Search

You may also like

D‘Flitterwoche sinn eriwwer
Meenung Neiegkeeten

D‘Flitterwoche sinn eriwwer

Den Donald Trump ass jo elo säit gefillten 10 Joer

Wou ass een dru mam Projet „Nordstad“?
Meenung Neiegkeeten

Wou ass een dru mam Projet „Nordstad“?

Wien „Nordstad“ héiert denkt an éischter Linn emol un Dikrech

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September
Meenung Neiegkeeten

GARDEN SOUNDS mat Literatur & Musek um 26. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng

Inkohärenz a Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister Meisch

Een oppene Bréif vum SPEBS-CGFP

Inkohärenz a Widderspréch an der Argumentatioun vum Minister Meisch

De Syndicat du Personnel de l’Éducation nationale oevrant spécifiquement dans l’intérêt des élèves à besoins éducatifs spécifiques, kuerz SPEBS-CGFP, ënnersträicht seng Iwwerzeegung, datt déi spezialiséiert Kompetenzzentren am psycho-pedagogesche Beräich genee wéi all aner Schoulen z Lëtzebuerg nees opmaache mussen. Si weise sech bestierzt iwwert dem Minister Meisch seng Aussoe vum 15. Mee.

An der leschter Pressekonferenz hätt den Educatiounsminister d’Mesuren zur Erëffnung vun de Schoulen zu Lëtzebuerg nach emol widderholl a bestätegt. D’Unzuel u Schülerbusse sollt awer klammen a Begleetpersoun sollt sech ëm de Respekt vun der Distanzreegelung an dem Droe vum Mondschutz.

Am ganze Gewibbels sinn awer d’Course vun de spezifesche psycho-pedagogesche Kompetenzzentren laang Zäit komplett vergiess ginn. Iwwert zwee oppe Bréiwer huet de SPEBS-CGFP seng Bedenke missen äusseren an op sech opmierksam maachen. Schliisslech sollt dunn déi gewënscht Pressekonferenz mat detailléierten Äntwerte fir Erzéier, Léierpersonal, Elteren a Schüler kommen. Hei hätt de Minister sech seng Argumentatioun awer vague zerecht gebéit.

A bemol stoungen net méi déi sanitär Schutzmoossnamen am Mëttelpunkt, mee de Fokus louch dorobber, datt d’Covid-19-Erkrankung bei Kanner a Jugendlechen meeschtens harmlos an ouni Symptomer verleeft. Trotz den Nouvelle vun de steigende Fäll vun der Kawasaki-Erkrankung an aneren Iwwerreatkioune vum Immunsystem bei Kanner a Jugendlechen hätt ee sech hei méi erhofft.

De SPEBS-CGFP huet a sengem neisten oppene Bréif d’Widderspréch vun den Decisioune vum Minister Meisch zesummegefaasst. De Syndicat ferdert, datt d’Argumentatioune vun de Moossname schlësseg an eenheetlech gestalt a presentéiert ginn. Dat ganzt Dokument fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Andre Hunter / Unsplash

Related topics Bildung, Claude Meisch, Deconfinement, Educatiounsminister, Mesuren, Oppene Bréif, Sécherheet, SPEBS-CGFP, spezifesch psycho-pedagogesch Kompetenzzentren, Syndicat du Personnel de l'Éducation nationale oevrant spécifiquement dans l'intérêt des élèves à besoins éducatifs spécifiques, Widderspréch
Next post Previous post