Search

You may also like

Inflatioun beim Räis an Afrika: No Covid-19 dreet d’Liewensmëttelkris
Neiegkeeten

Inflatioun beim Räis an Afrika: No Covid-19 dreet d’Liewensmëttelkris

Tëscht dem 2. Januar an dem 12. Juni 2020 ass

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels
Neiegkeeten

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels

Tëscht dem 23. a 26. Mee 2019 gëtt an Europa

Wisou d’Primme fir d’Elektromobilitéit grad elo net de richtege Wee sinn
Neiegkeeten

Wisou d’Primme fir d’Elektromobilitéit grad elo net de richtege Wee sinn

No der Period vum Confinement komme wirtschaftlech Froen op. Enn

Eng Spezialeenheet géint Pedokriminalitéit

Eng Spezialeenheet géint Pedokriminalitéit

Mat enger parlamentarescher Fro (2584) huet sech den Député-Maire Dan Biancalana mat enger Fro am Zesummenhang mat der Pedokriminalitéit ausenanergesat. Hei dann och méi prezis mat der Pedopornographie an dem Grooming am Internet, mee och der Mësshandlung an der juveniller Delinquenz. Heirëm këmmert sech Jugendschutzsektioun vun der Police an déi huet gutt ze dinn.

De Buergermeeschter vun Diddeleng bezitt sech an senger Fro op den Aktivitéitsbericht vun der Police vun 2019, aus deem ervirgeet, datt sech eis Beamte mat 882 neien Dossieren ze beschäftegen haten. An 304 Fäll ass et ëm sexuelle Mëssbrauch a schwéier Infraktioune géint Mannerjäreger gaangen. Elo ass dëse Service net grad deen am beschten opgestallte bezunn op d‘Personal.

Wann een da bedenkt, datt 2018 dëse Service et nach mat 223 Dossieren ze dinn hat, hat ee sech gutt virstellen, datt d‘Beamten esou lues un hir Grenze geroden. Vill Fäll si mam Internet verbonnen an et wéilt ee am léifste guer net wëssen, wat eise Polizisten hei zougemutt gëtt. Et erschéngt dann och ersiichtlech, datt dëse Service misst ausgebaut ginn, an d‘Agenten sech spezialiséiere mussen.

Eng weider Suerg vum Dan Biancalana – déi absolutt begrënnt ass – bezitt op de Fait, datt generell ëmmer méi pornografescht Material an de Schoulen tëscht de Schüler „zirkuléiert“. A wann een der offensichtlecher sexueller Gewalt um Terrain nach eppes entgéint ze setzen huet, esou ass dat am Internet eng aner Affär. De sougenannten Darknet léisst sech och net esou einfach iwwerwaachen.

An hirer Äntwert sinn d‘Ministere Sam Tanson (Justiz) a n Henri Kox (bannenzeg Sécherheet) am Detail op dem Deputéierten seng Froen agaangen. Béid Minister si sech eens doranner, datt et eng Spezialeenheet brauch, besonnesch am Kontext vun den neien Technologien an der Notzung vum Darknet, woubäi net eleng d‘Pedokriminalitéit vun dëser neier Unitéit soll behandelt ginn.

Méi generell wëlle béid Minister, ee Service schafen, dee sech mat der Cyberkriminalitéit – also och dem Drogen- a Waffenhandel – beschäftege soll. Dat bedeit allerdéngs och, datt een dofir emol fir unzefänken déi richteg Leit fënnt. Wa gewosst ass, datt d‘Police esou scho Krämpes huet d‘Leit fir de generellen Déngscht ze rekrutéieren, dierft déi gewënschte Spezialeenheet nach eppes brauchen.

Illustratioun: Kleiton Santos / pixabay

Related topics Dan Biancalana, parlamentaresch Fro 2584, Pedokriminalitéit, Pedophilie, Pedopornographie
Next post Previous post