Search

You may also like

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit
Meenung Neiegkeeten

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit

D‘Plattform „Leave means Leave“, déi engem konzessiounsfräie Brexit favorabel ass,

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
Meenung Neiegkeeten

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

Sozialkonflikt bei Luxtram S.A.
Meenung Neiegkeeten

Sozialkonflikt bei Luxtram S.A.

No der leschter vu ville Verhandlungsronnen (27. September) huet d‘Direktioun

„Ech mole mir d’Santé, wéi se mir gefällt“

„Ech mole mir d’Santé, wéi se mir gefällt“

De Comité vum Syndicat du personnel de l’Éducation nationale œuvrant spécifiquement dans l’intérêt des élèves à besoins éducatifs spécifiques, SPEBS/CGFP, war kuerzfristeg vun den Häre Meisch an Dura fir gëschter Moien op een „Échange bezgl. der aktueller Lag an de Centres de compétences am Kontext vun der sanitärer Crise“ invitéiert ginn.

Vu datt weder een Ordre du jour, nach aner Detailer zum Thema am Viraus matgedeelt goufen, hate mir opgrond vun der Kuerzfristegkeet vum Termin an der dramatescher aktueller Situatioun mat Ukënnegungen vun neie Moossname gerechent an eis och erwaart, eis Suergen, Bedenken a Verbesserungsvirschléi an Zesummenhank mat der Pandemie konstruktiv mam Här Minister diskutéieren ze kënnen. Mä ewéi mer déi éischt konkret Fro gestallt hunn, si mir direkt enges Bessere beléiert ginn.

„Dat hei ass keng Froestonn mam Minister; ech consultéieren Iech!“, huet de Minister Meisch eis geäntwert. Et géing drëms goen, Fuerderungen duerzeleeën a Proposen ze maachen, wa mer der dann hätten, mä net drëms, datt mir him Froe stelle sollten!

Doropper hin huet de SPEBS seng, allerdéngs net nei, Fuerderungen kuerz a bündeg widderholl:

  • ee reegelméissegt Teste vum Personal en charge vun den Élèves à besoins éducatifs spécifiques a vun deene Kanner a Jugendlechen;
  • d’Berécksiichtege vun de Schüler a Schülerinnen an dem ganze Schoulpersonal aus de Kompetenzzentren bei de Statistiken vun de Schoulen am Kader vun der Pandemie;
  • d’Berécksiichtegung vun technesche Méiglechkeeten fir d’Oprechterhale vun engem Enseignement, deen deen Numm verdéngt, a fir d’Oprechterhale vun den inklusive Moossnamen an der Schoul;
  • ee qualitativ gudden Enseignement fir d’Élèves à besoins éducatifs spécifiques, och duerch qualitativ Léisungen a Bezuch op d’Remplacementer;
  • Aarbechtskonditiounen am Allgemengen, mä ganz spezifesch och fir dat edukatiivt a psychosoziaalt Personal an eise Schoulen, déi eng qualitativ gutt Aarbecht am Sënn vun deene betraffene Schüler a Schülerinnen erméiglechen, grad och elo an der schwéierer a belaaschtender Zäit vun der Pandemie.

De Minister Meisch huet erkläert, datt de Virus mëttlerweil méi present wier (sic!) an datt d’Santé de Schwaachpunkt an der aktueller Situatioun wier. De Fait, datt an de Centres de compétences säit der Rentrée kaum bis guer net getest gi wier, wier dorops zréckzeféieren, datt de Virus do net vill present wier. Dat wier eng Decisioun vun der Santé.

Dobäi war eis am September nach erkläert ginn, datt d’Teste vum Personal an de Kompetenzzentren, d’Sécherheet garantéiere sollt, fir een Unterrecht ouni Maske bei deene betraffene Schüler a Schülerinnen! Flächendeckend wier laut dem Här Minister säit der Rentrée dogéint prioritär do getest ginn, wou et am néidegste wier, am Moment eben an den Altersheimer.

