Search

You may also like

money
Galeries Lafayette: Een moderne Komplex als Häerz vun der Haaptstad
Neiegkeeten

Galeries Lafayette: Een moderne Komplex als Häerz vun der Haaptstad

Iwwer 10 Joer hunn d’Aarbechten, vum Projet bis zur Realisatioun,

Brasilien: Justiz hieft Urteeler géint de Lula op
Neiegkeeten

Brasilien: Justiz hieft Urteeler géint de Lula op

Den ieweschte Geriichtshaff an der Haaptstad Brasilia huet matgedeelt, datt

D‘Bildungspolitik nei orientéieren
Neiegkeeten

D‘Bildungspolitik nei orientéieren

Duerch d‘Resultater vun de Wahle vum leschte 14. Oktober, hunn

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen

Ënnerschiddlech an ze héich Tariffer maachen d'Leit duercherneen a rosen

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen

Zënter Woche sinn d’Präisser vun de Parkingen vun de Spideeler en Thema. An de sozialen Netzwierker gëtt vu Wucher geschwat. Den ULC (Union Luxembourgeoise des Consommateurs) huet sech och schonns ageschalt. Souwuel den Gesondheetsministère wéi och de Sozialministère wéilten hei duerchaus eng “gesond” Präispolitik. Dëst ergëtt sech aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) an dem Minister vun der Sécurité Sociale Romain Schneider (LSAP) op dem Parlamentarier Gast Gibéryen (adr) seng parlamentaresch Fro.

Do ass dann och ze liesen, datt et keng eenheetlech Reegelung gëtt, wat dës Tariffer ugeet. Dat bréngt och mat sech, datt Patienten, déi mi oft mussen an d’Spidol, keng Forfaite kréien. Gläiches gëllt deen Ament fir Besicher. All Spidol hätt do seng eege Reegelung.

Den Dialog ass opgeholl an et wëll een no enger uerdentlecher Léisung sichen

Et wëll een et awer net bei blousse Feststellunge beloossen. D’Ministesch verréit, datt de Ministère den Dialog mat der Spidolsfederatioun (FHL) opgeholl hätt. Et wéilt ee vir “präislech adequat Parkingstariffer” suergen. An och soll, esou wäit wéi méiglech, eng Reegelung kommen, déi et Patienten an Visiteuren erméiglecht, zu engem iwwerméissegten Tarif do ze parken.

D’Parkingsgebaier falen net ënnert dem Staat seng Zoustännegkeet. An der Äntwert ass ze liesen, datt de Finanzement a Bau vun de Parkhaiser aus den Täsche vun de Spideeler staamt. Dowéinst géif de Gesondheetministère och net “iwwert déi verschidden Parktariffer an den Spideeler informéiert” ginn.

Related topics Gast Gibéryen, Lëtzebuerg, Lydia Mutsch, Parking, Romain Schneider, Spidol, Transport
Next post Previous post