Search

You may also like

Et ass nees esou wäit: Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul
Neiegkeeten

Et ass nees esou wäit: Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul

Vum 15. Mee bis den 31. Juli fënnt déi 13.Editioun

Ee séchert Silvester: Passt op Iech, Är Kanner an d’Déieren op!
Neiegkeeten

Ee séchert Silvester: Passt op Iech, Är Kanner an d’Déieren op!

A wéinegen Deeg kënnt d’Joer 2019 schonn op een Enn

Dem Monica säi „Fauxpas“
Neiegkeeten

Dem Monica säi „Fauxpas“

Als Politiker steet een ëmmer eppes méi „ënner Observatioun“ wéi

Spendenstell Norden: Hëllef fir d’Affer vun den Iwwerschwemmungen

Spendenstell Norden: Hëllef fir d’Affer vun den Iwwerschwemmungen

Nom Héichwaasser a senge katastrophalen Suitten ass d’Solidaritéit landeswäit grouss. Zesumme gëtt geraumt, gebotzt, gesammelt a getréischt. An dësem Kader huet sech zu Duerscht bei Housen e Grupp aus Fräiwëllegen zesumme gedoen, fir Betraffenen eng Hëllef unzebidden a Form vu Sachspenden.

Ënnert dem Numm „Spendenstell Norden“ setze sech siwe motivéiert Dammen dofir an, datt déi Persounen, déi duerch d’Iwwerschwemmungen alles verluer hunn, materiell Géigestänn gratis ugebuede kréien an hinnen den Neistart e bëssen erliichtert gëtt.

Hiren Appell riicht sech dobäi un déi zwou Säiten: Hutt Dir Doheem Saachen, déi Dir net onbedéngt braucht a woumat Dir enger anerer Persoun, respektiv Famill eppes Guddes doe kënnt? Vu Kleedung, iwwert Miwwelen, hin zu Haushaltswueren, hëlt d’Spendestell dankbar all Don entgéint.

Spendenstell Norden
Spendenstell Norden / Facebook

Et gëtt drop higewisen, datt „Spendenstell Norden“ weder e Floumaart, nach e Recycling, a scho guer keng Plaz fir den eegenen Offall lasszeginn, ass! D’Saache sollten an engem gudden Zoustand an natierlech brauchbar sinn. Stellt Iech d’Fro: Géif ech dat selwer huelen, wëllen oder brauchen?

Op der anerer Säit sollen dës Donen natierlech u Persounen a Famille goen, déi uerg vun den Iwwerschwemmungen getraff goufen. Per Telefon, Mail a Facebook kënnt Dir Iech mellen, op d’Plaz kucke kommen a mathuelen, wat Dir braucht. Wann néideg, kann och en Transport organiséiert ginn.

Kontakt:

Tel.: (+352) 661 88 08 20
Mail: nadia.schenk@outlook.com
Facebook: Spendenstell Norden.

Opmaacherbild: Spendenstell Norden / Facebook


Wichteg: Mir weisen drop hin, datt esou Noutfallsituatiounen gäre vun onseriéise Leit mëssbraucht ginn. Sollt Dir en Don a Form vu Suen oder materielle Géigestänn maachen, da vergewëssert Iech, datt d’Persoun(en) dohannert transparent handelen. Mat e puer Minutte Recherche kënnt Är Hëllef doduerch och op der richteger Plaz un.

Related topics Affer, Betraffener, Don, Duerscht, Héichwaasser, Hëllef, Housen, Iwwerschwemmungen, Kleedung, Miwwel, Solidaritéit, Spendenstell Norden
Next post Previous post