Search

You may also like

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech
Neiegkeeten

Dramatesche Réckgang vu Vullen: Déi Rout Lëscht erweidert sech

Gëschter Moien huet natur&ëmwelt op seng Presentatioun zur neier Rouder

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt
Neiegkeeten

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

Si ware vir d‘Motioun vun de Piraten an hu begréisst

Esch ass spendabel wëll et Hëlleft!
Neiegkeeten

Esch ass spendabel wëll et Hëlleft!

Et geet dem Horesca-Secteur net gutt, an et ass kloer

Lëtzebuerger Spideeler: Dat grousst Impfen huet ugefaangen

Nodeems e Méindeg de Moderna-Impfstoff, sou wéi 4.875 nei Dosen vum BioNTech-Pfizer-Mëttel zu Lëtzebuerg ukomm sinn, huet a 5 Spideeler „dat grousst Gepicks“ ugefaangen. Ëm 3.900 Professioneller aus dem Fleege- a Gesondheetssecteur kënnen esou an den nächsten 2 Wochen hir éischt Dosis vum Vaccin géint de Covid-19, e puer Wochen drop dann déi Zweet kréien.

Jeeweils 975 Dosen vum Impfstoff sinn direkt un den Centre Hospitalier du Nord (CHdn), de Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM), de Centre Hospitalier du Luxembourg (CHL) an d’Hôpitaux Robert Schuman (HRS), sou wéi un den Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) gaangen. Dat néidegt Equipement zum Stockage gouf hinnen zur Verfügung gestallt. Schliisslech muss de Vaccin bei op mannst -70°C gelagert ginn. Weider 975 Dose pro Haus si fir den 18. Januar virgesinn.

ImpfenOch d’Dr Suzanne Koy aus dem HRS huet sech impfe gelooss © SIP / Julien Warnand

Nodeems an enger éischter Phas d’Fleege- a Gesondheetspersonal aus de Spideeler, sou wéi all aner Kategorie vu Professionellen an den uewe genannte Strukture geimpft ginn, soll duerno de Rescht vum Secteur a Kollaboratioun mat de Klinicken géint de SARS-CoV-2 geschützt ginn. Heizou gehéieren beispillsweis de Centre François Baclesse, de Reha-Zenter vum Kolpecher Schlass, den INCCI Häerz Zenter oder och d’Haus Omega.

All Struktur decidéiert selwer, wéi eng Persounen Prioritéit hunn. Den Oflaf vun der Impfung bleift awer selwecht wéi an den Impfzentren uechtert d’Land.

Ëm 12.000 Persoune schaffen an de Spideeler. Si all sollen an den nächste Wochen de Vaccin kréien, wouduerch nach eng drëtt Liwwerung benéidegt gëtt, fir datt all Persoun seng éischt Dosis ka kréien. Dobäi sief nach emol drun erënnert, datt d’Prozedur op fräiwëlleger Basis duerchgefouert gëtt.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu den Impfungen an de Spideeler. Um Opmaacherbild ass den Vincent Leick, Infirmier am HRS, ze gesinn © SIP / Julien Warnand

Related topics CHL, Covid-19, Gesondheetssecteur, Hopitaux Robert Schumann, Impfcampagne, Impfung, Pfizer Biontech, SARS-CoV-2, Spideeler
Next post Previous post