Search

You may also like

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net
Neiegkeeten

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee

UNESCO Bike Tour – Mam Vëlo Lëtzebuerger Weltkulturierwen erkënnegen
Neiegkeeten

UNESCO Bike Tour – Mam Vëlo Lëtzebuerger Weltkulturierwen erkënnegen

Zanter 1994 zielt d’Lëtzebuerger Alstad souwéi hir Festungsanlagen an historesch Véierel

Fir méi Egalitéit op der Aarbecht
Neiegkeeten

Fir méi Egalitéit op der Aarbecht

De Programm „Positiv Aktiounen“ ass ee Schlëssel-Instrument vum Ministère fir

Duerch respektlost Verhalen: Spärung vum Site bei den Dräi Eechelen

Duerch respektlost Verhalen: Spärung vum Site bei den Dräi Eechelen

Schonn zënter Wochen gi Privatfeieren um Site bei den Dräi Eechelen um Kierchbierg gehalen. Déi sanitär Reegele goufen net agehalen a 700 kg Offall goufen hannerlooss. Elo gesäit ee sech gezwongen dës Plaz fir d’Ëffentlechkeet ze spären.

D’Police ass oft genuch geruff ginn, fir déi alkoholiséiert Persounen un d’Sécherheets- an Hygiènesmesuren ze erënneren, an esou och de Risiko fir en Accident duerch d’Proximitéit zur Festungsmauer ze reduzéieren. Schliisslech kéint een hei eroffalen.

De respektlosen Ëmgang mam Site bei den Dräi Eechelen huet dozou gefouert, datt ab haut d’Ëffentlechkeet d’Plaz net méi betrieden dierf. De Mudam an de Festungsmusée bleiwe weiderhin accessibel. D’Police wäert reegelméisseg Kontrollen duerchféieren.

Opmaacherbild © Cayambe (CC BY-SA 3.0)

Related topics Alkohol, Dräi Eechelen, Hygiènesmesuren, Kierchbierg, Party, Police, Privatfeier, Respektlost Verhalen, sanitär Moossnamen, Spärung, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post