Search

You may also like

Amtsaféierung vum Joe Biden: „Alles just eng Show“
Neiegkeeten

Amtsaféierung vum Joe Biden: „Alles just eng Show“

Wann de Sënn an Zweck vun de Presidentschaftswalen an Amerika,

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

Lëtzebuerger Automobilsbranche am Gléck
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Automobilsbranche am Gléck

Ugangs September hat de STATEC nach iwwer réckleefeg Verkafszuele beriicht,

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt muer mam Reamenagement vun der N34 an der Sortie Bartreng, wann een vum Gaasperecher Kräiz kënnt, ugefaange gëtt. Aus dësem Grond wäerten ab e Freideg, den 11. Oktober géint 20:00 Auer bis Méindes, de 14. Oktober géint 6:00 Auer eng Rei Spärungen an Deviatiounen optrieden.

Helfenterbréck

Spärungen

  • D’Sortie (S5) vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung N34 fiert
  • D’Opfaart vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vun der N34 kënnt an a Richtung Sterpenech fiert
  • D’Sortie (S5) vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vu Sterpenech kënnt an a Richtung N34 fiert
  • D’Opfaart vum Echangeur Helfenterbréck, wann ee vun der N34 kënnt an a Richtung Gaasperecher Kräiz fiert
  • D’N34 tëscht der Jonctioun N5 an Helfent, sou wéi der Z.A. Bourmicht zu Bartreng

Deviatiounen

  • Den Trafic, dee vum Gaasperecher Kräiz kënnt an a Richtung N34 (Bartreng) fiert, gëtt ëmgeleet iwwert den Echangeur Stroossen – N6 – CR181 – N34 (Deviatioun 1)
  • Den Trafic, dee vu Lëtzebuerg-Zentrum (N5) kënnt an a Richtung A6 fiert, gëtt ëmgeleet iwwert N5 – CR181 – N35 – N6 bis bei den Echangeur Stroossen – A6 (Deviatioun 2)
  • Den Trafic, dee vun der Z.A. Bourmicht kënnt an a Richtung A6 fiert, gëtt ëmgeleet iwwert N34 – CR181 – N6 bis bei den Echangeur Stroossen – A6 (Deviatioun 3)
  • Den Trafic, dee vum Zentrum Lëtzebuerg (N5) kënnt an a Richtung Z.A. Bourmicht ënnerwee ass, gëtt ëmgeleet iwwert N5 – CR181 – N35 – N34 (Deviatioun 4)
  • Den Trafic, dee vu Sterpenech kënnt an a Richtung N34 (Bartreng) fiert, gëtt ëmgeleet iwwert Zéissenger Kräiz op d’A4 a Richtung Lëtzebuerg bis op Märel, mat Retour op d’Zéissenger Kräiz – A6 bis bei den Echangeur Stroossen – N6 – CR181 – N34 (Deviatioun 5)

Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.cita.lu.

Related topics Chantier, Echangeur Helfenterbréck, Gaasperecher Kräiz, N34, Reamenagement, Sterpenech, Stroossebauverwaltung, Zéissenger Kräiz
Next post Previous post