Search

You may also like

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten
Neiegkeeten

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten

An de Bicherbuttek ze goe, kann ee richteg erschloen. Honnerte

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. op den 10. Januar 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. op den 10. Januar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech

De Minister Bausch besicht d’NSPA zu Capellen
Neiegkeeten

De Minister Bausch besicht d’NSPA zu Capellen

Gëschter huet de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch d’NSPA, wat

Solidaritéit mam Schleck: Keen Äddi fir den Duschène

Solidaritéit mam Schleck: Keen Äddi fir den Duschène

Souwuel Syndikat vun der Lëtzebuerger Arméi (SPAL), wéi och de Syndikat vun der Force Publique (SPFP) hunn eestëmmeg decidéiert, fir weder un der Ofschidsfeier vum elo pensionéierte Generol Alain Duschène deelzehuelen, nach sech representéieren ze loossen. Virun allem säin onriedlecht Verhale bei der Causa SCHLECK suergt fir Onmutt an och e leschten Äddi gëtt him net vergonnt.

D’Gewerkschafte si sech eens, datt duerch déi aktuell Pandemie eigentlech guer keng Feier fir esou een einfache Wiessel vun engem militäreschen Häuptling zum Nächsten néideg wier. Den eigentleche Grond, wisou een schrëftlech Positioun bezitt, ass awer een aneren.

Et kënnt nämlech kloer eraus, datt een den Disput ëm d’Versetzung vum SPAL-President a Vize-President vum SPFP -Comité Christian Schleck nach laang net vergiess huet. Et wier een zur Schlussfolgerung komm, datt „de Generol Alain Duschène sech net éierenhaft an dëser Affär verhalen hätt“, esou wéi een et eigentlech vum Responsabelen erwaart hätt.

Ma, et freet ee sech awer elo schonn op déi zukünfteg Diskussioune mam neie Generol Steve Thull. Him gëtt dat noutwennegt Geschéck gewënscht, fir esou d’Lëtzebuerger Arméi an Zukunft ze leeden.

D’Matdeelung vum SPAL fannt Dir HEI, d’Matdeelung vum SPFP kënnt Dir HEI noliesen.

Weider Artikelen zu dësem Thema:

Related topics Generol Alain Duschène, Generol Steve Thull, Gewerkschaft, Pensioun, Solidaritéit, SPAL, SPFP, Syndicat Professionnel de l’Armée Luxembourgeoise, Syndikat Professionnel de la Force Publique
Next post Previous post