De SPEBS stellt d’Testen an anere Beräicher natierlech net a Fro, fuerdert awer ee reegelméissegt Teste vum Personal en charge vun den Élèves à besoins éducatifs spécifiques a vun deene Kanner a Jugendlechen selwer fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vun deem ganze Secteur garantéieren ze kënnen.

Op d’Feele vun de Kompetenzzentren an de Statistike vun der Educatioun ass de Minister Meisch guer net agaangen; hien huet just kloer gestallt, datt der Santé hire System déi lescht 2 Wochen iwwerfuerdert war an et doduerch zu Feeler komm wier. Mir stellen awer fest, datt d’Kompetenzzentren an déi entspriechend Zuele bis elo nach ni an de Statistike berécksiichtegt gi sinn.

A Bezuch op technesch Moyene wéi Loftfilteranlagen, CO2-Moossgeräter an automatesch Thermometeren gëtt et laut den Aussoe vum Minister Meisch an der Educatioun kee Sachverstand a keng Kompetenz, fir ofzeklären, ob dat sënnvoll Léisunge wieren. Et wier op jidder Fall keng Fro vu Budget, mä d’Fro, ob et sech net esouguer bei deene Moyenen em eng zousätzlech Geforequell handele géing, well een sech net op Eppes verloosse sollt, dat ënner Ëmstänn nei Problemer mat sech brénge kéint (z.B. doduerch datt Filteren net reegelkonform gewiesselt géife ginn). Den Minister Meisch huet präziséiert, hie selwer hätt keng Meenung dozou, et wier d’Santé, déi an der Fro tranchéiere misst.

Op déi lescht zwou Fuerderunge vum SPEBS bezüglech der Qualitéit vun de Remplacementer an zu den Aarbechtskonditiounen ass de Minister Meisch leider guer net agaangen.

Dofir ass de Minister Meisch awer nach op d’Prozedur vun der Autoquarantän agaangen, déi vun der Santé net mat der Educatioun ofgeschwat gewiescht wier, an déi de Risiko vun engem Personalmangel an der Educatioun mat sech brénge géif. Et misst een ënnerscheeden tëschent engem direkte Kontakt mat engem Positiven am professionellen Ëmfeld an dem direkte Kontakt mat engem Positiven am privaten Ëmfeld.

Ouni déi Ënnerscheedung géing den Zeenario 1 vum Stufemodell an de Schoulen nämlech guer net méi antrieden. Déi Situatioun géing nach eemol am Comité de pilotage diskutéiert ginn an d’Resultat vun der Diskussioun géing en temps utile kommunizéiert ginn.

Mir froen eis, wéini den temps utile ass, wann net elo. Mir verstinn och net, a wéi fern et eng Differenz tëschent engem direkte Kontakt mat engem Positiven am professionellen Ëmfeld an engem direkte Kontakt mat engem Positiven am privaten Ëmfeld gëtt. Vu datt et jo net un eis war fir Froen ze stellen, konnt dee Punkt leider net gekläert ginn.

Eist Uleies war et och, iwwer prozedural Schwieregkeeten beim Tracing an de Schoulen a bei de Mesure beim Optriede vu positive Fäll respektiv vu Kontakter mat positive Fäll ze diskutéieren. Opgrond vun Onkloerheeten an den entspriechende Fichieren vun der Educatioun kënnt et vir, datt Leit an de Centres de compétences an d’Isolatioun geschéckt ginn, déi kee Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten, an anerer, déi een direkte Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten, am Tracing vergiess ginn.

Leider gi mir den Androck net lass, datt den Interêt un dësen net onwichtegen techneschen Detailer sech a Grenze gehalen huet. Villméi krute mir erkläert, datt d’Quarantaine bis elo mat der Schëpp amplaz mat der Pincette verdeelt gi wieren. A ville Fäll géing ee falscht Verständnis vun deene Mesure virherrschen. Net all Kontakt wier ee “Contact étroit”.

