Search

You may also like

Keen Techtelmechtel bei McDonalds
Neiegkeeten

Keen Techtelmechtel bei McDonalds

Datt déi amerikanesch Konzerner zanter dem „#MeToo“ sech nei Reegelen

Klimanoutstand a Spuenien
Neiegkeeten

Klimanoutstand a Spuenien

Aus dem Cabinet vum Ministerpresident Pedro Sanchez koum gëschter d‘Erklärung,

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?
Neiegkeeten

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?

[onionbuzz quiz-id=205][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet zënter datt d’Land existéiert net grad

Mat Geld léist sech villes léisen

Mat Geld léist sech villes léisen

Nodeems d‘Spideeler Robert Schumann (HRS) wéinst diverse „Virfäll“ eppes ze vill an d‘Liicht vun der Ëffentlechkeet gerode sinn, an de private Gesondheetsdéngschtleeschter zumindest wat säi Management a Verwaltungsrot betrëfft, blouss gestallt gouf, huet et dann elo endlech emol esou eppes wéi Konsequenzen.

Am Schreiwes un d‘Press vun haut heescht et, datt sech den HRS an de Generaldirekter Dr. Claude Schummer am béidsäitegem Averständnes „getrennt“ hätten. Dat ass eng diplomatesch Aart a Weis fir Mënschen am gehuewene Management ze entloossen. Wie „getrennt“ an net „entlooss“ gëtt, huet dann och géintiwwer engem Salarié och en Usproch op eng lukrativ Entschiedegung.

Nieft dem Fait datt et Mobbing-Virwërf géint den HRS gëtt – déi keen eeschthaft ënnersiche wëll – krut den Dr. Claude Schummer ënnerstallt, sech iwwer donkel Kanäl hätte wëlle mat Impfstoffer vu Pfizer/Biontech anzedecken. Géint d‘Virwërf vum Mobbing geet de President vum Verwaltungsrot a President vun der Stëftung elo iwwert seng Affekoten-Etüd perséinlech vir. De Jean-Louis Schiltz dierft dann och de Mediateur an der Scheedung mam Generaldirekter gewiescht sinn.

Wat den Dr. Claude Schummer betrëfft, esou hat den scho Mëtt Mäerz „agehaangen“ an ass net emol méi op senger Aarbechtsplaz erbléckt ginn. Kommissaresch huet d‘Sandra Thein de Poste vum Generaldirekter iwwerholl. En Job dee sou wuel nach en Ament laang maache muss. Dëse Poste soll elo Géigestand vun enger nationaler an internationaler Ausschreiwung ginn.

D‘Demarche vum Rekrutement soll an enker Zesummenaarbecht mam medezinesche Kolléisch an der Personaldelegatioun gemaach ginn. D‘Jury fir d‘Selektioun besteet aus den éierewäerte Membere vum Verwaltungsrot: Claude Seywert, Michel Wurth, Marie-Josée Jacobs an Dr. Robert Steinmetzer. Ob domadder versicht gëtt den Androck vun Transparenz ze schafen an nees all Schold vu sech weisen? Esouwuel als och. Ëmmerhi geet et ganz niewebäi och ëm masseg vill Geld.

Illustratioun: © Robert Anasch / unsplash

Related topics Ausschreiwung, Dr. Claude Schummer, HRS, Rausworf, Spideeler Robert Schumann
Next post Previous post