Search

You may also like

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement
Kultur Neiegkeeten Sport

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement

Eréischt 2 Joer ass et hir, datt den New Horizons

Derek Chauvin: „Schëlleg am Sënn vun der Uklo“
Kultur Neiegkeeten Sport

Derek Chauvin: „Schëlleg am Sënn vun der Uklo“

D‘Geriicht befënnt den Ugekloten Derek Chauvin an allen dräi Uklopunkte

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet
Kultur Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg um Wee a Richtung Steiergerechtegkeet

Méi Gerechtegkeet bei der Lounsteier, ass d‘Fuerderung déi d‘Zivilgesellschaft, d‘Gewerkschaften

Vum Sportsterrain an d’Wäiriewen

Vum Sportsterrain an d’Wäiriewen

Heiansdo sinn e puer Wandlunge méi erstaunlech, wéi anerer. De Beweis dofir sinn dës Athleten, déi och eng Karriär am Beräich vum Wäi gemaach hunn.

Ah d’Land, säi Land, seng Aromen … a säi Wäin! Vill Athleten hunn sech no hirer sportlecher Karriär fir dëse Wee entscheet. Egal ob als Bedreiwer oder Wënzer, als Bar-Besëtzer, oder Wäinhändler, fréier Sportler maachen hier Erfarunge mam Wäin an zécken net vum Sportterrain op de berühmten Terroir ze plënneren. Dobäi ass et och egal ob se fréier Rugbyspiller, Fussballspiller oder Tennisspiller waren.

Déi ehemoleg Fussballer Johan Micoud a Mathieu Chalmé hu sech d’Bordeaux Regioun, déi si schonn virdrun duerch hier sportlech Qualitéite kannt hunn, erausgesicht fir sech ënnert de Bordeaux-Fans en Numm ze maachen. Mat hirem éischtklassege Cuvée – engem 2008 gestempelte Château La Connivence – maachen si sech ënner Wäifans a Frankräich een Numm.

Sport a Wäin

Och fréier Formel 1-Pilote ginn net ausgelooss, sou wéi beispillsweis de Jean Alesi, deen zënter dräizéng Joer um héchsten Niveau vun der Welt present ass a mat 32 Podiumsplazen iwwerzeege konnt. Dobäi kënnt eng Victoire 1995 beim Grand Prix vu Kanada.

Am selwechte Joer huet de Jean Alesi am Wéngert ugefaangen. Hien ass Besëtzer vun enger Domaine zu Villeneuve-les-Avignon ginn. Do huet hien een vu Fachleit unerkannte Côtes-du-Rhône produzéiert.

Sport a Wäin

Vu franséischen Athlete geschätzt

De Wäin ass eng Traditioun, déi wäit zeréck reecht. Och de Jean Tigana huet sech mat senge Wéngerten zu Cassis een Numm gemaach. De Bixente Lizarazu huet sech am renomméierte Saint-Emilion etabléiert, wärend de verstuerwene Rugbyspiller Christophe Dominici am Besëtz vun enger Immobilie zu Hérault war. D’Tennisspiller Arnaud Clément a Michael Lodra hu keng Immobilie kaaft, awer d’Bourgogne an Dijon gewielt fir hir Wäibar – den Dr Wine – opzemaachen.

D’Leidenschaft fir Wäin ass elo op där anerer Säit vum Atlantik ukomm. Vill NBA-Spiller weisen hir Passioun fir de gëttlechen Nektar. Den Dwyane Wade, elo pensionéiert, huet 2015 säin eegene Label D Wade Cellars gestart, dee mat engem Wënzer aus dem Napa Valley, der Héichbuerg an der Produktioun vun de beschten amerikanesche Wäiner, verbonnen ass. De Stephen Curry gëtt mat senger Domaine Curry net ausgelooss.

Zesumme mat mental.lu

Related topics Arnaud Clément, Athleten, Bixente Lizarazu, Bordeaux, Cassis, Château La Connivence, Christophe Dominici, Côtes du Rhône, Dr Wine, Dwyane Wade, Jean Alesi, Jean Tigana, Johan Micoud, Mathieu CHalmé, Michael Lodra, Napa Valley, Produzent, Sportler, Wäinhändler, Wënzer
Next post Previous post