Search

You may also like

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt
Neiegkeeten

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt

Nodeems Pyongyang virun enger Woch den Verbindungsbüro zu Kaesong an

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 26. Januar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften
Neiegkeeten

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften

Den Datenzenter vu Google, deen sech d‘Regierung gewënscht, vun den

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt e Samschdeg, den 20 Juni 2020 am Gousseler Tunnel tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Miersch geschafft gëtt. Duerch d’Aarbechte kënnt et zur Spärung.

Tëscht 8:00 an 18:00 Auer ginn Tester un der Ventilatioun gemaach. D’Autobunn A7 ass tëscht dem Echangeur Luerenzweiler a Schëndels a béid Richtunge gespaart.

Spärungen:

  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Luerenzweiler an dem Echangeur Schëndels a Richtung Fridhaff;
  • D’Autobunn A7 tëscht dem Echangeur Miersch an dem Echangeur Luerenzweiler a Richtung Jonctioun Gréngewald;
  • D’Bretelle vum Accès vum Echangeur Miersch, wann ee vun der N8 kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald vun der A7 fiert.

Ëmleedungen:

  • Den Trafic, dee vum Fridhaff kënnt an a Richtung Jonctioun Gréngewald vun der A7 ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Miersch iwwert d’N8 an d’N7 bis bei den Echangeur Luerenzweiler ëmgeleet;
  • Den Trafic, dee vun der Jonctioun Gréngewald kënnt an a Richtung Fridhaff vun der A7 ënnerwee ass, gëtt ab dem Echangeur Luerenzweiler iwwert d’N7 bis bei den Echangeur Mierscherbierg ëmgeleet.

Gousseler Tunnel

Related topics A7, Aarbechten, Chantier, Ëmleedung, Fridhaff, Gousseler Tunnel, Miersch, Spärung, Stroossebauverwaltung, Ventilatioun
Next post Previous post