Sportler vum Joer 2021: Gratulatioun un d’Gewënner!

Zënter 1954 gëtt d’Auszeechnung „Lëtzebuerger Sportler vum Joer“ vum Lëtzebuerger Sportpresseverband sportspress.lu iwwerreecht. Bei der dësjäreger Zeremonie, déi de 5. Dezember am Casino 2000 zu Munneref stattfonnt huet, waren et d’Cyclistin Christine Majerus an de Liichtathlet Charel Grethen déi ganz uewen um Podium stoen duerften.

Wärend d’Christine Majerus scho fir 7. Kéier zur Sportlerin vum Joer ernannt gouf, sollt et fir de Charles Grethen eng besonnesch Première sinn. An dësem Kader duerft de Luc Holtz d’Auszeechnung vum Beschten Trainer am Fussball akasséieren, wärend d’Nationalekipp am selwechte Ballsport zur Beschter Mannschaft ernannt gouf.

Sportler vum Joer
sportpress.lu / apart TV

Fir ACL Sport geet e besonnescht Luef un den Dylan Pereira eraus. De 24 järege Pilot steet op der drëtter Plaz als Sportler vum Joer, an dat ass am Beräich vum Rennsport guer net emol esou üblech. Ënnert anerem konnt hie fantastesch Leeschtunge bei der WEC, dem Porsche Mobil 1 Supercup an den ADAC GT Masters ofliwweren.

Sportler vum Joer

Tatsächlech muss een an d’Joer 1976 zeréckgoen, fir en Automobilsportler am Ranking vum Sportler vum Joer ze fannen. Deemools war et den Nico Demuth, deen ënnert den 3 Beschten am Classement ze fanne war. Just den Nicolas Koob huet et 1970 gepackt, duerch seng Leeschtungen am Rallye als Motosportler déi éischt Plaz ze wannen.

Dernières nouvelles