarbechtsinspektioun (ITM) weisen an dësem Kontext drop hin, datt all d‘Entreprise, déi tëscht dem 1. Februar 2018 an dem 31. Januar 2019, op mannst 15 Salariéeë beschäftegen, ugehale sinn Personaldelegéierter wielen ze loossen.

Nei bei de Sozialwahle vun 2019, sinn d‘Vereinfachung an d‘Digitaliséierung vu verschiddenen administrativen Demarchen, déi d‘Entreprise bei der Aarbechtsinspektioun musse maachen. Esou mussen d‘Entreprise folgend Schrëtter iwwer déi geséchert an interaktiv Online-Plattform „myguichet.lu“ erleedegen:

  • 1. d‘Ukënnegung vun de Walen, mat de Modalitéiten zur Organisatioun vun de Sozialwahlen;
  • 2. den Avis deen sech op de Reklamatiounsdelai fir d‘Lëschte bezitt;
  • 3. d‘Kommunikatioun zu den Donnéeën d‘Kandidate betreffend;
  • 4. d‘Deklaratioun vun de Wahlresultater;
  • 5. d‘Deklaratioun vun der Funktioun vun der Personaldelegatioun.

Den Asaz vun „Assistenten“ op der Online-Plattform, bréngt den Entreprise folgend Virdeeler:

  • et gëtt ee Schratt fir Schratt duerch déi verschidden Demarche geleet, mat Ecranen déi sech adaptéieren, jee nodeem wéi de Profil vun der Entreprise opgebaut ass;
  • d‘Dokumenter sinn deels schonn ausgefëllt, dat unhand de vu „myguichet.lu“ bekannten Donnéeën;
  • dat automatescht erstelle vun den Dokumenter déi am Kontext vun de Sozialwahle gebraucht ginn.

Hirersäits profitéiert d‘Aarbechtsinspektioun vun der Digitaliséierung vun den Echangen, fir d‘Informatioune vu besserer Qualitéit a säin Informatiounssystem ze integréieren. Et soll esou méiglech sinn, méi séier a méi effikass d‘Resultater vun de Sozialwahlen ze kommunizéieren.

All déi aner Demarchen déi am Kontext vun de Sozialwahle mussen ënnerholl ginn: d‘Demande vun enger Nummer fir eng Gewerkschaft oder e Gruppement vu Salariéeën; d‘Demande fir de Vott per Bréif; d‘Erstellung vun alphabetesche Lëschten; d‘Receptioun vun de Kandidaturen; asw.) musse laut de Modalitéiten erfollegen, wéi se an de legalen Dispositiounen oder Reglementer virgesi sinn.

Hale mir nach fest, datt sech all d‘Informatiounen zu den Demarchen déi anzehale sinn, um Site http://www.guichet.lu/elections_sociales befannen. Et kann een se och um Site vun der ITM fannen. Entreprisen déi domatter net eens ginn, oder soss Froen hunn, kënnen sech ënnert dem Telefon 247-76100 hëllefe loossen. Dat gëllt och fir de Fall, datt eng Entreprise seng noutwenneg Zougrëffs-Coden net bis zum 15. Januar erhalen hätt.

matgedeelt vum Aarbechtsministère an der ITM, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsministère, ITM, myguichet.lu, Sozialwahlen 2019
Next post Previous post