Search

You may also like

Divergenzen am UN-Sécherheetsrot
Neiegkeeten

Divergenzen am UN-Sécherheetsrot

An engem Bréif un de President vum UN-Sécherheetsrot, hunn d‘UN-Ambassadeure

dislike
Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel
Neiegkeeten

Nom Bluttbad vu Gaza verschäerft sech den Toun tëscht der Tierkei an Israel

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!
Neiegkeeten

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!

GLOW ass eng vun deenen aussergewéinlechste Serien, déi Netflix am

Cents: „Fluchhafe-Spillplaz“ deelweis zou ab dem 23. August 2021

Cents: „Fluchhafe-Spillplaz“ deelweis zou ab dem 23. August 2021

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt déi thematesch Spillplaz, déi sech „Op der Heed“ um Cents befënnt, vum 23. August bis Ufank Oktober 2021 deelweis gespaart wäert sinn. Grond sinn Erneierungsaarbechten an e puer Faarfcouchen, déi nei opgedroe musse ginn.

De Kanner wëll ee schliisslech e super Spillerliefnis bidden, dat déi gefuerdert Qualitéit bitt an natierlech och den Ufuerderunge vun de verschidden Altersgruppe gerecht gëtt.

Aktuell zielt d’Stad Lëtzebuerg ganzer 212 Flächen, op deenen d’Butzen, jonk Kanner a Jugendlecher hir Fräizäit verbrénge kënnen. Dozou gehéieren nieft de Spillplazen och Sportsterrainen a Skatepisten an de verschidde Quartieren.

Weider Detailer zu de Spillplaze kritt Dir op spillplazen.vdl.lu.

Opmaacherbild: © Annie Spratt / unsplash

Next post Previous post