Search

You may also like

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen
Neiegkeeten Sport

Wie gäre Prost sollt den Auto stoe loossen

Et ass jo net esou datt d‘Leit net Bescheed wéissten,

Night, Light & More: LiichtKlangConcert un dësem Freideg!
Neiegkeeten Sport

Night, Light & More: LiichtKlangConcert un dësem Freideg!

Eng ergräifend Mëschung aus Luucht a Musek gëtt e Freideg,

Groussbritannien: Tories entscheeden haut iwwer May-Nofolleg
Neiegkeeten Sport

Groussbritannien: Tories entscheeden haut iwwer May-Nofolleg

Wien elo de Parteivirsëtz vun de britesche Konservativen (Tories) iwwerhëlt,

Och de Sportsministère mellt sech zu Wuert

Och de Sportsministère mellt sech zu Wuert

Nodeems den Educatiounsminister Claude Meisch gëschter Homeschooling bis no der Fuesvakanz ugekënnegt huet, well och de Sportsministère sech dozou äusseren, ob a wéi ee Sport erlaabt ass.

Generell gëllt, dass Sport am Sall oder dobaussen méiglech bleift, an dat och ouni Distanz a Mask. D’Viraussetzung ass, dass een d’Aktivitéit eleng oder maximal zu 2 ausüübt. Sou fern et d’Gréisst vum Terrain erlaabt, dass d’Sportler hir 2 Meter Distanz hale kënnen, dierf e Maximum vun 10 Persoune gläichzäiteg eng Sportaart ausüben.

Zu all Ament soll sech un d’Gesetz gehale ginn. Do sinn och d’Ausnamen néiergeschriwwen.

No der Decisioun vum Educatiounsministère a mat Récksprooch mat der Gesondheetsdirektioun biet de Sportsministère all Sportsclibb an Veräiner, déi jonke Mënschen eng Aktivitéit ubidden, e Sport erauszesichen, deen och dobausse ka praktizéiert ginn, respektiv d’Aktivitéiten op Baussen ze verleeën wann et méiglech ass.

Déi aktuell sanitär Moossname mussen dobäi permanent respektéiert ginn.

An dësem Kader hieft de Ministère ervir, dass d’Schwämmen net vun neien Upassungen betraff sinn. D’Virgabe vu maximal 6 Schwëmmer pro Couloir vu 50 Meter, respektiv 3 Sportler op 25 Meter bleift bestoen.

Op d’Notzung vun de Vestiaire an den dozou gehéieregen Dusche soll allerdéngs verzicht ginn. D’Moossname gëlle bis den 21. Februar 2021.

Related topics Aktivitéiten, Couloir, Jugend, Piscine, Restriktiounen, Schwämm, Sport, Terrain, Vestiaire
Next post Previous post