Search

You may also like

Sozialwahlen a Salariatskummer (eng Analys)
Neiegkeeten

Sozialwahlen a Salariatskummer (eng Analys)

Et huet, bis dann endlech och d‘Sëtzverdeelung an der Salariatskummer

Null Offall Stad Lëtzebuerg: Patrick Goldschmidt mellt sech zu Wuert
Neiegkeeten

Null Offall Stad Lëtzebuerg: Patrick Goldschmidt mellt sech zu Wuert

Lescht Woch huet déi gréng Stad Lëtzebuerg eng Motioun zur

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn
Neiegkeeten

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn

No Reporter ouni Grenzen (RSF), huet och de Comité zum

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ee weidere Chantier virgesinn ass. Duerch de Reamenagement vum Echangeur Helfenterbréck op der Autobunn A6 wäert et vun e Freideg, dem 20. September géint 20:00 Auer bis Méindes, den 23. September um 6:00 Auer zur Spärung kommen.

Bei den Aarbechten handelt et sech ëm de Reamenagement vun der Autobunns-Offaart – wann ee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung N34 ënnerwee ass – an der Autobunns-Opfaart – vun der N34 an a Richtung Sterpenech an Echangeur Helfenterbréck – an déi fänke Freides Owes, den 20. September géint 20:00 Auer an dauere bis Méindes Moies, den 23. September 6:00 Auer .

Helfenterbréck

Dofir si folgend Spärunge virgesinn:

  • D’Bretelle vun der Sortie (S5) vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung N34 fiert
  • D’Opfaart vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vun der N34 kënnt an a Richtung Sterpenech fiert

Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung N34 (Bartreng) fiert, gëtt iwwert den Echangeur Stroossen, zeréck op d’A6 a Richtung Helfenterbréck (Deviatioun 1) ëmgeleet. Wie vum Zentrum Lëtzebuerg oder der Z.I. Bourmicht a Richtung A6 vu Sterpenech kënnt, gëtt iwwert d’N34, d’CR181 an d’N6 bis bei den Echangeur Stroossen, dann iwwert d’A6 a Richtung Sterpenech (Deviatioun 2) geleet.

Weider Informatioune ginn et ënnert www.cita.lu.

Related topics Chantier, Deviatioun, Echangeur Helfenterbréck, Ëmleedung, Reamenagement, Trafic
Next post Previous post