Mir haten den Androck, datt duerch d’Angscht virun engem seriéise Personalmangel de Prinzip vun der Autoquarantaine am Enseignement a Fro gestallt gëtt. Mir hu leider net den Androck, datt d’Sécherheet an d’Gesondheet vun de Schüler a Schülerinne (mat an ouni spezifesche Besoinen) an den Enseignanten an dem edukativen a psycho-soziale Personal, déi mat dëse Kanner a Jugendleche schaffen, eng Prioritéit fir den Här Minister Meisch duerstellen.

Dobäi misst d’Seriositéit an der Educatioun am Ëmgank mat der Pandemie een Deel vun der Grondlag vun der globaler Strategie an dëser Kris sinn!

D’Fro, déi sech opdrängt, ass déi no de Prioritéiten: Priméiert den Ëmgank mat der Pandemie an d’Mesure vun der Autoquarantaine oder priméiert de Schäin vun engem normal funktionéierende Schoulsystem?

An deem Zesummenhank stelle sech fir eis vill Froe beim Retour vu Schüler a Schülerinnen aus der Quarantän. Oft weess keen an der Schoul, ob ee Kand iwwerhaapt getest ginn ass respektiv ob et an der Tëschenzäit negativ getest ginn ass oder net, zemol wa Kontakter mat e puer positiv geteste Persoune virlouchen. Hei berifft de Minister Meisch sech op de Secret médical: D’Schoulpersonal däerf net no engem Test froen, och net, wann et Onkloerheete gëtt. Et gëtt och keng Méiglechkeet fir dat an Zesummenaarbecht mat der Médecine scolaire ze klären, well de Secret médical dat verhënnere géif.

D’Fro, op déi eis d’konkret Äntwert direkt am Ufank vun der Entrevue verweigert gouf, war iwwregens déi, ob an eisen Aen zu Recht besuergtent Schoulpersonal berechtegt ass, d’Schüler a Schülerinnen aus senger Klass am Enseignement fondamental oder an engem Centre de compétence ze froen fir och am Unterrecht d’Mask unzehalen. Selbstverständlech sinn domat keng Kanner a Jugendlecher gemengt, bei deenen d’Mask ee Risiko duerstellt oder fir déi eng medezinesch Konterindikatioun zu engem Port du masque virläit. Nichtsdestotrotz huet de Minister Meisch zwanghaft probéiert, eis d’Fuerderung no enger globaler Maskeflicht an de Mond ze leeën. Mir wéilten heimat ganz kloer soen, datt mir keng Maskeflicht fir jidderee gefuerdert hunn.

De SPEBS/CGFP fuerdert eng transparent, koherent a verständlech Approche; nëmme Mesuren, déi novollzéibar, koherent an transparent sinn, fannen Uklang an der Gesellschaft a gi befollegt! Hei ass nach vill Sputt no uewen, besonnesch an der Koordinatioun tëschent der Santé an der Educatioun!

Fir de Comité vum SPEBS/CGFP steet et weiderhin ausser Fro, datt déi aktuell Kris nëmmen duerch een entschlossent Handele vun deene politesch Verantwortlechen am Zesummewierke mat allen Acteure vum Terrain bewältegt gi kann. Wann eise Ministère allerdéngs esou weider mécht, da steiert d’Educatioun riicht mam Kapp an d’Mauer!

Matgedeelt vum Comité vum SPEBS/CGFP
Hir offiziell Matdeelung fannt Dir HEI (PDF)

Opmaacherbild: © SIP/JULIEN WARNAND

Related topics Claude Meisch, Covid-19, Fuerderungen, keng Froestonn, Kompetenzzentren, kuerzfristeg Entrevue, Mask, Pandemie, Schoulpersonal, SPEBS-CGFP, Statistiken, Transparenz, Ustiechung
Next post Previous post