Search

You may also like

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart
International Neiegkeeten WTF

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart

Konsumenteschutz: keng mince Affäre! Et war eng memorabel Generalversammlung déi

Bessere Schutz fir Migranten an Nordafrika
International Neiegkeeten WTF

Bessere Schutz fir Migranten an Nordafrika

Gewalt a bewaffent Ausenanersetzungen, mee natierlech och d‘Aarmut, feelend Perspektiven,

Nuetsschantjen an der Avenue de la Liberté (03.08.2020)
International Neiegkeeten WTF

Nuetsschantjen an der Avenue de la Liberté (03.08.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt zur Reduktioun vu Stéierungen d’Aarbechten an

surprise

SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars

SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars

D‘Falcon Heavy vu SpaceX ass um Dënschdeg op seng éischt historesch Missioun gestart. U Bord, e kiischteroude Sportsauto, an hannert dem Steier e Mannequin op deen de David Bowie houfreg dierft sinn. E klenge „Spaass“ dee sech den Elon Musk, Grënner vu SpaceX, gegënnt huet.

„Lift off!“, huet um 21.45 eiser Zäit SpaceX getweet, a mam Message eng Foto vun der Rakéit. Déi eigentlech besteet aus dräi Falcon 9, op déi SpaceX en zweete Stack geprafft huet, op deem eng „Kap“ ubruecht ass, an där d‘Fracht oder d‘Charge installéiert ka ginn.

Aus dëser Kap oder Frachtraum ass dee rouden decapotabele Sportswon vun Tesla – dem Elon Musk seng aner Entreprise – erauskomm, zum Stéck „Space Oddity“ vum David Bowie. Seng Aventurë si Live vu SpaceX an de sozialen Netzwierker iwwerdroe ginn, wou Millioune Mënschen erstaunt dëse Won gesinn hunn, wéi deen am Weltraum geschwieft ass.

De Starman, de Mannequin, deen am Gefier sëtzt, konnt een esou um Steier vum Auto gesinn, de lenken Aarm laber op der Dier geleeën. Um Armaturebriet de Message: „Don‘t Panic“; als Referenz op d’bekannt Science-Fiction-Buch The Hitchhiker’s Guide to the Galaxy.

Immens zefridden

„D‘Missioun ass esou gutt verlaf, wéi een sech et konnt erhoffen“, huet ee sichtlech zefriddenen Elon Musk bei der uschléissender Pressekonferenz gesot. „Ech dat Bild am Kapp, vun enger riseger Explosioun op der Ofschossramp (…) Glécklecherweis ass dat net esou geschitt“, esou de Patron vu SpaceX, deem seng Rakéit bis zu dësem Start, nëmme statesch Tester duerchlaf hat.

No zwou Minutte Fluchzäit, hunn sech wéi virgesinn, zwou vun de Falcon 9 Trägerrakéite vun der zentraler Rakéit geléist, déi hire Wee an de Weltraum fortgesat huet. Aacht Minutten an 20 Sekonne méi spéit, hunn sech béid „Booster“ op de Landeplazen zu Cape Canaveral, nëmmen zéng Meter vun enaner ewech, néiergelooss.

Den drëtte „Booster“ dogéint, ass am Atlantik ënnergaangen, obwuel och do virgesi war, datt een e kéint recuperéieren. De Elon Musk huet et sportlech geholl a ass dovunner ausgaangen, datt „d‘Rakéit wahrscheinlech mat 480 Km/H an d‘Waasser gedaucht ass“.

Gudde Fluch, Starman

Elo ass de Starman am Orbit ronderëm d‘Äerd, a wann d‘Expeditioun fënnef Stonnen de haarde Konditioune vun der Van Allen Strahleceinture ka widderstoen, da soll et weider a Richtung Mars goen, fir schlussendlech an den Orbit vun der Sonn ze kommen.

Dem Starman säin Epos kéint dann eng Milliard Joren daueren, an hie 400 Millioune Kilometer vun der Äerd ewech bréngen. „Vläicht gëtt hie vun enger ausserierdescher Liewensform entdeckt“, esou den Elon Musk dee sech d‘Froe virstellt: „Wat hunn déi Leit gemaach? Hu si dat Gefier ugebiet?“, amuséiert sech de südafrikanesche Milliardär.

De Start um Dënschdeg zu Cape Canaveral a Florida huet – wéi scho fir de Lancement vu GovSat1 – misse verréckelt ginn. Virgesi war 13.30 Lokalzäit, wou de Start eng éischte Kéier op 14.20, dunn awer 15.45 verluecht huet misse ginn. Schold dorunner, de staarke Wand a grousser Héicht.

Beim Start hunn déi 27 Merlin-Moteure vun der Superrakéit ee Schub vun iwwer 2.500 Tonnen entwéckelt. Dat entsprécht der Kraaft vun 18 Cargolux-Frachter an der Vertikaler.

Domatter huet den Elon Musk seng Wett, zumindest fir den Ament, gewonnen. Hie konnt d‘Käschte fir esou eng Missioun ganz gutt begrenzen, an huet niewebäi, och den Ekosystem vun de Weltraumstarts revolutionéiert, an deem d‘Trägerrakéiten nees op d‘Äerd zréckgeholl ginn.

Eng nennenswäert Leeschtung

Laut den Aussoe vu SpaceX, kann d‘Falcon Heavy déi duebel Charge vun der bis elo existéierender stäerkster Rakéit (eng Delta IV) an de Weltraum befërderen, an dat fir en Drëttel vum Präis. United Launch Alliance, déi sech ëm d‘Vermaartung an d‘Operatioun vun den Delta IV këmmert, no, kascht hire Lancement 350 Milliounen US-Dollar.

Heizou muss een och déi geostrategesch Dimensioun bedenken, déi ee net sollt negligéieren. Gewënnt SpaceX seng Wett, kann d‘NASA op eng Zesummenaarbecht mat de Russe verzichten, a muss sech net méi der Soyouz vu Roskosmos bedéngen, fir Mënschen an de Weltraum ze schécken.

De NASA-Administrateur Robert Lightfoot, huet iwwregens de Start vu SpaceX begréisst. „All déi Leit déi an dësem Secteur schaffen, kennen déi néideg Efforte fir un den éischte Start ze kommen, a mir hunn eng grouss Unerkennung fir déi haut gewise Leeschtung“, esou de Robert Lightfoot an engem Communiqué.

Mat senger „Kraaft“, déi historesch betruecht just vun der Saturn V Rakéit vun der NASA geschloe gëtt, déi d‘Astronaute vun den Apollo-Missiounen op de Mound bruecht huet, kann d‘Falcon Heavy bis 63,8 Tonnen an e niddregen Äerd-Orbit befërderen.

De Elon Musk huet um Méindeg erkläert, datt et um Enn tatsächlech net d‘Falcon Heavy wäert sinn, déi Mënschen op de Mound oder de Mars wäert bréngen, mee seng „Big Fucking Rocket“. D‘Falcon Heavy, ass esou gesinn eigentlech just en „Test“, fir souzesoen emol ze kucken wat ze maachen ass.

mam Jim Watson an dem Christophe Vogt/AFP

Foto: D‘SpaceX Falcon Heavy hieft um Pad 39A vum Kennedy Space Center of. © Jim Watson/AFP

Update (12:15): Korrekture goufe virgeholl

Related topics Elon Musk, Falcon Heavy, SpaceX, Weltraum
Next post Previous post