Speedmarathon 2022: D’Police mellt iwwer 240 Protokoller

Am Kader vun der paneuropäescher Campagne „Speed“ gouf leschten Donneschdeg zu Lëtzebuerg dee scho bal traditionelle Speedmarathon organiséiert. Dobäi goung et natierlech net drëms als Schnellst oder Schnellsten ze gewannen, mee ob d‘Geforen vun ze héije Geschwindegkeeten opmierksam ze maachen.

Och an dësem Joer duerft d‘Ëffentlechkeet op de soziale Medie mat ofstëmmen, wou d‘Beamten hir Kontrollen duerchféiere sollten. Esou waren d’Polizisten ënnert anerem op der N15 beim Schumannseck/Bidscht, op der N1 tëscht Nidderaanwen a Rued Syr, zu Keel an der Diddelenger Strooss sou wéi um Val Ste. Croix an der Stad am Asaz.

Eleng op der N2 tëscht Aassel a Rued hate méi wéi 90 Automobilisten en ze schwéiere Fouss op der Gas-Pedall.

Nieft de fixe Radaren, déi um Speedmarathon ganzer 781 Mol ausgeléist hunn, koum et landeswäit zu iwwer 150 Vitess-Kontrollen. An 125 Fäll gouf et e Protokoll vu 49€. Mat 145€ an 2 Punkten sinn 117 Automobiliste bestrooft ginn. Dobäi komme 16 Fäll mat juristesch Folgen.

Speedmarathon 2022
© Police / Twitter

De Speedmarathon steet ënnert der Tutelle vu Roadpol a gëtt all Joer aus Grënn vun der Sensibiliséierung organiséiert.

Dernières nouvelles