Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?

[onionbuzz quiz-id=21][/onionbuzz]

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!
Neiegkeeten

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!

Um 1. Dezember 2018 ass et nees esou wäit! Am

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ
Neiegkeeten

Déi Escher CSV presentéiert sech als demokratesch alternativ

Datt d‘CSV an der Minettemetropol wuel net als stäerkste Partei

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung an de CGDIS, a Kollaboratioun mat der ITM an der Police informéieren doriwwer, datt am Tunnel Markusbierg eng gréisser Übung stattfënnt an d’Streck soumat gespaart gëtt.

Den Test ass obligatoresch a soll d’Ekippen op de Fall vun engem schwéieren Accident an engem Tunnel preparéieren. Och d’Stroossebauverwaltung wäert verschidden Testzeenarien duerchgoen.

Markusbierg

D’Preparatiounsaarbechte fänke Samschdes, de 24. Oktober 2020 géint 20:00 Auer un. Gespaart gëtt:

  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Schengen a Richtung N10 (Schengen) an a Richtung Lëtzebuerg A13;
  • D’Schnellspur am Tunnel Munneref vun der A13 a Richtung Schengen.

D’Übung fënnt Sonndes, de 25. Oktober 2020 vu 7:00 bis 20:00 Auer statt. Gespaart gëtt:

  • D’Autobunn A13 a Richtung Schengen ab dem Echangeur Munneref bis bei den Echangeur Schengen;
  • D’Autobunn A13 a Richtung Péiteng ab dem Echangeur Schengen bis bei den Echangeur Munneref.

D’Ëmleedunge verlafe folgendermoossen:

  • Den Trafic, dee vum Beetebuerger Kräiz kënnt an a Richtung Schengen vun der A13 fiert gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Munneref iwwert d’N16 (Réimech) an d’N10 bis bei den Echangeur Schengen;
  • Den Trafic, dee vu Schengen kënnt an a Richtung Beetebuerger Kräiz vun der A13 fiert, gëtt ab dem Echangeur Schengen iwwert d’N10 (Réimech), d’N2 (Bus), d’N13 (Duelem) an d’N16 bis bei den Echangeur Altwis ëmgeleet.
Related topics Accident, CGDIS, Ëmleedung, Munneref, Schengen, Tunnel Markusbierg
Next post Previous post