Search

You may also like

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht
Neiegkeeten

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht

Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi

Gudde Weekend fir den Dylan Pereira zu Monza
Neiegkeeten

Gudde Weekend fir den Dylan Pereira zu Monza

Wann et bis gutt leeft muss een dru bleiwen. No

US-President fuerdert Doudesstrof fir Boston-Attentäter
Neiegkeeten

US-President fuerdert Doudesstrof fir Boston-Attentäter

Den Dzhokar Tsarnaev hat zesumme mat sengem Brudder de 15.

Zu Éiere vum CNIS, dem Stade de Luxembourg a méi

Ab haut sinn 8 nei Spezialtimberen erhältlech, déi vun enger neier Ausgab vum Magasinn „PhilatéLux“ begleet ginn. Esou ginn ënnert anerem den neie Stadion, d‘Weltausstellung zu Dubai oder och d‘Mise en Service vum CNIS op besonnesch Aart a Weis geéiert.

E Sonndeg hunn d‘Pompjeeë vum CIS Lëtzebuerg dat alt Gebai an der Areler Strooss endgülteg verlooss, fir am Cortège an hir nei Kasär, de Centre National d‘Incendie et de Secours um Ban de Gasperich ze zéien. An dësem Kader huet d‘POST der moderner Infrastruktur an dem Start vun engem neie Kapitel fir de CGDIS e klengt Konschtwierk a Miniaturformat gewidmet.

Ma, et ass nach net esou laang hir, datt den éischte Fussballsmatch am neie Stade de Luxembourg organiséiert ginn ass. Sief et elo Fussball, Rugby oder och aner Manifestatiounen, wéi beispillsweis gréisser Concerten, Plaz fir bis zu 12.500 Persounen ass gebueden. Seng speziell Fassade mam geometresche Muster an d‘Sëtzméiglechkeeten an eisen Nationalfaarwen fale besonnesch op.

Vum 1. Oktober 2021 bis den 31. Mäerz 2022 wäert ënnert dem Thema „Connecting Minds, Creating the Future“ d‘Weltausstellung zu Dubai endlech stattfannen. Un dësem risegen Evenement, dat Pandemie-bedéngt ëm e gutt Joer verréckelt huet misse ginn, hëlt och Lëtzebuerg deel a presentéiert d‘Land mat engem eegene Pavillon.

Weider Spezialtimbere bezéie sech op d‘SEPAC a seng historesch Kaarten, den Dag vum Timber 2021, d‘Motiv „Vieux Luxembourg“ vu Villeroy & Boch, an de ländlechen Tourismus (mat 2 Timberen).

Uewe fannt Dir eng Billergalerie mat alle Motiver.

Related topics CNIS, Dag vum Timber, Ländlechen Tourismus, Philatelie, PhilatéLux, Post, Spezialtimberen, Stade de Luxembourg, Weltausstellung Dubai
Next post Previous post