Search

You may also like

CSJ: D’Kritikpunkte vun der Tracing-App loosse sech léisen!
Neiegkeeten

CSJ: D’Kritikpunkte vun der Tracing-App loosse sech léisen!

Gëscht koum d’Nouvelle datt sech d’Unzuel vun den aktiven Infektiounen

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Juli bis den 1. August 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Juli bis den 1. August 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!
Neiegkeeten

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!

Et dierf opgeotemt ginn: déi 356 Migrante vun der Ocean

Wéi gi mir mat der Spärstonn ëm?

Wéi gi mir mat der Spärstonn ëm?

Zanter dem Freideg heescht et tëscht 23 a 6 Auer eng Spärstonn anzehalen. Et ass déi éischt zanter dem zweete Weltkrich an ob dat éischter Sënnvoll oder eng illegitimmen Agrëff an eis Grondrechter ass, doriwwer gëtt sech esouwuel an der analoger wéi der digitaler Welt eppes gestridden. An awer, et ass ee manéierlech an et hält sech un d‘Virgabe vun der Regierung.

No 21 Auer kann ee feststellen, datt Leit „méi oft“ de Bléck op d‘Auer riichten. Ob am Bistro oder dem Restaurant, et ass de Leit ofzegesinn, datt si rechne wéi laang et brauch fir zäiteg doheem ze sinn. Dat ënnert dësem Ëmstänn net esou wierklech „Weekend-Laun“ opkënnt, dat huet domat ze dinn, datt et keng Routine ass an déi meescht wuel och net iwwerzeegt sinn, dat et eppes bréngt.

D‘Auswierkunge vun der Spärstonn falen engem natierlech éischter an der Haaptstad op, wou ee gréissert Mënschenopkommen jo eigentlech d‘Reegel ass. An esou waren dann och um 22 Auer e Samschdegowend wuel „vill“ Leit ënnerwee, dat awer dann um Heemwee an net wéi dat soss op engem Weekend de Fall ass, fir anzwousch ze feieren, sech ee Spektakel unzekucken, asw…

Et sinn och wesentlech manner Clienten an de Bistroen an/oder de Restauranten. Déi hunn sech jo och missen den neien Ëmstänn upassen, a well hiert Personal och sollt um 23 Auer doheem sinn, loossen déi meescht schonn um 22 Auer de Rideau erof. Dat bréngt nees zolidd Abousse mat sech, zemools jo och d‘Zuel vun de Gäscht un engem Dësch op maximal véier Persoune begrenzt ass.

No 23 Auer huet d‘Police déi éischt Patrullen erausgeschéckt. Si wäerten an de nächste Woche laang Nuechten op sech huele mussen. Nach soll alles „roueg“ verlaf sinn, a wann d‘Zankerte wuel net op d‘Minutt ginn an éischter „bestëmmt frëndlech“ d‘Leit heemschécken, esou sollt een et net drop ukomme loossen. 145 Euro gi beim Verstouss géint d‘Spärstonn fälleg, dat muss jo net sinn.

A fir den Ament komme mir zu Lëtzebuerg mat enger Spärstonn ab 23 Auer gutt ewech. Bei eise franséischen Noperen ass een nees am Lockdown-Modus, an der Belsch wéi och an Däitschland huet et ee Lockdown-Light, woubäi de ganzen Horesca-Secteur d‘Luucht ausgemaach krut. Et ass domadder ze rechnen, datt et méiglecherweis déi nächst Woch och bei eis zum Confinement kënnt.

Illustratioun: Wann d‘Nuecht hiren däischtere Mantel iwwert Land néierleet a kee Mënsch op der Strooss ass, dann halen sech d‘Leit un d‘Spärstonn. © Cedric Letsch / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Gesetz, Grondrechter, Lockdown, Spärstonn
Next post Previous post