Search

You may also like

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019
International Neiegkeeten

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019

Den 12. Dezember huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

Problemer an der Schoul? Da muss an der Vakanz geléiert ginn
International Neiegkeeten

Problemer an der Schoul? Da muss an der Vakanz geléiert ginn

Wärend sech d‘Gewerkschaft SEW/OGBL schonn emol däitlech géint d‘Nohëllef am

Bréissel observéiert den Infektioun-Hotspot Tönnies
International Neiegkeeten

Bréissel observéiert den Infektioun-Hotspot Tönnies

Déi gréng Europadeputéiert Sarah Wiener – déi Abseits de Politik

Virgezunne Spärstonn fir d‘Fransousen

De Premierminister Jean Castex war däitlech, et ass den Ament net fir ze maache wat ee wëll

Virgezunne Spärstonn fir d‘Fransousen

D‘Situatioun am Frankräich wier „ugespaant stabil“, woubäi déi aner Säit der Grenz, eppes hannert Däitsch-Oth, den Autoritéiten d‘Covid19-Mutatiounen zolidd Kappzerbrieches bereeden. Dat alles zesummegeholl war dem Premierminister Grond genuch de Fransouse gëschter ze erklären, datt si ab muer Samschdeg um 18 Auer mussen doheem. De System Spärstonn hätt sech bewäert…

Fir en neie Lockdown – der wuel kaum nach vun der Populatioun géif higeholl ginn – ze evitéieren, géif dës Moossnam elo fir 14 Deeg ëm- an duerchgesat. Crèchen a Schoule bleiwen op, esouguer d‘Héichschoulen an d‘Universitéite sollen zumindest partiel schaffe kënnen. Des weidere solle fir e besser Monitoring, 300.000 PCR-Tester pro Woch fir Schüler an Enseignante reservéiert ginn.

Spärstonn

Bis heihinner hat et schonn an de méi staark vun der Covid19-Kris betraffen Departementer eng Spärstonn vun 20 bis 6 Auer ginn. Um gesamten Territoire gëtt d‘Spärstonn ëm zwou Stonne virverluecht. An wann d‘Fransouse „Spärstonn“ soen heescht dat: kee Fouss vrun d‘Dier setzen, net fir Sport ze maachen oder akafen ze goen. Generell all net „essentiell“ Aktivitéit ass ënnersot.

Natierlech dierf ee weider op d‘Schaff a mat engem „entspriechende“ Grond dann awer tëscht 18 a 6 Auer den ëffentleche Raum opsichen. Mee et ginn net nëmmen déi Eenheemesch besser an/oder méi streng iwwerwaacht, och d‘Grenzkontrolle solle verschäerft ginn. Wien net aus der EU an d‘Land areese wëll, muss sech zwéngend Teste loossen „an“ siwen Deeg laang a Quarantaine.

Wat déi sougenannte brittesch Variant (B.1.1.7.) vum Covid19 betrëfft, esou huet de franséische Gesondheetsminister Olivier Veran erkläert, datt d‘Mutatioun elo 1% vun den Infektioune betrëfft. All Dag géif et bis 300 Neiinfektioune mat dëser Variant vum Coronavirus. Deen ass wuel net méi aggressiv an Punkto „Wierkung“, dofir kéint hien als „Sprinter“ gesinn, dee séier ënnerwee ass.

Mat nach ëmmer am Schnëtt iwwer 16.000 Neiinfektiounen, läit keen eenzegt Departement aktuell ënnert dem Grenzwäert vu 50/100.000 bannent 7 Deeg. Aktuell hunn sech am Frankräich (67 Mio Awunner) eng 2,8 Millioune Mënsche mam Covid19 ugestach. Ronn 69.000 Mënsche sinn un de Folge vun der Infektiounskrankheet verstuerwen. Mat den Impfunge kommen se (lues) virun…

mat indymedia/par

Illustratioun: © Danilo Alvesd / unsplash

Related topics brittesch Variant, Covid19, Frankräich, Jean Castex, Olivier Veran, Spärstonn
Next post Previous post