Search

You may also like

Den donkele Lëtzebéier vun der Béierhaascht: „Esou geet Béier!“
Business Neiegkeeten

Den donkele Lëtzebéier vun der Béierhaascht: „Esou geet Béier!“

Wann de Braumeeschter Guy Majerus zu Käerjeng senger Konscht fräie

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint
Business Neiegkeeten

D‘Eisebunner stellen sech um Kierchbierg den EU-Transportminister entgéint

Laut eiser Police, waren et ronn 250 Eisebunner aus Lëtzebuerg,

Ee leschten Tour mam Moto
Business Neiegkeeten

Ee leschten Tour mam Moto

Et ass Hierscht an dobausse fänkt et esou lues un

Spill-Applikatioun mat lëtzebuergeschem Touch

Spill-Applikatioun mat lëtzebuergeschem Touch

Pénktlech zu Nationalfeierdag gëtt et an de bekannten online Applikatiounsbutteker en neit Spill, datt sech zwar der ganzer Welt, mee eppes méi besonnesch dem Resident zu Lëtzebuerg ubitt. Et kënnt aus dem Haus „Virtual Rangers“ eng Entwécklungs-Entreprise mat Sëtz zu Réiser.

Am Spill Lux Runner, jabelt den interesséierte Gamer duerch d‘Gaasse vum Land. Dat mam Roudy wéi de virtuelle Roude Léiw hei genannt gëtt. Natierlech steet Finanzplaz eppes am Mëttelpunkt, woubäi hei eigentlech just d‘BIL gemengt ass, déi sech als eenzege Partner dem Projet ugeschloss huet. Mee eis sëllege Schantjen an den Tram goufen net vergiess.

Wierklech nei ass un dësem Spill elo eigentlech just, datt et ëm Lëtzebuerg geet, Ansonsten ass et ee „Laf- a Sammelspill“ wéi vill anerer och. Allerdéngs huet sech de „Lux Runner“ schonn op déi zweet Plaz vun den Aktiounsspiller bei „Google Play“ installéiert an op Nationalfeierdag hat dës Applikatioun scho ganzer 10 Bewäertungen (23. Juni 12 Auer).

Hannert dem Lux Runner a sengem Roudy stécht de Mathieu Bracchetti, Generaldirekter a Grënner vu „Virtual Rangers“. Dësen Erkläert zum Spill, datt et emol grondsätzlech drëms gaangen ass, eng lëtzebuergesch Presenz opzebauen, mat där een d‘Land spilleresch ka kenne léieren. De Palais, mee och d‘Philharmonie, sougenannt Worzeechen, goufen hei agebaut.

Spille kann een de Lux Runner „gratis“ – dat heescht dann dir sidd d‘Produkt – well et sech iwwer Reklamme finanzéiert. Hei wier awer ganz gutt Uecht gedoe ginn, datt dës Reklammen net de Spillfloss stéieren. Well d‘BIL jo bis ewell deen eenzege Partner ass, huet et selbstverständlech och eng Missioun „Banque Internationale“. Anerer kommen no…

Wann och dir et elo virzitt, d‘Zäit fir op d‘Schaff oder den Heemwee mat engem Spill, statt de sozialen Netzwierker ze iwwerbrécken; eventuell och d‘Naup hutt bei Webesch Camille statt enger Zeitung, de Smartphone fir en Ament Gléckséilegkeet anzesetzen, dann ass et dat richtegt Produkt fir iech. An dir ënnerstëtzt esouguer eng Lëtzebuerger Firma.

Related topics Applikatioun, BIL, Lux Runner, Roudy, Virtual Rangers, Zäitverdréif
Next post Previous post